Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys
International Neiegkeeten

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Am Kader vum Medieprojet „1917“ dee vum 100,7 an der

dislike
Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?
International Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?

D‘Regierung huet e Méindeg op en Fro vun der LSAP-Deputéiert

money
Fräihandelsaccord EU–Kanada um Instanzewee
International Neiegkeeten

Fräihandelsaccord EU–Kanada um Instanzewee

Wann et richteg ass, datt den Donald Trump héchstperséinlech dofir

75 Joer Hiroshima

75 Joer Hiroshima

De 6ten August 1945 brécht den amerikanesche B-29 Bomber “Enola Gay” vum US-Stëtzpunkt Tinian zu enger fuerchtbarer Missioun op. Et war déi éischte Kéier an der Mënschheet, datt eng Atombomm zum Asaz komm ass.

Um 8:15 Auer hëlt d’Ongléck hire Laf, de Pilot léisst d’Uranbomm iwwer der japanescher Stad Hiroshima lass. Hien huet séier d’Kéier gemaach fir net vun der Drockwell erfaasst ze ginn. Dës militäresch Bomm mam Numm „Little Boy“ ass mat enger Sprengkraaft explodéiert, déi 13 Kilotonnen TNT entsprécht. Si huet 64 Kilogramm Uran enthalen.

Hiroshima

De Colonel Paul Tibets, Pilot vum B-29 Bomber „Enola Gay“ wénkt senge Komeroden zou iert hie mat senger déidlecher Fracht de Wee Richtung Hiroshima ugetrueden huet. Hien ass 2007 am Alter vun 92 Joer verstuerwen, ouni jeemools säin Asaz bedauert ze hunn. Am Joer 2000 hat hien um National Public Radio (NPR) erkläert, datt hie just seng patriotesch Flicht erfëllt huet. © Armen Shamlian/United States Army Air Force (Archiv)

An der Géigend vun der Explosiounsstell sinn Temperaturen iwwer 6000 Grad Celsius entstanen. D’Stad gouf zerstéiert, Mënsche si verbrannt – et goufe bis zu 100000 Doudesaffer ze bekloen. Vereenzelt Dokteren hunn probéiert ze hëllefen, mä et war näischt ze maachen. Et war d’Hell an et sollt nach schlëmmer kommen… Dräi Deeg méi spéit gouf déi zweet Bomm „Fat Man“ bei Nagasaki ofgeworf. Hei gouf Plutonium benotzt.

Hiroshima

Déi éischt Atombomm, déi zum Zweck hat Mënschen ëmzebréngen: Little Boy. Hei ze gesinn, iert se an de Fliger Enola Gay opgeluede gëtt. © United States Army Air Force (Archiv)

Bis haut leiden d’Mënschen a Japan un de Folge vun der Stralebelaaschtung, si ginn “Hibakusha” genannt. Si stierwen u Kriibs opgrond vun der radioaktiver Stralung. Mëttlerweil läit Stralebelaaschtung vun de bombardéierte Gebitter net méi iwwer dem Niveau vun der sougenannter natierlecher Radioaktivitéit an ass soumat net méi héich ewéi op anere Plaze vun der Welt.

De 26. Mee 2016 huet de Barack Obama als éischten US-President d’Stad besicht. Dëst soll awer net als Entschëllegung verstane ginn. Villméi wollt hien d’Mënsche virun de Folge vun engem neien Nuklearkrich warnen. Hie wënscht sech, dass d’Welt eng Léier aus Hiroshima zitt.

Hiroshima

D‘Enola Gay no der Landung zu Tinian… D‘Missioun war eng „Erfolleg“ woubäi sech bis haut muss d‘Fro gestallt ginn, firwat d‘Amerikaner eng Atombomm geziilt iwwert engem Wunngebitt, an net iwwert engem militäreschem Zil ofgeworf hunn. © United States Army Air Force (Archiv)

D’Motiv fir den Asaz mat dëse Bommen huet dozou gedéngt, Japan schnell zur Kapitulatioun ze zwéngen a sou mam Krich opzehalen.

Little Boy war déi éischt vun zwou Atombommen, déi bei engem militäresche Konflikt zum Asaz komm sinn. Unzemierken ass och, datt d’Amerikaner d’Bomm net iwwert engem militäresch strategeschen Zil ofgeworf hunn. Si ass déi eenzeg Natioun, déi dës Waff géint Mënschen agesat huet.

Foto: S G / Pixabay

Ähnlech Sujeten 2. Weltkrich, Atombomm, Hiroshima, Japan, Little Boy, United States Army Air Force
Nächsten Artikel Virrechten Artikel