Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – d’Gebuert vum Raiffeisen a säi Finanzmodell!

Mat 38 Agencen am Grand-Duché gehéiert d’Raiffeisen-Bank och bei eis

Weltdag vun der humanitärer Hëllef
International Kultur Neiegkeeten

Weltdag vun der humanitärer Hëllef

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass, fir den Ausseministère

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
International Kultur Neiegkeeten

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!

Matzen am Getommel: de Xavier Bettel

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!

Dëst Joer sinn et Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi den audiovisuelle Secteur uféieren a beim renomméierte Festival vu Cannes mat dobäi sinn. An der Auswiel vum offizielle Concours stoungen 6 Filmer, déi sech a verschiddene Kategorië beweisen dierfen. 

Als Minister fir Kommunikatioun a Medien huet de Xavier Bettel natierlech net dierfe feelen. Eise Premier huet wëll esou scho prett mam Popcorn do sëtzen, wann um 17. Mee den traditionelle Lëtzebuerger Dag organiséiert gëtt, woubäi een déi professionell national Filmemaacher kenneléiere kann.

Vum 14. bis de 25. Mee ass och de Film Fund Luxembourg mat engem Pavillon dobäi. Als generellt Amt fir de Quartier, an dat scho fir déi 18. Kéier hannereneen am Village International, empfänkt de Pavillon 20 Gesellschaften an 3 Eenheeten. Ze fanne sinn beispillsweis Spezialiste vun der Post-Produktioun, vum Toun an den neien Technologien, wéi och vum Formatiounsprogramm EAVE. De Grand-Duché ass vertrueden mat folgende Filmer:

Selektioun „Un Certain Regard“:

  • Chambre 212 – ee Spillfilm vum Christophe Honoré, eng Koproduktioun vu Bidibul Productions
  • Les Hirondelles de Kaboul – een Animatiounsfilm vum Zabou Breitman an Eléa Gobbé-Mévellec, eng Koproduktioun vu Melusine Productions
  • Viendra le Feu – ee Spillfilm vum Oliver Laxe, eng Koproduktioun vun Tarantula Luxembourg
Cannes

Les Hirondelles de Kaboul – een Animatiounsfilm vum Zabou Breitman an Eléa Gobbé-Mévellec, eng Koproduktioun vu Melusine Productions © Film Fund Luxembourg

Selektioun „Quinzaine des Réalisateurs“

  • The Orphanage – ee Spillfilm vum Shahrbanoo Sadat, eng Koproduktioun vu Samsa Film
Cannes

The Orphanage – ee Spillfilm vum Shahrbanoo Sadat, eng Koproduktioun vu Samsa Film © Film Fund Luxembourg

Selektioun „Platforme Frontières“

  • Skin Walker – ee Spillfilm vum Christian Neuman, eng Koproduktioun vu Calach Films
  • Marionette – ee Spillfilm vum Elbert Van Strien, eng Koproduktioun vu Samsa Film

Wärend dem Festival ginn eng Zéng weider Spillfilmer gewisen. Dorënner sinn ënnert anerem Sawah (Deal Productions/Wady Films), Zero Impunity (a_BAHN/Melusine Productions), The Room (Bidibul Productions), Flatland (Deal Productions), Bayala (Fabrique d’Images), Escapada (Samsa Film), Invisible Sue (Amour Fou).

Um Lëtzebuerger Dag kann een ausserdem 3 Projeten aus dem Beräich vun der virtueller Realitéit kucken: Ayahuasca et 7 Lives (Jan Kounen/a_BAHN), sou wéi Fever (Karolina Markiewicz a Pascal Piron, ënnerstëtzt mat der wäisser Kaart vun de Fongen), deen an der Premiere ze erliewen ass.

Cannes

Ayahuasca – KomiK Journey, eng fantastesch Erfarung am Beräich vun der virtueller Realitéit © Film Fund Luxembourg

Ähnlech Sujeten Chambre 212, Festival vu Cannes, Filmfestspiller, Kino, Les Hirondelles de Kaboul, Samsa Film, Taranntu, The Orphanage, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel