Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA
International Neiegkeeten

Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA

Et si schwiereg Zäite fir den US-Handelsbeoptraagte Robert Lighthizer. Bei

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
International Neiegkeeten

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur
International Neiegkeeten

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur

Et geschéien nach Zeeche a Wonner: no 18 Méint Verhandlunge

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington

70 Joer NATO: de Jean Asselborn zu Washington

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass dës Woch op Washington gereest, fir un der Reunioun vun den Ausseminister vun der NATO um 3. a 4. Abrëll deelzehuelen.

Um vergaangene Mëttwoch ass et fir de Jean Asselborn op den nationale Kierfecht vun Arlington gaangen, fir hei zesumme mat sengem belschen Homolog, dem Didier Reynders, virum Krichsdenkmal néierzeleeën an sou den am Zweete Weltkrich gefallenen amerikaneschen Zaldoten hir Wierdegung ze erweisen. Dëst Joer am Dezember gëtt iwwregens un de 75. Gebuertsdag vun dësem Ereegnis geduecht.

nato

Jean Asselborn, Ausseministe, um Kierfecht zu Arlington © MAEE

Een Dag méi spéit huet d’Reunioun vun den Ausseministere vun der NATO stattfonnt. Zesumme mam Generalsekretär vun der NATO, dem Jens Stoltenberg, ass de 70. Gebuertsdag vun der Allianz gefeiert ginn. Heibäi gehéiert Lëtzebuerg mat zu den 12. Grënnungslänner.

An engem éischte Schrëtt ass d’Bezéiung zu Russland opgegraff ginn. An dësem Kader ginn et nämlech zwee Aspekter, déi d’Allianz beonrouegen: d’Situatioun nom Verstouss vum INF-Vertrag vu Russland, wouduerch d’USA elo annoncéiert hunn sech vum Vertrag zeréck ze zéien, sou wéi d’Situatioun an der Ukrain an am Schwaarze Mier, fënnef Joer no der illegaler Annexioun vun der Krim an déi neiste Virfäll an der Mierengt vu Kertch.

Dobäi huet de Minister Asselborn d’Wichtegkeet ënnerstrach, net nozeginn an d’Onofhängegkeet, d’Souveränitéit an déi territorial Integritéit vun der Ukrain ze sécheren, a sengen international unerkannte Grenzen. Donieft sollt och een zweeten Accord vu Minsk ëmgesat ginn.

An engems ass och d’Ënnerstëtzung fir d’Partner um Schwaarze Mier, aus der Ukrain an aus Georgië widderholl ginn an datt weider Moossnamen ergraff ginn fir esou ee kooperative Sécherheetskader ze schafen. An dësem Kontext huet de Minister Asselborn Georgien eng Kontributioun vun 100.000 € versprach, fir esou ee gesécherte Kommunikatiounssystem opzebauen. Weider 100.000 € ginn un d’Ukrain fir ee Projet, deen sech un d’Journaliste went, fir esou géint déi gemëschte Bedreeungen ze kämpfen. Vum Grand-Duché kritt d’Ukrain da weider 200.000 € fir säin nuklearen Dekontaminatiounsprojet, wouru Lëtzebuerg sech och schonn an der Vergaangenheet bedeelegt huet.

Wat d’Violatioun vum INF-Vertrag betrëfft huet de Jean Asselborn den USA seng Ënnerstëtzung ausgedréckt. Esou soll den Dialog mat Russland nach bis den 2. August viru goen.

nato

(v.l.n.r.) Didier Reynders, belschen Ausseminister; Jean Asselborn, Ausseminister; Stef Blok, hollänneschen Ausseminister © MAEE

NATO-Sëtzung: Déi Zweet

Déi zweet Aarbechtssëtzung huet sech dem Terrorismus zougewend, sou wéi den neie Froen zur strategescher Sécherheet. D’Ministeren hu sech dobäi op d’Situatioun am Mëttleren Osten an, an Nordafrika bezunn, wéi och op d’Auswierkunge vum Friddensprozess am Afghanistan zum zukünftegen Engagement vun der NATO an dëse Länner. Esou konnten an engems d’Aktioune vun der NATO am Kampf géint den Terrorismus, duerch verschidden Operatiounen an Aktivitéiten zur Verstäerkung vun den Ofwierkapassiéite vun de Partnerlänner, méi genau ënnert d’Lupp geholl ginn.

„Fir géint den Terrorismus unzekämpfen ass et wichteg d’Kapassitéite vun eise Partner ze verstäerken, virun allem déi vum Mëttleren Osten an Nordafrika, déi de selwechten Erausfuerderungen ausgesat si, wéi mir“, sou de Minister Asselborn.

Mam Bléck op Afghanistan huet de Lëtzebuerger Chef vun der Diplomatie op seng Visitt virun engem Mount higewisen bei der hien d’Wichtegkeet vun engem Friddensaccord ervirgehuewen an déi afghanesch Regierung bei de Fuerderungen aktiv mat abezunn huet. Heibäi muss een alles Méigleches maachen, fir datt och d’Fraen am Afghanistan an de Prozess vum Fridde mat agegliddert ginn, sou datt hir Rechter an déi vun de Kanner garantéiert kënne ginn.

Wann et ëm d’Sécherheet vun der NATO geet, esou muss ee laut dem Minister och China beobachten. Op kee Fall soll hei den Dialog tëscht der NATO a China decouragéiert ginn, wëll esou d’Intentioune vun hinne besser evaluéiert kënne ginn, sou wéi d’Kooperatiounsméiglechkeeten.

Opmaacherbild: © NATO

Ähnlech Sujeten Arlington, China, Didier Reynder, Jean Asselborn, Jens Stoltenberg, NATO, Russland, Stef Blok
Nächsten Artikel Virrechten Artikel