Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet
International https://moien.lu/is-maddi-bragg-dating-jacob/ luxy dating sites

lulu dating intelligence

Haut ass et esou wäit! Den Donald Trump hält seng

Ech war mat engem Stormtrooper een huelen
International https://moien.lu/is-maddi-bragg-dating-jacob/ luxy dating sites

Ech war mat engem Stormtrooper een huelen

Et gesäit een se op Festivalen, BD-Foiren a Conventions: Stormtrooperen.

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll
International https://moien.lu/is-maddi-bragg-dating-jacob/ luxy dating sites

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

Mat senger neier Interpretatioun vum Rhythm and Blues a sengem

75.000 Gäscht um WOA

30. Editioun vum Wacken-Open-Air Festival huet ugefaangen

75.000 Gäscht um WOA

Gëschter war de Startschoss vum 30. Wacken „Rock‘n Fuck‘n Roll“ Festival (WOA) an zum Jubiläum ginn net manner wéi 75.000 Gäscht erwaart. Déi éischt Bands hunn dann och schonn owes op de klenge Bühne gespillt.

Den Optakt hunn d‘Wacken Fire Fighters gemaach, déi vir vill agefleeschte Fans den eigentleche Startschoss vum Festival representéieren. Et ass allerdéngs e start ënner schwierege Konditiounen. Zweemol hunn d‘Organisateure missen op Onwiedermeldunge reagéieren. Eng Schlechtwiederfront hat sech op de Festival ageschoss an d‘Leit ware gebuede gi sech a Sécherheet ze bréngen.

Et war zum Gléck fir all déi bedeelegt nëmmen eng kuerz Ënnerbriechung, an de Festival konnt no enger Stonn säi Programm nees ophuelen. Den offiziellen Optakt huet „Skyline“ gemaach. Dat ass dem WOA-Matbegrënner Thomas jensen seng al Band, an déi erëffent de Festival elo scho fir déi 30. Kéier. Extra zum Jubiläum huet „Skyline“ dann och en neien Album verëffentlecht.

Als weideren Highlight muss déi schwedesch Metal-Band „Sabaton“ genannt ginn, déi zu Wacken hiren 20. Jubiläum feieren. De besonnesche „Gag“: Sabaton wëll déi zwou Haaptbühnen (si hunn eng Breet vu 60 Meter!) gläichzäiteg bespillen. Dat versprécht méi wéi „nëmmen Interessant“ ze ginn. Mee Wacken ass och dee Festival, wou een Highlight deen anere jot. An dat stëmmt esou och.

Slayer“ ass op senger „Final World Tour“ an nieft „Saxon“ an „Extrabreit“ sti laut Veranstalter ronn 200 Bands um Programm. WOA ass dann och ee vun de gréisste Festivaller fir Metal-Fans, an et verwonnert kee Mënsch, datt d‘Tickete banne véier Deeg ausverkaaft waren. Och vill „Fans“ aus Lëtzebuerg loossen sech de Wacken Open Air net entgoen. Mir wënschen hinne vill Spaass.

Notiz: Wien net konnt um WOA deelhuelen an awer wëll derbäi sinn, hei de LIVESTREAM!!!

mat indymedia/wbg

Foto: © WOA

Ähnlech Sujeten Metalfestival, Sabaton, Slayer, Wacken Open Air, WOA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel