Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!
Den am Joer 2013 gebauten City Skyliner huet fir déi
Um Haaptsëtz vun der Post war um Mëttwoch eng weider
D‘Stad Lëtzebuerg ass voll an der Verännerung, an d‘Chantieren déi
Vum 19. bis 21. Mee stoung de Benevolat zu Lëtzebuerg am Phare. Eng Aktioun un där 25 ONG’en, Veräiner an Organisatiounen deel geholl hunn. Uechter d’ganzt Land konnten d’Participanten hir Aarbecht virstellen. moien.lu huet sech um Freideg bei der Caritas ëmgekuckt, eng vun de gréissten Organisatiounen déi am soziale Beräich aktiv ass an eng gefillten Éiwegkeet de fragiliséiert Mënsche bäisteet.
Mat engem Stroossefest um a ronderëm hirem Haaptsëtz an de Michel Welter Strooss, huet d’Caritas mat engem Stroossefest, esou wuel hire Schützlingen an Donateuren ee schéinen Dag gebueden, wéi och hire Benevollen ee grousse Merci gesot. Trotz groem Himmel huet keen sech et huele gelooss um Stroossefest deel ze huelen an esou war fir grouss a kleng den Dag eng gutt Geleeënheet sech ze begéinen a besser kennenzeléieren.

De Kicker hat grousse Succès – © moien.lu/MdL
D’Caroline Theves, Verantwortlech fir Relatioune mat den Donateuren a Partner, huet eis iwwert d’Fest gefouert. Fir d’Krapperte war Spill a Spaass ugesot. De Kicker war sécherlech eng vun den Haaptattraktioune virun der Dier, mee och soss Geschécklechkeetsspiller hunn de Kanner vill Freed gemaach. Wéinst dem verreente Wieder war och am Dagesfoyer eppes méi lass a fir musikalesch Ënnerstëtzung hunn dräi engagéiert Refugiéen aus Afrika gesuergt. Mer konnten och ee Bléck an d’Epicerie werfen, eppes wouropper mer sécherlech nach eng Kéier am Detail wäerten zeréckkommen.
D’Caritas Lëtzebuerg, déi sech am Déngscht vun der kathoulescher Kierch fir d’Wuelbefanne vun de Mënschen asetzt, am besonneschen déi, wou vun der Gesellschaft ausgeschloss sinn, huet all Hänn voll ze dinn. Si këmmert sech entbierungsvoll ëm déi, wou keen Dach iwwert dem Kapp hunn, sech am Alldag net méi erëmfannen, awer och méi aktuell, hiert Land hu misse verloosse well Krich an Hongersnout se verdriwwen hunn. Dat ganzt leeschten déi Benevollen ouni sech vun Hierkonft, Alter oder philosophesch a reliéis Meenung beaflossen ze loossen.
Esou ass d’Caritas dann och uechter dem ganze Land op ville Plaze präsent, a villen Domänen aktiv an leescht mat sengem Asaz ee grousse Bäitrag zum soziale Fridde bäi. En Aarbecht déi an Zäite, wou de Populismus sech nees breet mécht an d’Angscht virun allem wat de Leit Friem ass d’Gesellschaft spléckt, net einfach ass. Ëmsou méi erfreelech, datt dës Organisatioun och fir vill Jonker déi richteg Plaz ass fir ënnert Beweis ze stellen, datt Mënschlechkeet jiddereen eppes ugeet.
Wien d’Aarbecht an d’Aktivitéite vun der Caritas wëll ënnerstëtze kann sech op caritas.lu informéieren oder direkt beim Caroline Theves mellen. Um Telefon ënner (+352) 402131-260, mëttels e-Mail ënner carloine.theves@caritas.lu