Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brauch de Krautmaart eng Reform?
International Kultur Neiegkeeten

Brauch de Krautmaart eng Reform?

Am Kéisécker-Info vum Februar, der Revue vum Mouvement Ecologique (Meco),

dislike
Gewalt beim G20-Sommet: éischt Prisongsstrof zu Hamburg ausgeschwat
International Kultur Neiegkeeten

Gewalt beim G20-Sommet: éischt Prisongsstrof zu Hamburg ausgeschwat

Den éischte „Manifestant“ ass zu Hamburg wéinst der Uwennung vu

USA: Steve Bannon wéinst Bedruch verhaft
International Kultur Neiegkeeten

USA: Steve Bannon wéinst Bedruch verhaft

De fréieren Trump Conseiller ass um Donneschdeg zu New York

9 Lëtzebuerger Editeuren op der Frankfurter Buchmesse

9 Lëtzebuerger Editeuren op der Frankfurter Buchmesse

Um vergaangene Freideg huet d’Kulturministesch Sam Tanson, zesumme mam Marc Rettel, Programm Manager vu Reading Luxembourg de Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse presentéiert. Déi literaresch Foire, déi an dësem Joer vum 16. bis den 20. Oktober 2019 stattfënnt, wäert am ganzen 9 Editeuren aus dem Grand-Duché representéieren a mat spannenden Eventer bicherbegeeschtert Leit unzéien.

Lëtzebuerg wëll, trotz der klenger geographescher Gréisst, ee grousse Sprong no vir maachen, wann et ëm de Secteur vun de Bicher geet. Dofir integréiert sech d’Presenz vum Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse, zesumme mam Programm Reading Luxembourg, deen am Joer 2018 vum Kulturministère an der ALAC gegrënnt ginn ass, perfekt an dës global Strategie an.

Bei der Presentatioun huet d’Kulturministesch ënnerstrach, datt den nationale Buch-Secteur duerch säin Optrieden ëmmer weider un Glafwierdegkeet, sou wéi un internationaler Siichtbarkeet gewanne géif. Et weist ee sech besonnesch houfreg, datt d’Lëtzebuerger Wierker lues awer sécher och am Ausland u Succès gewannen.

Frankfurter Buchmesse

(v.l.n.r.) Sam Tanson, Kulturministesch; Marc Rettel, Programm Manager vu Reading Luxembourg © Shari Pleimelding/moien.lu

Méi Fläch fir Lëtzebuerg

De Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse huet uschléissend de Marc Rettel vu Reading Luxembourg presentéiert. Bei der Editioun 2019 wäert op der Foire ee Beräich Business ze fanne sinn, dee besonnesch der Promotioun vun den Editeuren, ausgezeechente Bicher an Iwwersetzungen déngt, sou wéi ee Beräich mam Numm ReadingLX, an deem eis national Literatur a Kultur virgestallt ginn. Esou kritt ee bei déi 64 m² nach ee weideren Espace vu 16 m² dobäi.

Am Abrëll ass den Appell zur Kandidatur erausgaangen. Schlussendlech wäerten elo folgend 9 Editeuren un der literarescher Foire deelhuelen:

  1. Black Fountain Press
  2. Capybarabooks
  3. Editions Gérard Klopp
  4. Editions Guy Binsfeld
  5. Editions Phi
  6. Editions Saint-Paul
  7. Hydre Editions
  8. Kremart Edition
  9. Op der Lay

Insgesamt gi méi wéi 170 Titelen an 1300 Bicher der grousser Ëffentlechkeet virgestallt, déi beispillsweis mam Batty Weber Präis, dem Servais Präis oder och dem Lëtzebuerger Buchpräis priméiert gi sinn. Dobäi kommen Iwwersetzunge vu Lëtzebuerger Auteuren oder och Iwwersetzunge vun der Weltliteratur an d’Lëtzebuerger Sprooch.

Scho bei der Pressekonferenz um vergaangene Freideg konnt een den neien Design vun de Regaler bestaunen, op deenen d’Bicher am Oktober troune wäerten. Besonnesch ervir gehuewe gouf dobäi den Aspekt, datt all Editeur säi Beräich esou zesumme stelle kann, wéi een et benéidegt. Ee weidere Virdeel ass, datt si sech liicht transportéieren, an duerch d’Rullen och einfach verréckele loossen. Och an Zukunft wäert een dës Regaler nach méi oft notzen.

Frankfurter Buchmesse

© Shari Pleimelding/moien.lu

Ee grousse Programm iwwer 4 Deeg

De Kaderprogramm vum Lëtzebuerger Stand zitt mat Evenementer vu Mëttwochs bis Samschdes all bicherbegeeschterte Visiteur un. Nodeems um Mëttwoch Nomëtteg d’Kulturministesch Sam Tanson bei der offizieller Erëffnung dobäi ass, geet et scho kuerz drop virun mat Presentatiounen an engem Panel, déi och un den Deeg durno viru gefouert ginn. Um Freideg Moien invitéiert de Lëtzebuerger Stand op een informellt Treffen op Aluedung, mat engem gudde Kaffi. De ganze Programm kënnt Dir HEI eroflueden.

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Literatur

Reading Luxembourg ass een nationale Programm, duerch deen d’Lëtzebuerger Wierker och am Ausland ervir gehuewe solle ginn. Duerch ee verstäerkt Branding, eng gemeinsam Kommunikatioun fir de Buchsecteur an national Editeuren, sou wéi diversen Atelieren an Evenementer zur Professionaliséierung sollt d’Organisatioun am Literaturberäich bekannt sinn.

Passend zur Frankfurter Buchmesse huet een déi eegen Internetsäit virun entwéckelt, sou datt een mat neiem modernen Design iwwerzeege kann. Ënnert anerem kann ee sech mëttlerweil fir den Newsletter umellen, Reading Luxembourg op de soziale Medie fannen a Presentatiounen zu de Lëtzebuerger Editeure fannen. Nieft engem Presseberäich an der Méiglechkeet interessant Broschüren erofzelueden, kënnen och professionell Acteuren aus dem Secteur sech am interne Forum umellen a sech esou iwwert d’Plattform austauschen.

Besicht een d’Frankfurter Buchmesse an et mëscht een eng Foto beim Lëtzebuerger Stand, esou sollt ee beim Deelen op de soziale Medien op kee Fall d’Hashtags #ReadingLuxembourg a #ReadingLX vergiessen.

Frankfurter Buchmesse

© Alexander Heimann/Frankfurter Buchmesse

Zur literarescher Foire

D’Frankfurter Buchmesse gehéiert zu de weltwäit gréisste Foire fir Bicher a Literatur. Mat iwwer 285.000 Visiteuren u 5 Deeg, méi wéi 7.500 Exposanten a 4000 Evenementer kann ee bal nëmme vu Superlative schwätzen.

D’Geschicht vun der literarescher Foire geet op eng méi wéi 500 Joer al Traditioun zeréck. Schonn zur Zäit vum Johannes Gutenberg, deen de Buchdrock revolutionéiert huet, hunn divers bekannt Buchdrécker d’Frankfurter Buchmesse zu engem wichtegen Evenement vun der Literatur gemaach. Duerch politesch Spannungen an d’Zensur konnt déi enorm Foire eréischt am Joer 1949 nei opliewen an 205 däitsch Aussteller representéieren. Zënter dem 1. Abrëll 2005 ass de Juergen Boos den Direkter vun der Frankfurter Buchmesse.

An éischter Linn déngt d’Evenement als professionell Foire fir Editeuren, Literaturagenten, Bicherverkeefer, Bibliothekär, Wëssenschaftler, Illustratoren, Iwwersetzer, Drucker, Kënschtler, Auteuren an all aner qualifizéiert Persounen aus der Branche. An zweeter Linn riicht sech d’Foire un den allgemenge Publikum, deen u Liesungen an aneren Aktiounen deelhuelen, säi Liiblingsauteur kenneléieren oder och dat eent oder anert neit Wierk kafe kann.

Opmaacherfoto: © Alexander Heimann/Frankfurter Buchmesse

Ähnlech Sujeten ALAC, Auteur, Black Fountain Press, Capybarabooks, Editions Gérard Klopp, Editions Guy Binsfeld, Editions Phi, Editions Saint-Paul, Frankfurter Buchmesse, Hydre Editions, Kremart Edition, Literatur, Marc Rettel, Op der Lay, Reading Luxembourg, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel