Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger
International Neiegkeeten

Miss & Mister Luxembourg 2020: Den Titel droen d’Émilie Boland an de Max Bidinger

Ënnert 250 Kandidate konnten sech déi schéinst a bescht 17

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland
International Neiegkeeten

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Och am Juli kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold

29 Ausseminister verspriechen déi gefuerdert 2%-Reegel anzehalen

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold

Et ass jo net well engem no Feieren ass, datt ee sech och muss verdroen. Eenegkeet brauch et souwisou ëmmer nëmmen da wann d‘Kamerae vun der Welt op ee geriicht sinn. An esou war natierlech déi vum US-President opgestallten 2%-Reegel och um Jubiläum en zentraalt Thema.

D‘Ausseminister, déi sech zum 70. Gebuertsdag vun der „nordatlantescher Militärallianz“ (NATO) zu Washington getraff hunn, sinn droleg Gesellen. Beim Aussenhandel gi se sech net mam Donald Trump eens, an och op der UNO setzen si sech ganz oft fir de „Fridden“ an. Gëschter hunn sech déi selwecht Pharisäer an enger gemeinsamer Ofschlosserklärung zu Mord an Doudschlag bekannt.

Esouguer Däitschland (déi d‘Ziler zwar net erreeche kann) huet sech mat deenen „aneren“ zu deenen och Lëtzebuerg gehéiert, drop gëeenegt méi an d‘Oprëschtung ze investéieren. Dat bedeit dat dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg seng Campagne erfollegräich war. An dat liest sech esou: „Mir hu wiesentlech Fortschrëtter erziilt, mee mir kennen a wäerte méi maachen“.

Mee et ass jo net eleng Däitschland dat d‘Ziler vum Donald Trump net erfëlle kann, och aner Memberen hunn domatter ze kämpfen. Mee de Milliardär huet sech säi Feindbild gemoolt an gëtt d‘Bild elo net méi hir. Datt hei eng Gaspipeline kéint eng Roll spillen, dierf net gesot ginn, mee datt déi Däitsch Arméi „materiell“ den Ament eppes mannerbemëttelt ass, doriwwer dierf bericht ginn.

Erënnere mir dann an dësem Kontext och nach emol drun, datt et den US-Vizepresident ass, deen den Drock op Berlin héich hält. Dat mat Aussoen, déi vum Argument hir schlësseg sinn. „D‘Sécherheet vum Weste kann net garantéiert ginn, wa sech Alliéiert vum Feind ofhängeg maachen. Dir maacht déi däitsch Wirtschaft zum Gefaangene vu Russland“, esou de Mike Pence.

Fir hien ass einfach net tolerabel, datt déi gréisst europäesch Vollekswirtschaft d‘Bedreeung duerch Russland ignoréiert. Woubäi hien eventuell ënnerschléit, datt Länner déi gutt Handelsbezéiungen hunn, net oniwwerluecht géintenaner krich féieren. D‘Amerikaner handhaben dat anescht: hiert Geschäftsmodell berout op enger staarker an aflossräicher Militärindustrie, net op „Bezéiungen“.

Dat erkläert dann och, datt obwuel de NATO-Member Tierkei am Bezuch op déi 2%-Reegel scho bal e „Streber“ an der Klass ass, de Milliardär onzefridden ass. Ankara huet nämlech net den USA hiert Rakéitenofwiersystem kaf, mee de Russen hiren S-400. Dofir soll d‘Tierkei och net méi dierfen de Kampfjet F-35 kafen. Wéi gesot, Business ass den USA méi wichteg wéi Bezéiungen.

Woubäi natierlech och de Positionnement vu Washington am Syrien-Konflikt an déi besonnesch Roll vun de Kurden hei matspillt. An d‘Tierke sinn en houfregt Vollek, erkennen an den USA keng Iwwermuecht, firwat de Vizepresident Fuat Oktay op Twitter „wëllt dir en Alliéierte vun der Tierkei bleiwen, oder d‘Frëndschaft zu Gonschten enger Allianz mat Terroristen afferen?“ gefrot huet.

Mee och EU huet hir Suerge mat der Tierkei, a mat den USA. Do elo éischter wirtschaftlech, wëll den Donald Trump net nëmmen der Usiicht ass, dat hie ganz eleng d‘NATO finanzéiert, mee d‘EU d‘Amerikaner handelstechnesch iwwert den Dësch zitt, an doriwwer eraus och nach decidéiert ass, gutt Bezéiungen zum Iran, Äerzfeind vum gréissten US-Client Saudiarabien, ze ënnerhalen.

Et hätt mat Sécherheet och vill Agreabeles no 7 Joerzéngte Militärallianz ze beriichte ginn, mee den US-President a säi Vize war siichtlech beméit keng Freed opkommen ze loossen. Et sinn dann och net 2% vum BIP déi d‘NATO brauch fir respektéiert ze ginn. D‘NATO brauch Memberen déi sech fir dat asetze woufir d‘Allianz gegrënnt gouf: d‘Erhale vum Fridden an Europa. Dat ass awer passé.

mat indymedia/was/nyc

Foto: © NATO

Ähnlech Sujeten 2%-Reegel, Jens Stoltenberg, Jubiläum, NATO, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel