Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech mat Diddeleng aus?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Diddeleng aus?

  Diddeleng ass eng vun eise gréisste Stied. An et

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer
International Neiegkeeten

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer

D’ADEM huet elo Zuelen zum Chômage an den Aarbechtssichende verëffentlecht,

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

290 Milliarde fir iwwer 70 Joer al Krichsschied

D‘Griiche wëlle vun den Däitschen Entschiedegung fir Verbriechen aus dem zweete Weltkrich

290 Milliarde fir iwwer 70 Joer al Krichsschied

E Mëttwoch huet d‘Parlament zu Athen beschloss, vu Berlin 290 Milliarden Euro ze reklaméiere fir Schied a Verbriechen déi viru gutt 70 Joer geschitt sinn. En entspriechend Dokument, dat vum Parlamentspresident Nikolaos „Nikos“ Voutsis ausgeschafft ginn ass, huet seng Majoritéit fonnt.

Mat dësem gestëmmten Text, huet d‘Regierung elo den Optrag, déi entspriechend rechtlech an diplomatesch Schrëtt an d‘Wee ze leeden. Wéi et heescht soll an engem éischte Schratt emol eng sougenannt „Verbal Note“ u Berlin geriicht ginn. Am Kontext vun der Aussproch am Parlament, huet de Ministerpresident Alexis Tsipras un déi historesch a moralesch Flicht erënnert.

Wéi et iwwermëttelt gouf, soll de griichesche Staatschef erkläert hunn, datt ee mat dëser Mesure (esou Fuerderunge säitens Griicheland sinn net wierklech nei) bis déi international „Programmer“ beendegt sinn, mat deenen dat südeuropäescht Land aus der „Kris“ sollt gefouert ginn.

Eescht gemengte Fuerderung oder politesche Schachzuch?

„Elo ass de richtegen Zäitpunkt komm. Mir hunn elo déi grouss Chance dëst Kapitel fir béid Vëlker ofzeschléissen“, esou den Alexis Tsipras. Hie wënscht sech, datt d‘Gespréicher an dëser Kausa op Aenhéicht an am géigesäitege Respekt gefouert ginn. Dat dierft awer net ganz esou einfach ginn.

Virum Vott, mat deem d‘Fuerderunge géintiwwer Däitschland bestätegt gi sinn, war stonnelaang iwwert d‘Héicht vun der Entschiedegung „debattéiert“ ginn. Fir d‘Argumentatioun ze stëtzen, si Berichter vun Aenzeie verlies ginn. Et goufen al Wonnen opgerappt wéi erzielt gouf, wéi d‘Nazie griichesch Dierfer iwwerfall haten an d‘Awunner – esou wéi duergestallt – ermuerkst hunn.

Interessant den Dissens tëscht de griichesche Populisten a Faschisten. D‘Rietspopulisten (Anexartiti Ellines) sinn iwwerzeegt, datt de Ministerpresident dës Fuerderung eenzeg an eleng aus politesche Grënn opgestallt huet. Richteg: am Hiecht stinn a Griicheland Parlamentswahlen un…

Dofir geet déi vum Parlament beschloss Entschiedegungsfuerderung an Héicht vun 290 Milliarden Euro, de Faschisten (Chrysi Avgi) net wäit genuch. Hire „Führer“ Nikolaos Michaloliakos, dee fir gewéinlech a sengem éisträichesche Virbild „e gutt Beispill“ erkennt, ass iwwerzeegt, datt hei net genuch gefuerdert gëtt. Géif et de griicheschen Neonazien nogoen, géif vu 400 Milliarde geschwat.

Berlin huet scho ganz aner Fuerderungen zréckgewisen

Vun der Oppositioun – déi grondsätzlech net ofgeneigt wier de Staatshaushalt ze sanéieren – gëtt bemierkt, datt de Sujet schonn e puer Mol virgeleeën huet, ouni datt een och nëmmen e Schratt virukomm wier. Den Zentrist Vasili Leventis (Enosi Kendroon) erënnert drun, datt fir Berlin de Sujet erleedegt ass. Si hätte sengerzäit d‘Affer ausbezuelt an domatter hir „Schold“ beglach.

160 Millioune D-Mark ware sengerzäit gefloss. E Montant dee wuel net emol am Usaz kann als Entschiedegung bezeechent ginn, mee et war en Deal, deen am Zesummenhang mat der däitscher Wiedervereinegung steet. Ob dësen „Handel“ juristesch ufechtbar ass, dat muss sech nach erginn.

Fir Berlin jiddefalls ass kloer, datt et net wäert zu weideren Entschiedegunge kommen, am Kontext vu Reparature fir Krichsschied. D‘Bundesregierung weist an dësem Zesummenhang drop hin, datt mam „Zwee-Plus-Véier-Accord“ (1990) alles juristesch a politesch ofschléissend gekläert ginn ass. Zu weideren Entschiedegunge säitens der Bundesrepublik, kann et faktesch net méi kommen.

mat indymedia/ath/ber

Foto: Däitsch Offizéier op der Akropolis zu Athen am May 1941. De Mann mam „Bengel“ am Grapp ass de Feldmarschall Walter von Brauchitsch, deen dem Hitler seng Balkan-Campagne superviséiert huet. (Bundesarchiv – Public domain)

Ähnlech Sujeten Alexis Tsipras, Berlin, Entschiedegung, Griicheland, Krichsschied, Nazi-Däitschland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel