Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

30 Joer ländlech Entwécklung: Esou geet Koler mat guddem Beispill vir!
https://moien.lu/dating-billingham/ Neiegkeeten i'm dead wanna hook up traduzione

we dating too

Ganzer 30 Joer gëtt zu Lëtzebuerg un der ländlecher Entwécklung

esea cs go matchmaking
https://moien.lu/dating-billingham/ Neiegkeeten i'm dead wanna hook up traduzione

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl

An der Nuecht op e Mëttwoch, huet de polnesche Senat

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
https://moien.lu/dating-billingham/ Neiegkeeten i'm dead wanna hook up traduzione

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

70 Joer Genfer Konventiounen

Si soll dat mënschlecht Leed an de Kricher agrenzen

70 Joer Genfer Konventiounen

Datt d‘Genfer Konventioun 1949 zustane komm ass, huet säin Ursprong an der Lombardei. Hei hat 1859 d‘Schluecht vu Solferino stattfonnt. Si gëllt ënnert den Historiker als eng vun de bluddegste Schluechten an der Mënschheetsgeschicht. Et war zugläich och d‘Gebuert vum Roude Kräiz

Zu Solferino goufen – esou d‘Geschicht – 40.000 Mënsche regelrecht „geschluecht“ a réckbléckend huet dës bestialesch Schluecht awer zu besserem bäigedroen: et war d‘Gebuertsstonn vum Roude Kräiz. De Grënner vum haidege „Konzern“, de Genfer Geschäftsmann Henri Dunant, war Zeie vun dësem Gemetzel an säi Buch „Un Souvenir de Solferino“ gouf e „Bestseller“ mee net nëmmen.

Genfer Konventioun

Esou huet et sech erginn, datt 1864 eng éischt diplomatesch Konferenz stattfonnt huet, an där déi éischt Genfer Konventioun beschloss gouf. Zanterhier gouf vill u Prinzipie gedoktert a gemaach, bis dann 1949, mam Usproch och am Krich esou eppes wéi e Minimum u Mënschlechkeet ze erhalen, déi Genfer Konventiounen allgemeng unerkannt an ënnerzeechent konnte ginn. E laange Wee…

Mat de Konventiounen, déi unhand den Andréck vun de Gräisslechkeeten am 2. Weltkrich konnten definéiert ginn, gouf et endlech Regelen déi an de bewaffente Konflikter (sollen) agehale ginn. Haut gëtt engem, dank Jemen, Syrien oder Libyen nees verdäitlecht, wéi wichteg dëst Regelwierk ass, a firwat ëmmer nees a laangwierege Konferenzen, dat humanitäert Mënscherecht ausgebaut gëtt.

Strofe verhënnere kee Leed

De President vum internationale Roude Kräiz (IKRK) Peter Maurer betount mat Bléck op déi uewe genannte Konflikter – an deene Folter, Ugrëff op Spidäler an/oder Zivilisten den Alldag duerstellen – datt et ouni déi Genfer Konventiounen nach schlëmmer géif ausgesinn, wéi dat bis dato de Fall ass.

Ob een dat elo e begréisse kann oder éischter der Usiicht ass d‘Konventioune géife kee Verbrieche verhënneren, geséchert ass d‘Erkenntnis, datt et ouni esou Regelen och keng Mënscherechter méi bréicht. Schliisslech sinn déi hei genannte Genfer Konventiounen d‘Grondlag vun der Diplomatie an der Strofverfolgung vu Krichsverbriechen, och wann d‘Bedeitung dovunner eppes verblatzt ass.

Genfer Konventioun

Schonn 1906 huet et éischt Amendementer bei der Genfer Konventioun ginn. Bis dohinner war et awer nach kee Regelwierk, datt vun de Länner allgemeng als Grondlag unerkannt ginn ass. Et huet nach emol 46 Joer gebraucht, bis d‘Vëlkergemeinschaft d‘Regelen akzeptéiert an ugewannt hunn. © IKRK

Et dierf een och net iwwersinn, datt sech zanter dem 2. Weltkrich d‘Konflikter staark verännert hunn. Krich géint den Terror, Krich am Cyberraum an d‘Virbereedung op bewaffent Konflikter am Weltraum… D‘Zäite vun den Ausenanersetzung an de Schützegriewer, de grousse Séi- an/oder Panzerschluechte sinn eriwwer. Zumindest d‘Staaten setze verstäerkt op moderniséiert Systemer.

An dat erkläert nees, firwat d‘Genfer Konventioune kontinuéierlech musse weider entwéckelt ginn. Eng vun de jéngsten Entwécklungen ass den „Tech Accord“ deen 2017 am Kontext vun der Cyber-Sécherheet an d‘Liewe geruff ginn ass. Et ass déi éischt „Digital“ Konventioun, a si ass vun iwwer 30 Tech-Konzerner ënnerzeechent ginn. Eng Upassung muss awer och op aner Niveaue kommen.

Och Konventioune fir d‘Ëmwelt?

Wann ee sech a Rou ukuckt wien alles op der Welt mam Säbel rabbelt, wou sech nei Konflikter ofzeechnen a wéi wéineg Bereetschaft et gëtt op Ofrëschtung ze setzen, da kann engem an de Sënn kommen, datt sech de Charakter vun der bewaffenten Ausenanersetzunge weider wäert veränneren. Och dofir mussen d‘Konventioune bestänneg nei ausgeriicht an ugepasst ginn.

Genfer Konventioun

Hei déi Schwäizer Delegatioun, wéi si den finalen Akt vun der diplomatescher Konferenz zur Revisioun vun de Genfer Konventiounen ënnerschriwwen hunn. (12. August 1949). © J. Cadoux / IKRK

An der Tëschenzäit, gëtt et vu ville Säiten d‘Fuerderung, datt an de Konflikter keng Ökosystemer dierfen zerstéiert ginn. Dat ass mat Sécherheet ee ganz sënnvolle Gedanken, am Kontext vum Schutz vun de Mënschen, deenen hiert Iwwerliewe jo och op enger intakter Ëmwelt berout. Wéi awer esou eppes ëmgesat kéint ginn? Wie säi Géigner ëmbrénge wëll, deen huet aner Prioritéiten.

Zudeem gehéiert d‘Zerstéierung vu landwirtschaftleche Produktiounsstanduerter, verpeschte vum Waasser an aner ähnleche Sauereie längst zur strategescher Panoplie vun de Krichsparteien. Woubäi et am Fall vun „Verletzung vun den Ëmweltvirschrëften“ duerchaus méiglech ass, eng Uklo wéinst Krichsverbriechen anzebréngen. Net ze vergiessen, datt och d‘USA net wierklech dru „festhalen“.

mat indymedia/gva

Foto: © IKRK

Ähnlech Sujeten Genfer Konventioun, Henri Dunant, IKRK
Nächsten Artikel Virrechten Artikel