Search

You may also like

Afrikanesch Schwéngspescht: D‘CSV kritiséiert d‘Arroganz vun der Muechtausübung
International Meenung Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D‘CSV kritiséiert d‘Arroganz vun der Muechtausübung

Zanter dem 13. September 2018 grasséiert am belsche Grenzgebitt zu

Urban Timetravel: Geschicht lieweg an a Faarf erzielt
International Meenung Neiegkeeten

Urban Timetravel: Geschicht lieweg an a Faarf erzielt

De Start-Up Urban Timetravel mécht d’Vergaangenheet an déi domat verbonne

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!
International Meenung Neiegkeeten

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)

75 Joer „Fridden“ an Europa (Analys)

Aus de bekannte Grënn gëtt haut d‘Enn vum zweete Weltkrich net am grousse Sëtzungssall vun der UNO zu New York zelebréiert, mee am virtuelle Raum. Den däitschen Ausseminister Heiko Maas, wëll dës Geleeënheet notze fir en Appell un d‘Membere vun der Weltcommunautéit ze riichten, fir „Zesummenhalt“ beim Kampf géint d‘Covid19-Pandemie ze demonstréieren.

Bei esou Appeller, wou et ëm Solidaritéit, Kooperatioun an Zesummenhalt geet, ass et wichteg de richtegen Toun ze treffen. An war et dem däitschen Ausseminister dann och wichteg emol nees op d‘Roll vum UN-Sécherheetsrot hinzeweisen a wat aus dëser „Institutioun“ ginn ass. Et wier dat eigentlecht Häerz vun der internationaler Zesummenaarbecht, dat Instrument dat sech d‘Natioune ginn hunn, fir Konflikter a Kricher bäizeleeën.

Fir den Heiko Mass gëtt et do eng traureg Feststellung: Fridde stëften a sécheren, dat ass dem UN-Sécherheetsrot an de leschte Jore kaum nach gelongen. Ob Jemen, Libyen oder Syrien, mee och déi net esou „Siichtbar“ Konflikter an Afrika oder déi nach ëmmer unhalend Ausenanersetzung tëscht Russland an der Ukrain, néierewou ass et de Vereenten Natioune mat hirem Sécherheetsrot gelongen d‘Krichsparteien zur Vernonft ze bréngen.

75 Joer no Beendegung vum zweete Weltkrich an Europa, muss ee feststellen, d‘Welt ass längst nees am Krich, an ee Verglach zum Konflikt dee sengerzäit vun Nazi-Däitschland ausgaangen ass, kann een net zéien. Haut stinn sech keng Allianzen oder Natioune géinteniwwer, wou de „Feind“ bekannt ass, egal aus wéi enger Siicht oder Säit een dat betruecht. Et sinn zudeem och ganz nei „Acteuren“ entstanen, zu deenen d‘UN keen Drot hunn.

An déi duerch de Covid19 ausgeléiste sanitär a Wirtschaftskris, huet déi grouss, am Sécherheetsrot vertrueden Natiounen net zesummegeschweesst. Nationalismus, Protektionismus a Muechtuspréch bannent dem UN-Sécherheetsrot, si keng Attributer déi der weltëmspanender Kris – déi nach ganz um Ufank steet – eppes entgéinthale kënnen. Déi sougenannte permanent Memberen, déi all ee Veto-Recht hunn, stinn sech feindlech gesënnt géinteniwwer.

Den USA a China, déi sech den Ament mat géigesäitegen – an deels abstruse – Virwërf een nach diplomatesche Krich liwweren, ass virzewerfen, datt si eng gemeinsam Resolutioun am Kampf géint d‘Pandemie ganz offensichtlech verhënneren. Woubäi generell, zanter den Donald Trump US-President ass, d‘USA eng UN-Institutioun no där anerer an Diskredit bruecht hunn. Dobäi bréicht et vum UN-Sécherheetsrot grad elo e Bekenntnis zum Fridden.

A wann sech net emol déi an dësem wichtegste Gremium versammelt Länner dem Opruff vum UN-Generalsekretär uschléissen a fir en humanitäre Waffestëllstand asetzen, dann dierf een de Notze vum UN-Sécherheetsrot a Fro stellen. D‘Welt huet sech a 75 sécherlech staark verännert, mee aus der Geschicht huet se faktesch näischt geléiert. D‘USA, wou mëttlerweil iwwer 70.000 Mënschen um Virus verstuerwe sinn, streide statt ze schlichten.

A senger Ried huet den däitschen Ausseminister – deen d‘Beschëllegunge vun den USA géintiwwer der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mat sengen europäesche Partner kritiséiert huet – stellt fest: Eng Organisatioun wéi d‘WHO a Fro ze stellen, jo dës bewosst ze schwächen andeems een seng Beiträg entzitt, ass de falsche Wee. Et entsprécht awer der neier US-Aussepolitik déi, international Zesummenaarbecht offensiv ze behënneren.

Wann den US-Ausseminister Mike Pompeo op Fox-News sengem däitschen Homolog entgéinthält: „Déi héchste Prioritéit vun den USA gëllt dem Schutz vu Liewen, an net ëffentlechkeetswierksame Gesten oder klenglecher Politik“, dann héiert sech dat u wéi Hohn. Kaum eng aner Natioun op der Welt huet am Kontext vun der Pandemie deraart katastrophal versot, a keng aner Natioun huet de Virus als politescht Drockmëttel, jo esouguer als Waff mëssbraucht.

75 Joer nom zweete Weltkrich, ass d‘Welt net besser ginn. Duerch d‘Pandemie léisst sech dat jo schonn op regionalem Niveau feststellen. Däitschland huet seng Grenzen zu deenen Noperen zou gemaach, déi fir si net wirtschaftlech „relevant“ sinn. Eigentlech hu se just d‘Versuergungslinn zu den Häfe vun Antwerpen a Rotterdam oprechterhalen. Si hu faktesch de Schengenraum an déi zougehéiereg Accorden op Dauer beschiedegt.

Sech dann awer, iwwert de Beholl vu China an den USA opzereegen, wou een duerch zimmlech drastesch a fir keen – ausser Populisten an Nationalisten – novollzéibar, Communautéiten, déi iwwer Joerzéngten zesummegewuess sinn, géintenaner opbréngt, ass schlicht net kredibel. Vun de Groussmuechten „Zesummenhalt an -aarbecht“ ze fuerderen, wou ee selwer aktiv géint eng Zesummenaarbecht virgeet, ass nëmmen nach traureg.

75 Joer Fridden a Kooperatioun an Europa, ginn dann och net vun den USA oder China, jo net emol vu Russland a Fro gestallt, mee vun eisen däitschen Noperen, déi haut an enger Videokonferenz mat mindestens 80 ugemellten Ausseminister, en Appell fir den Zesummenhalt lancéiere wäerten. En Zesummenhalt dee Berlin net emol an der Unioun gelénge wëll. Wien net an der Lag ass, seng Bezéiung mat Frënn oprechtzeerhalen, sollt der Welt keng Lektioun ginn.

Illustratioun: © Bahram Bayat / unsplash

 

Related topics Coronavirus, Heiko Maas, Pandemie, UN-Sécherheetsrot, Vereenten Natiounen, Zesummenhalt
Next post Previous post