Search

You may also like

Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
Neiegkeeten

Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!

Am Kader vum Internationalen Dag vum Bësch huet um spéide

SIPRI: Et gëtt massiv opgerëscht!
Neiegkeeten

SIPRI: Et gëtt massiv opgerëscht!

Während zu Madrid d‘UN-Weltklimakonferenz COP25 opgefouert gëtt, spillen d‘Weltmuechten an

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet
Neiegkeeten

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet

Wolz huet an der Läscht e richtege Publicity-Problem. Duerch de

80/80/90-Reegel: D’Taina Bofferding gëtt d’Bestätegung

80/80/90-Reegel: D’Taina Bofferding gëtt d’Bestätegung

D’Inneministesch Taina Bofferding huet wärend der Reunioun vun der zentraler Kommissioun kloer bestätegt, datt d’80/80/90-Reegel ofgeschaaft gëtt. D’Treffen, wat um 26. November 2019 stattfonnt huet, sollt als Plattform vum sozialen Dialog am Gemengesecteur déngen.

„D’Ofschafe vun der sougenannter 80/80/90-Reegel am Gemengesecteur kann zäitgläich mat der Reform an der Fonction Publique a Kraaft trieden. D‘Gemenge kréien d’Méiglechkeet, fir de betraffene Stagiairen hir Suen nach dëst Joer ausbezuelen ze kënnen!“

D’Representante vum SYVICOL an de gewerkschaftlechen Organisatioune goufen direkt iwwert de Fortschrëtt vun de legislativen Aarbechten a relative Reglementer zur Propositioun vum Kollektivvertrag an der Fonction Publique informéiert.

D’Chamber huet déi nei legislativ Moossnamen ugeholl, déi op staatlechem Niveau agefouert ginn. Am Respekt vum Gläichstellungsprinzip fir d’Beamten an d’Gemengefonctionnairë bei de Paie kënnen d’Texter och op kommunalem Plang deene vum Staatspersonal ugepasst ginn. Nach virum Enn vum Joer wäerte Fonctionnairen a Gemengenaarbechter am Stage réckwierkend op den 1. Januar 2019 vun der Ofschafung vum 80/80/90-Regimm profitéiere kënnen.

Dobäi kënnt, datt d’Verkierzung vun der Stagezäit vun 3 op 2 Joer a Kraaft trëtt, soubal déi legislativ Ännerunge vum Statut vun de Gemengefonctionnairen an der Chamber gestëmmt ginn ass. Och hei profitéiert dat betraffent Personal nees vun der Réckwierkung op den 1. Januar 2019.

D’Zentralkommissioun ënnerstëtzt déi nei Modalitéiten zur Organisatioun vun der Formatioun wärend der Stagezäit, wéi och wärend dem Formatiounszyklus um Ufank vun der Karriär vun de Gemengefonctionnairen.

Related topics 80/80/90-Reegelung, Gewerksachften, Inneministesch, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post