Search

You may also like

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September
Neiegkeeten

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng

EU-Kommissiounspresident nees um Dill
Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident nees um Dill

E Freideg huet d‘Spriecherin vum europäeschen Exekutiv, Annika Breithardt, gutt

Schutzmaske fir Jiddereen!
Neiegkeeten

Schutzmaske fir Jiddereen!

Vill Länner hunn an der Tëschenzäit d‘Schutzmaskeflicht agefouert als Moossnam

Déi 7. Editioun vum Präis fir aflossräich Fraen

Déi 7. Editioun vum Präis fir aflossräich Fraen

D’Grouss Herzogin Maria Teresa, déi d’Grënnungspresidentin vun der Associatioun Stand Speak Rise Up! ass, war d’Presidentin beim Jury vun der 7. Editioun vum Woman of Influence Prize sinn. Duerch dës Auszeechnung gi Frae belount, déi sech wärend der COVID-19 Kris iwwertraff hunn a Virbild waren.

An der Zäit vum Confinement huet d’Grouss Herzogin Kranker, Betreier a Leit, déi d’Krankheet iwwerlieft hunn, duerch Ënnerstëtzungscampagnë begleet. Si huet et och méiglech gemaach Noutprojeten a Gesondheetshëllef fir Iwwerliewender vu Krichsgewalt ze finanzéieren, eng Ursaach fir déi e scho vill Jore gekämpft huet.

Beim éischte Jury-Dinner, sinn déi Nominéierter 2020 gewielt ginn. Am Jury souzen ënnert anerem d’Julie Gayet, den Dr Philippe Juvin, d’Ilham Kadri, de Yannick Alleno, d’Laurence des Cars, d’Stéphane Sejourné, d’Mercedes Erra an d’Sarah Ourahmoune.

Fir dëst ganzt speziellt Joer wäert de Woman of Influence Prize Fraen auszeechnen, déi sech am Kampf géint COVID-19 duerch Solidaritéit a couragéiert Engagementer an all de Kategorië vun aneren ënnerscheet hunn – politesch, wirtschaftlech, kulturell, an et gëtt e natierlech och e “Coup de cœur”!

Opmaacherbild: © Julie Biancardini / Stand Speak Rise Up! (Facebook)

Related topics afflosräich Fraen, Associatioun, Auszeechnung, Courage, Covid-19, Engagement, Grande-Duchesse Maria Teresa, Groussherzogin, Pandemie, Solidaritéit, Stand Speak Rise Up, Woman of Influence Prize
Next post Previous post