Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘CGFP geet géint onerdréiglech Praktike vir
https://moien.lu/sugar-mummies-dating-sites-in-usa/ online dating for walkers

law of attraction dating tips

Revoltéiert, vermeintlech onbequem Personalvertrieder, déi op der Aarbechtsplaz zu Recht

https://moien.lu/married-but-not-dating/
https://moien.lu/sugar-mummies-dating-sites-in-usa/ online dating for walkers

DiggiPack: Den LCGB fuerdert eng human Digitaliséierung

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, huet den LCGB

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!
https://moien.lu/sugar-mummies-dating-sites-in-usa/ online dating for walkers

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sief et Tennis, Fussball oder Tour de France: Sport interesséiert

70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!

70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
© Martine de Lagardère
70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
© Martine de Lagardère
70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
© Martine de Lagardère
70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
© Martine de Lagardère
70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
© Martine de Lagardère

Zum 70 Gebuertsdag vun der NATO huet d’Friddens a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg de Mëtteg op d’Place d’Armes invitéiert, fir esou op eng eegen Aart a Weis ze feieren. Mat Schampes, Kuch a Kritik huet een esou gemeinsam an der Stad d’Evenement zelebréiert.

Um 4. Abrëll 1949 ass d’NATO wärend dem Kale Krich gegrënnt ginn, fir esou d’Sécherheet am westlechen Europa ze garantéieren. Donieft goufen och eng Rei international Gesetzer agefouert, wéi beispillsweis den Artikel 1 vun der Deklaratioun, déi beseet: […] all Partien engagéiere sech, wéi festgehalen an der Charta vun de Vereenten Natiounen, fir all international Sträitpunkten ze reegelen“ an dat wa méiglech a pazifistescher Manéier, sou datt de Fridden, d’Sécherheet an d’Gerechtegkeet net a Gefor gesat ginn.

Mam Vertrag vu Warschau huet déi strategesch Orientatioun vun der NATO sech virun entwéckelt. Beim Konflikt am Kosovo 1999 huet d’NATO fir eng éischt Kéier agegraff, an dat ouni Mnadat vum Sécherheetsrot vun der UNO, ausserhalb vum eegenen Territorium an ouni, datt ee Member ugegraff ginn ass. Dës oppe Violatioun vum internationale Gesetz huet dozou gefouert, datt schnell strategesch Ännerungen gefrot waren.

Mëttlerweil huet d’NATO d’Méiglechkeet an der ganzer Welt militäresch anzegräifen, soubal déi strategesch oder ekonomesch Interesse vun de Memberen a Gefor sinn.

Mat der Invasioun am Irak am Joer 2003 gëtt allerdéngs ëmmer méi kloer, datt d’Muechtinteressen vun den USA dominéieren. Esou beschreift ee Spezialist, wéi den Noam Chomsky d’Allianz als Gebonnenheet vun de Memberstaaten. Den US-amerikanesche President Donald Trump fuerdert zudeem, datt déi militäresch Ausgabe bis op 2% vum BIP eropgesat ginn. Fir de Grand-Duché bedeit dëst ee Betrag vun 1 Milliard Euro.

Aus dësem Grond fuerdert d’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, datt eis Regierung an déi Alliéiert, sou wéi d’Membere vun der EU hir Verdeedegungs- a Sécherheetspolitik iwwerdenken a just am Kader vun der ONU handelen, déi gemeinsam Sécherheetspolitik vun der OSCE fërderen a solidaresch Bezéiungen an der ganzer Welt schafen. Wann ee keng pazifistesch Politik mat der NATO bidde kann, sollt een et ouni d’Allianz realiséieren, sou SFPL.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Donald Trump, KPL, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, NATO, Ofrëschtung, Oprëschtung, Pazifismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel