Search

You may also like

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!
International Neiegkeeten

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!

Virun enger Woch huet déi Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament

Coronavirus-Hotspot Paräis
International Neiegkeeten

Coronavirus-Hotspot Paräis

270 Infektiounsfäll pro honnertdausend Awunner ass den Autoritéiten eppes ze

Editorial: D‘Rentrée mat Zouversiicht ugoen
International Neiegkeeten

Editorial: D‘Rentrée mat Zouversiicht ugoen

Um Apero ee Sonndeg, war d‘Rentrée – gemengt ass zwar

70 Joer Volleksrepublik China

De laange Wee vun der Bauererepublik zur Weltmuecht

70 Joer Volleksrepublik China

Um haidegen 1. Oktober zelebréiert d‘Volleksrepublik China seng Grënnung. Bannent 70 Joer huet sech d‘Land vun de Baueren an Aarbechter zu enger „Supermuecht“ entwéckelt a spillt zanter enger Rei Joren och aussepolitesch eng ëmmer gréisser Roll.

Schonn zanter Wochen ass sech op dësen Dag virbereet ginn: den 1. Oktober ass Nationalfeierdag an dëst Joer ee ganz besonneschen, schliisslech féiert een net all Dag e ronne Gebuertsdag. Heifir gëtt dann och eng gigantesch Militärparad organiséiert – et wëll een de Welt jo weise wat een huet – déi nëmmen dozou bäidroe soll „Stäerkt an internationale Gestaltungswëllen ze demonstréieren.

Zu dësem jo awer besonneschen Zweck, huet de Staats- a Parteichef Xi Jinping e besonnesche Slogan gewielt: „D‘Renaissance vun der grousser, chinesescher Natioun“. E Slogan deen enk mam globalen Opstig an de geostrategeschen Ambitioune vun der Volleksrepublik verbonnen ass. Si sinn eriwwer d‘Zäiten, wou Peking eng gewësse Bescheidenheet an der Aussepolitik ugewannt huet.

Net méi ze iwwersinn

China agéiert längst net méi „onopfälleg“ an „zréckhalend“. An de Staatschef bréngt et op de Punkt: Ënnert dem Mao Zedong ass China opgestanen, ënnert dem Deng Xiaoping ass China räich ginn an elo gëtt China staark a mächteg. Si schaffen drun hiren Afloss an den internationalen Institutiounen, wéi Weltbank, internationale Währungsfong, mee och de Vereenten Natiounen, auszebauen.

China stellt beispillsweis de gréisste Blo-Helmer Kontingent a verletzt zäitgläich d‘Mënscherechter. Anersäits geet och drëms déi chinesesch Wirtschaft weiderzëentwéckelen an dem Land esou eng global Perspektiv ze bidden. Dës Feststellung erkläert dann och, firwat d‘Konzept vun der neier Seidestrooss, fir de Regime zu Peking vun aussergewéinlecher geopolitescher Bedeitung ass.

Hei entsteet ee risegt Handelsnetzwierk tëscht Asien, Afrika an Europa. D‘Chinese baue Stroossen, Häfen an soss wirtschaftlech wichteg Infrastrukturen. Fir dëse Projet „politesch“ ze bewerben, huet de Xi Jinping schonn zweemol d‘Welt zu engem Seidestrooss-Sommet op Peking agelueden. 125 Länner sinn an dëse Projet agebonnen (dozou zielt och Lëtzebuerg) an et soll net dobäi bleiwen.

Risike solle berechebar bleiwen

Un dësem Projet gëtt et natierlech och Kritik an esou kritt Peking de Virworf gemaach, datt kloer Regelen, fair Ausschreiwungen an d‘Transparenz net zum „Plang“, deen déi chinesesch Féierung ausgeschafft huet, gehéiert. China gëtt esou ënnerstallt, datt si mat hire Kreditter besonnesch aarm Länner an d‘Scholdefal lackele géifen, fir déi och politesch kontrolléieren ze kënnen.

E weidert Zil dat am Kontext vun der „neier Ära“ verfollegt gëtt, ass déi territorial Eenheet, wat näischt anescht bedeit, wéi dat Peking sech nees Taiwan averleiwe wëll. E Fait dee besonnesch vu Washington mat Argusae verfollegt gëtt. Net ze vergiessen, dat de Xi Jinping duerchblécke gelooss huet, zu Nout Waffegewalt unzewennen, fir d‘Heemecht zréck an d‘Räich ze féieren.

E puer Fakten an Zuelen

Vill eeler Chinesen hätten sech nach viru Joren net virstelle kënnen, jeemools iwwert eng Autobunn ze fueren an tatsächlech ass China virun 30 Joer nach als „Entwécklungsland“ betruecht ginn. Deem ass längst net méi esou an zanter den 80er Joren huet sech de BIP (Bruttoinlandprodukt) méi wéi vervéierfacht. China ass eng reell existéierend Wirtschaftsmuecht no kommunisteschem Virbild.

E Beispill: d‘Stad Dalian war an de 50er Joren eng onbekannt an iwwersiichtlech Hafestad mat grad emol 700.000 Awunner. Haut sinn et 5,5 Milliounen Awunner. Et ass villes ënnerholl ginn an d‘Leit hu séier festgestallt, datt een am urbane Raum besser Aussiichten op eng Aarbecht huet an a punkto Liewensqualitéit de städtesche Raum vill Virdeeler mat sech bréngt déi dat ländlecht net huet.

Laut den offizielle Previsiounen, solle bis 2025 bis zu 70% vun de Chinesen a Stied liewen. Am Verglach: 1980 hunn „nëmmen“ 20% vun de chinesescher Bierger am urbane Raum gelieft. Hei muss een awer zréckbehalen, datt wann den ongebremste Wuesstem de Liewensstandard an och d‘Akommes stänneg verbessert, dat och d‘Schéier tëscht Land – a Stadvollek ausenanerdreift.

Verännerungen: erwënscht an onerwënscht

Interessant och d‘Feststellung wéi sech den demographesche Wandel op déi gesellschaftspolitesch Verännerung vu China ausgewierkt huet. An de 50er Jore war China eent vun den äermste Länner vun der Welt. Dem Mao seng Plangwirtschaft war gläichbedeitend mat Aarmut, an déi grouss Hongersnout déi et mat sech bruecht huet (1959/61) hätt 45 Milliounen Affer gefuerdert.

Deem ass glécklecherweis net méi esou, dofir huet déi industriell Entwécklung net nëmme Guddes mat sech bruecht. D‘Ëmwelt gëtt vun dëser industrieller Aktivitéit esou staark belaascht, dat wéinst den héije Konzentratiounen u Mikropartikel an der Loft, Zäregaser an Ozon all Joer iwwert eng Millioun Chinese virzäiteg de Läffel ofginn. Dat behaapt eng Etüd vun der Universitéit Hong Kong.

Elo ass et dann och richteg, datt déi chinesesch Industrie staark op Kuel a Pëtrol ugewisen ass, an déi eege Ressourcen och net onendlech sinn. Fir de Besoin gedeckt ze kréie mussen dës Ressourcen importéiert ginn, an dat gëtt iwwert den Export vu Konsumgidder finanzéiert. China ass jo och dat gréissten Exportland op der Welt mat 2.487 Milliarden US-Dollar Handelsvolummen. Am Verglach: d‘USA op Plaz 2 kommen op 1.664 Milliarden, d‘Germanen op Plaz 3 nach op 1.561 Milliarden.

De Fleck um wäissen Hiem

Nieft de Mënscherechter, dem Wonsch no 100% Kontroll iwwert all eenzele Bierger an dem Maulkuerf fir Journalisten a Mënscherechtsaktivisten, gëtt et een Datum an der Geschicht vu China deen esouguer de Xi Jinping als „Fleck um wäissen Hiem“ wëll erkannt hunn. Virun 30 Joer, um 3. Juni 1989, huet déi chinesesch Regierung op der Tiananmen-Plaz op dat eegent Vollek geschoss.

Haut sinn et d‘Minoritéiten, wéi déi moslemesch Uiguren déi heftegst drangsaléiert ginn. Zu Hong Kong gëtt de Wonsch no „Demokratie“ mat Tréinegas a Knëppel „verhënnert“. Taiwan gëtt zudeem militäresch bedreet an och d‘Virmaachtstellung am chinesesche Mier kritt eng nei Dimensioun. An den Handelskrich mat den USA stellt déi ganz Welt virun eng zimlech prägend Erausfuerderung…

mat indymedia/lon

Related topics 70. Gebuertsdag, Volleksrepublik China, Weltmuecht, Wirtschaftswuesstem
Next post Previous post