Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationaalt Verkafsverbuet vu Glyphosat ab dem 1. Juli
Neiegkeeten

Nationaalt Verkafsverbuet vu Glyphosat ab dem 1. Juli

Ab dem haitege Mëttwoch gëllt en nationaalt Verbuet fir de

LCGB: Gratuitéit jo, mee e puer Froe bleiwe bestoen
Neiegkeeten

LCGB: Gratuitéit jo, mee e puer Froe bleiwe bestoen

Den LCGB, Majoritéitsgewerkschaft um nationalen Niveau am Transportsecteur, begréisst d’Ëmsetzung

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

D’80/80/90-Reegelung gëtt ofgeschaaft!

D’80/80/90-Reegelung gëtt ofgeschaaft!

En Dënschdeg huet d’Parlament no laangen Diskussiounen d’Ofschafung vun der ëmstriddener 80/80/90-Reegelung eestëmmeg accordéiert. Deemno bezéien ab elo Beruffsufänger am ëffentlechen Déngscht réckwierkend zum 1. Januar 2019 déi voll Paie wärend hirem Stage. Och ëffentlech Employéen, déi viru manner wéi dräi Joer vum Staat agestallt gi sinn, wäerten elo zu 100% entschiedegt ginn.

D’Aboussen, déi bei der Pensiounsversécherung erfollegt sinn, wäert de Staat de Betraffene réckwierkend ausgläichen. Gläichzäiteg gëtt d’Stage-Zäit vun dräi op zwee Joer begrenzt. Dank dem onermiddlechen Engagement an dem Verhandlungsgeschéckt vun der CGFP gëtt soumat dës Ongerechtegkeet op Käschte vun de kommende Generatiounen aus der Welt geschaaft.

Am November 2017 hat d’Onzefriddenheet hiren Zenit erreecht. No zéie Kämpf ass um 15. Juni 2018 schliisslech dat entspriechend Ofkommes mam deemolege Beamteminister Dan Kersch ënnerschriwwe ginn. D’Regierung verflicht sech doran, déi 2015 a Kraaft getruede Kierzung vun den Entschiedegunge réckwierkend zum 1. Januar 2019 ofzeschafen. Dësen Accord stellt een Ofkommes fir an net géint den ëffentlechen Déngscht duer, sou d’Gewerkschaft.

D’CGFP bedauert allerdéngs, datt d’Ofstëmmung am Parlament eréischt 16 Méint nom Ënnerschreiwe vum Ofkommes stattfonnt huet. Dëse Retard ass ënnert anerem dem Staatsrot zouzeschreiwen, dem seng Expertise laang op sech waarde gelooss huet. D’Beruffsorganisatioun vun allen ëffentlechen Employéen huet dauernd op déi schnell Verabschide vum Gesetz gepocht. Dobäi ass et an éischter Linn dorëm gaange sécherzestellen, datt och all Stagiairen, déi schonn an hirer Formatioun dra sinn, an de Genoss vum verkierzte Referendariat kommen.

Fir d’Gewerkschaft ass et zudeem net novollzéibar, datt mat der verkierzter Stage-Zäit d’Zuel vun den obligatoresche Formatiounsstonnen (formation générale) a verschiddene Karriäre massiv erof gesat solle ginn. Eng ähnlech Conclusioun huet och schonn d’Beamtekummer an hirer Expertise gezunn.

80/80/90-Reegelung

Kuerzfristeg wäert sech déi verréngert Stage-Zäit a vereenzelte Verwaltunge schwiereg gestalten. D’Erofsetze vun den obligatoreschen allgemenge Formatiounsstonnen wier allerdéngs vëlleg Feel un der Plaz. Wou 2015 de Referendariat vun zwee op dräi Joer eropgesat ginn ass, ass nämlech d’Zuel u Formatiounsstonnen net deementspriechend ugepasst ginn. Als Folleg gëtt et bis zu dësem Zäitpunkt kee Grond, an eng aner Richtung ze goen.

Nach ëmmer geheie verschidde Kritiker der CGFP vir, mat Schold un der Aféierung vun der 80/80/90-Reegelung ze sinn. D’Hannergrënn ginn dobäi net erkläert. Fakt ass, datt déi deemoleg schwaarz-rout Regierung et op d’Ufankspaie vun de staatlech fest ugestallte Mataarbechter ofgesinn hat. Fir ee folgeschwéiere Sozialkonflikt a wäitreechend Aboussen ze vermeiden, hat d’CGFP schwéieren Häerzens beschloss, der 80/80/90-Reegelung zouzestëmmen.

Et gëtt och drun erënnert, datt d’Réckféierung vun der 80/80/90-Reegelung d’Resultat vun engem beandrockende Geste vun der Solidaritéit säitens der Gewerkschaft zugonschte vun de méi jonke Generatiounen ass. Beim Zousazpabeier zum Paienofkommes vun 2016 haten d’CGFP-Fachverbänn bewosst op eng linear Punktwäerterhéijung verzicht. Dës zouen Demarche ass de beschte Beweis dofir, datt de sozialen Zesummenhalt ënnerhalb vun der CGFP tatsächlech gelieft gëtt.

A vereenzelte Patronatskreesser huet et 2018 geheescht, d’Regierung hätt sech vun der CGFP erpresse gelooss. Dës kéng Behaaptung wierkt och haut nach realitéitsfriem. Déi 2015 a Kraaft getruede Kierzung vun den Entschiedegunge war eng reng Spuermoossnam. Déi Leeddroend ware jonk Beruffsufänger, déi esou scho mat extreme Wunnengsbaukäschten ze kämpfen hunn.

Ugesiichts dem wirtschaftlechen Opschwong vun de Folgejoer war dës kontraproduktiv Spuermoossnam wierklech net méi vertrietbar. Erschwéierend koum dobäi, datt déi gekierzt Entschiedegung vu Stagiairen zur Kreatioun vu bëllegen Aarbechtsplaze mëssbraucht ginn ass, getrei dem Motto „100% schaffen an 80% verdéngen“. D’CGFP-Fuerderung, déi längst iwwerfälleg Moossname réckgängeg ze maachen, war op kee Fall eng Gehaltsfuerderung am hierkëmmleche Sënn. Grond dofir war, datt d’Reform vun de Stagen – eng Grondviraussetzung fir déi deemoleg Zoustëmmung vun der CGFP – ni wierklech agetrueden ass.

Ähnlech Sujeten 80/80/90-Reegelung, Beruffsufänger, CGFP, Dan Kersch, Duerchsetzung, ëffentlechen Déngscht, Formatioun, Gewerkschaft, Paie, Parlament, Spuermoossnam, Staatsrot, Stage, Verhandlungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel