Search

You may also like

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft
International Neiegkeeten

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft

Den Dout vun engem siwejärege Meedchen aus Guatemala, nëmmen e

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg

Mat engem Schreiwes riicht sech d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, am

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli
International Neiegkeeten

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner

Däitschland: 86.500 Hénger stierwe bei Feier-Inferno!

Däitschland: 86.500 Hénger stierwe bei Feier-Inferno!

Um Mëttwoch Nomëtteg ass et zu Niedersachen an Däitschland zu engem fuerchtbare Brand an engem Héngerstall komm. Heibäi sinn iwwer 86.000 Hénger qualvoll an de Flamen ëmkomm. Bis ewell ass d’Brandursaach nach onkloer.

Der däitscher Police no ass d’Feier géint 15:00 Auer ausgebrach, woubäi d’Flamen sech spéider och op dat ugrenzend Feld ausgedeent hunn. Am 20 x 120 Meter grousse Stall ware ronn 86.500 Hénger, déi Eeër fir ze iessen leeën. Duerch de staarke Brand ass keen Hong lieweg erauskomm. Mat 176 Asazkräft a 40 Läschgefierer war een op der Plaz.

D’Ermëttlungen daueren nach un. Dës grujeleg Zuel mëscht nach emol däitlech, wat fir Dimensiounen d’Massendéierenhaltung ugeholl huet an op et net Zäit wier, och an dësem Beräich fir Brandschutz ze suergen, sou datt d’Déieren eng Ausweichméiglechkeet kréien

Opmaacherbild: Pompjeeën Niedersachsen

Related topics 86.500 Hénger, Feier, Héngerstall, Inferno, Niedersachsen, Pompjeeën, qualvollen Dout
Next post Previous post