Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären
Kultur Neiegkeeten

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären

De Schlecky Silberstein huet seng steil These gären, dat muss

Kultur Neiegkeeten

Galerie: Steeseler Youngtimer an Oldtimer Dag

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?
Kultur Neiegkeeten

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll

70 Joer Gënzefest zu Wolz

70 Joer Gënzefest zu Wolz

Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum 70 Jubiläum vum traditionelle Gënzefest hat sech e groussen Deel vun de Lëtzebuerger Populatioun nees bei beschtem Wieder zu Wolz Rendez-vous ginn.

Wéi all Joers gëtt et déi wou d‘Gënzefest fir d‘éischt Entdecken, an déi wou eigentlech schonn „ëmmer“ kommen. Mee och Vertrieder vu Politik a Wirtschaft kommen och gären op dëst wierklech gutt animéiert Volleksfest mat sengem faarwefroue Cortège.

Gënzefest

De Sozialversécherungsminister Romain Schneider an de Vizepremier, Etienne Schneider um Gënzefest. © Martine de Lagardère/moien.lu

Net gefeelt huet dann och de Romain Schneider (LSAP), Sozialversécherungsminister. De gebiertege Wolzer, den och nach 10 Joer laang Buergermeeschter vun dëser geschichtsträchteger Stad war, ass dann och dat normaalst vun der Welt um Gënzefest derbäi ze sinn.

An hien huet dann och drop higewisen, datt d‘Gënzefest och a gewësser Aart a Weis d‘Fest vun de Benevollen ass. Eng Ausso déi esou vum Ali Frisch, President vun der Entente vun de Veräiner, voll a ganz gedeelt huet.

E bësse Geschicht

Et war de Fotograf Tony Mander deen 1948 d‘Iddi hat d‘Gënzefest an d‘Liewen ze ruffen, an schonn 1949 huet et den éischte „Gënze-Corso“ ginn. A vun do un war et dach och de Syndikat deen sech ëm d‘Organisatioun vum Gënzefest gekëmmert huet.

An datt et sech dann esou erfollegräich entwéckelt huet, dat dierf een dem deemolege Syndikat-President Eugène Weber gutthalen. Vun Ufank un hunn d‘Veräiner, esou gutt wéi et ebe gaangen ass, matgemaach. An datt waren der och deemools schonn net grad wéineg.

Gënzefest

En Ëmzuch ouni Majoretten, ass wéi en Dag ouni Sonn. © Martine de Lagardère/moien.lu

1951 ass dann den éischten „Teller“ also eigentlech en Deel vum Gënz-Service virgestallt ginn. Als Motiv hat ee sech hei de Conzemiustuerm erausgesicht, a bis 1961 ass esou ee ganzen Iess-Service entstanen. Et war iwwregens de Munnerefer Artist, Lé Tanson, deen déi eenzel Stécker entworf hat.

D‘Gënzefest huet och seng Kinnigin, an déi éischt war Marie-Jeanne Winkin, déi mat hiren Éierendammen dem Fest de leschten Touch ginn hunn. Bis haut huet sech och dat gehalen, an et dierf ee soen, datt déi jonk Damme vun haut sech mat vill Freed bedeelegen.

Foto: Duerch de Gënz geluusst. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Gënzefest, Romain Schneider, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel