Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!

De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung
International Neiegkeeten

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung

Organiséiert vu „Spiridon 08 “, ass de Beetebuerger Laf de

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!
International Neiegkeeten

D’Begriefnis um 4. Mee: Wichteg Informatiounen zum Transport a méi!

Um 4. Mee gëtt S.R.A. de Grand-Duc Jean begruewen. Aus

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert sech hannert d‘Pult, a gëtt direkt den Toun un. Hien erzielt, ass veriergert, bretzt sech an versicht sech an Ironie. 82 Minutte laang huet sech de 45. US-President zu New York mat de Journalisten „ënnerhalen“.

Hien hat sech zu dësem Zweck virun enger laanger Rei un amerikanesche Fändelen opgestallt, dëse Geschäftsmann deen sech beméit staatsmännesch Alluren zouzeleeën. Den Donald Trump schwätzt vill a gären, virun allem vu sech selwer. Hie spréngt ouni Virwarnung vun enger Anekdot zu Consideratiounen iwwert de Fortgang vun der Welt…

China, d‘Fraen, den Iran, jo och den ieweschte Geriichtshaff; d‘Kurden, de Sozialismus, de Justin Trudeau, d‘Stolindustrie, Israel, d‘Éier. Dat alles natierlech ouni Notizen, a mat engem ersiichtleche Pleséier, och wann hie verséchert, datt hien sech scho vill ze laang mat de Medien ofgëtt. Wéi gewinnt verdeelt hie gutt a schlecht Nouten, weess wien him wuel gesënnt ass.

„Dir maacht eng gutt Aarbecht“, geheit de Milliardär enger Journalistin vum Sender Fox-News entgéint, fir an Ament méi Spéit eng Bestätegung zu engem Prozentsaz anzefuerderen. „Sot ‚Merci Här Trump‘!“, geet un de Journalist vun der New York Times, deem den Donald Trump verséchert, datt et him geschëlt wier, datt den Ëmsaz vun der Zeitung nees eng Hausse erlieft.

Se war ënnerhalend, d‘Entrevue am Lotte New York Palace op der Madison Avenue, nëmmen e puer honnert Meter vum Trump-Tower ewech. An esou wéi den 72 järege Milliardär, mam Charisma vun engem elektresche Stull, lancéiert war, hat een zäitweis d‘Gefill, datt deen sech net méi géi akréien. Et war dofir opschlossräich, an hie bestätegt dat Bild dat e sech vun him mécht.

Wat ass mat den Demokraten?

„Wann een de Georges Washington géif heihinner bréngen (…) d‘Demokrate géife géint hie stëmmen“, geheit den Donald Trump an Raum, a wëll domatter eigentlech nëmmen däitlech maachen, datt si him fatzeg op de Sak ginn. Hie werft hinnen eng bestänneg Behënnerung vir, esou wéi se et beispillsweis mat sengem Kandidat (Kavanaugh) fir den ieweschte Geriichtshaff maachen.

Deen huet awer vläicht Béises verbrach? Sexuell Iwwergrëff?

„Ech si beschëllegt ginn, ech si beschëllegt ginn. Falsch Beschëllegungen!“, bläert den Donald Trump engem Journalist an d‘Gesiicht, deen et gewot hat ze ernimmen, datt e sëlleche Fraen him Virwerfen seng Patten net am Grëff ze hunn, an och viru sexuellen Iwwergrëff net Halt ze maachen. „Dat hat en Impakt op d‘Aart a Weis wéi ech d‘Saache betruechten (…) ech gesinn dat alles ganz anescht, wéi déi wou doheem op der Couch setzen an d‘Tëlee kucken“.

Klägerin a Beschëllegten?

„Dat kann et och den ëmgedréite Wee ginn (…) Ech kéint eng Fra auswielen, a si kéint gläichfalls fir ganz al Faite beschëllegt ginn“, äntwert den US-President op d‘Fro, aus wellechem Grond hien sech systematesch der Verdeedegung vu Männer unhëlt, deene sexuell Aggressioune virgeworf ginn.

An d‘Journalisten?

„D‘Leit wëssen datt et vill ‚Fake News‘ gëtt. Vill Leit déi hei sëtzen si falsch“, esou seng Analys, déi awer net nei ass. Scho während der Wahlcampagne huet hien sech ganz gutt an der Roll gefall, d‘Medien als onglafwierdeg ze presentéieren, ausgeholl déi wou him aus gudde Grënn hannen erakrauchen. Déi sinn dann och a gudder Gesellschaft…

Berühmtheet?

„Ech si scho laang Berühmt“ esou de Milliardär dee eng eege Realitéit-Show op der amerikanescher Tëlee hat. Dat fir awer ze erklären, datt hie falsche Beschëllegunge vu Fraen ausgesat ass, déi eenzeg an eleng am Sënn hunn, selwer Berühmt ze ginn, an him niewebäi d‘Geld aus der Täsch ze zéien.

International Bezéiungen?

„China ass ee ganz speziellen Uert an den Iran ass ee ganz speziellen Uert“, stellt den US-President fest. Dann erkläert hien, datt d‘Bezéiungen zu béide Länner, aus ganz ënnerschiddlechen, mee dofir prezise Grënn, komplizéiert bis schwéier sinn.

D‘Politik? d‘Muecht?

Datt hien d‘Muecht huet, dees ass sech den Donald Trump bewosst, wat Politik ass, schéngt him esou direkt nach keen erkläert ze hunn. Seng Äntwert: „Ech muss soen, datt ech vill Demokrate kennen, déi soe Saachen… a gläichzäiteg pëtzen se mir en Aen zou“. Datt dat näischt mat „Affinitéit“ ze dinn huet, ass nach net duerchgedrongen.

Wéi ass et mat de Fraen?

„Ech hunn ëmmer gesot, datt d‘Frae méi gescheit sinn wéi d‘Männer“, esou den Donald Trump, dee wuel d‘Fakte richteg erkannt huet, mee et net fäerdeg bréngt „déi Fraen“ och mat dem néidege Respekt ze behandelen. Seng „Affären“, déi hie bestreit, bestätegen allerdéngs seng misogyn Haltung de Frae géinteniwwer.

An d‘Kurden?

„Dat si formidabel Leit, formidabel Kämpfer“. En kuerze Moment drop adresséiert hie sech un e Journalist, deem hien eng Fro versprach hat. „Dir, Här Kurd“. D‘Lächerlechkeet vun der Situatioun ass Weeweisend, fir dem Donald Trump säin diplomatescht Geschéck.

Zäit?

„Mir ginn elo op e puer Froen an, mir hu vill Zäit“ seet de President no enger kuerzer Aféierung zu sengen Entrevue vum Dag. „Ech kéint dat de ganzen Dag laang maachen“, amuséiert sech den US-President, no enger Äntwert op eng Fro, vun där hie sichtlech ganz zefridde war.

A wéi se gelaacht hunn?

„Si hunn net iwwert mech gelaacht, si hu mat mir gelaacht“ verséchert den Donald Trump. Et hat ee gefrot, wéi hien d‘Laache vun de Leit interpretéiert huet, wei hie gëschter op der Tribün vun der UN-Generalversammlung seng Ried ugefaangen huet. Do hat de Milliardär ganz am Eescht behaapt, méi vollbruecht ze hunn wéi all aneren an der Geschicht vun den USA.

Wéi leeft et mam Xi Jinping?

„Ech ruffen dee muer un a soen him: Hey, wéi geet et dir?“, proposéiert den Trump mat engem breede Grinsen am Gesiicht, nodeems hien erkläert huet, dat de chinesesche President vläicht net wierklech säi Frënd ass. „Si maache Studien iwwert den Trump“, geheit hie no, dat fir ze ënnersträichen, wéi intrigéiert si vun dësem President sinn, deen esou anescht ass wéi seng Virgänger.

Wéini ass Schluss?

„Den Elton John huet gesot: ‚Wann dat lescht Stéck gutt war, da kommt ni méi erëm“, esou d‘Erklärung. An den US-President versicht et mat enger Dissertatioun iwwer de Risiko vun engem „Bis“ deen zu engem Flopp féiert, an beim Public e batteren Nogeschmaach hannerléisst. „Gutt loosst eis goen. Ech hoffen dir loosst et mech net bedaueren“.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: 82 Minutte mam Donald Trump, jiddereen hat Froen, awer se konnten net all gestallt ginn. De Milliardär war um Mëttwoch awer net ganz esou selektiv wéi soss. Dofir waren d‘Äntwerte wéi ëmmer… liicht Konfus. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Diplomatie, Donald Trump, UN-Generalversammlung, US-President, Weltpolitik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel