Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht
International Neiegkeeten

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem
International Neiegkeeten

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem

E Freideg war déi franséisch Sängerin Zaz an der Rockhal

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?
International Neiegkeeten

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?

An der russescher Duma (Parlament) soll e Gesetzprojet ugeholl ginn,

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Bei eisen däitschen Noperen ass et de sozialisteschen Aarbechtsminister Hubertus Heil, dee virschléit, all Mënsch dee 35 Joer kotiséiert huet, sollt Usproch op 900 Euro Grondrent hunn. Finanzéiert gi muss dat ganzt och, an hei ass rieds vu Milliarden. Wéi et awer ka goen, erkläert:

Wien ass Beneficiaire?

De wichtegste Kritär deen eng Persoun eligibel mécht fir déi Grondrent vun 900 Euro, ass den Noweis, mindestens 35 Joer laang kotiséiert ze hunn. Et ass dobäi onerhieflech, ob ee Vollzäit oder Deelzäit beschäftegt war, an esouguer d‘Erzéiung vun de Kanner oder d‘Fleeg vun engem Familljemember, gëtt bei der „Bewäertung“ berécksiichtegt.

Beim aktuelle Stand, ass et an Däitschland esou, datt wien 35 Joer laang fir de Mindestloun de Bockel higehalen huet, sech iwwert eng Rent vun ënner 520 Euro freeë muss. Dem Minister säi Virstouss, wier deemno eng Moossnam géint d‘Altersaarmut generell, a géint d‘Aarmut vu Frae ganz besonnesch. Usproch op Grondrent, hätten eng 4 Millioune Mënschen.

Wéi aarm muss ee sinn fir dat ze erhalen?

Am Géigesaz zum „Hartz IV“, enger pervertéierter sozialer Ofsécherung, wou als éischt och dee leschte gespuerte Cent muss „verbrannt“ ginn, soll et bei der Grondrent eppes méi manéierlech zougoen. Wat ee sech erspuert huet, den Eegentum an Akommes aus anere wéi staatleche Fongen, wëll de Sozialist net zur „Bewäertung“ erunzéien. Kléngt gutt, mee déi aner maachen net mat.

Am Koalitiounsaccord vun der GroKo (SPD-CDU-CSU) ass sech nämlech op d‘Iwwerpréiwe vun der Bedierftegkeet gëeenegt ginn. Et schéngt ee sech den Ament wuel eens doriwwer, datt dat Haus an deem de Beneficiaire vun der Grondrent lieft, esouwäit se Proprietaire dovunner ass, soll net an d‘Berechnung zur Bedierftegkeet afléissen. Et soll engem net méi alles geholl ginn…

Woubäi d‘Kollegen aus dem konservative Lager, et gären hätten datt Betribsrenten, Akommes aus privater Virsuerg oder dem Revenu vum Liewenspartner, berécksiichtegt ginn. Wéi dat zu gudder Lescht alles matenaner soll verrechent ginn, doriwwer ass nach weider net geschwat ginn. Et muss awer, esou zumindest liest sech de Virschlag, eng reell a novollzéibar Bedierftegkeet bestoen.

Wou huelen d‘Sozialisten d‘Geld hir?

Déi Räich méi staark besteieren, Industrie a Wirtschaft an d‘Verantwortung huelen, dat wier eng seriéis Optioun, mat där esou eng Grondrent ka kofinanzéiert ginn. Den Hubertus Heil huet sech jo och fir eng Finanzéierung aus Steiermëttel agesat, mee dat ass mat der politescher Ausriichtung vun de konservativen Uniounsparteien net ze maachen. E Kueb pickt dem anere bekanntlech keen A aus.

Bei der Unioun ass een der Usiicht, datt d‘Grondrent iwwer d‘Renteversécherung muss finanzéiert ginn, wat zwangsleefeg zu enger Bäitragserhéijung bei den Aktive féiert. Et ass also kengesfalls beabsichtegt, d‘Finanzéierung vun der Grondrent op déi „breet Schëlleren“ ze verdeelen, mee wéi gewinnt, de Mëttelstand ze belaaschten. Dat sinn déi eenzeg déi nach Steiere bezuele mussen.

Gewosst ass jiddefalls, datt den Aarbechtsminister d‘Grondrent net aus dem Staatshaushalt wäert finanzéiere kënnen. Berlin hält un enger „Null“ fest, déi jee no politescher Siicht emol schwaarz, oder rout soll sinn. De Budget, egal wéi eng Faarf en huet, kann d‘Grondrent net droen. Wat d‘Geld fir d‘finanzéiere vun de Rente betrëfft, esou huet hei bis 2023 en Defizit vu 25 Milliarden.

Dréit eng Grondrent zur Gerechtegkeet bäi?

Aarm Mënschen, grad a besonnesch wa se sech e Liewe laang näischt anescht zu Scholde komm gelooss hunn, wéi hir Aarbechtskraaft ënner Wäert verkaf ze hunn (an dat och seele fräiwëlleg) sollen am Alter esou ofgeséchert sinn, datt se net Pfandfläsche sammelen, Zeitungen ausdroen oder soss enger Beschäftegung mussen nogoen. Esou gesi wier et e Schratt an déi richteg Richtung.

D‘Sozialverbänn begréissen zumindest d‘Propose vum Aarbechtsminister, well esou zumindest d‘Liewensleeschtung unerkannt gëtt. Diskussiounsbedarf géif et awer nach, well d‘Zuel vu 35 Joer deene meeschte Verbänn ze héich ugesat ass. Wann een d‘Grondrent als Äntwert of gesellschaftlech Fakte betruecht, misst et eigentlech ersiichtlech sinn, datt 30 Joer kotiséiere schwéier genuch ass.

Beim FDP-Chef Christian Lindner (liberal) stéisst de Prinzip net op Géigeléift. Hie wëll um bestoende System festhalen, wou d‘Héicht vun der Rent vun deem ofhängeg ass, wat een abezuelt huet. Hie mengt, datt mat dëser Ëmstellung, eng Persoun déi a 34 Joer vill Geld abezuelt huet, op emol méi schlecht kéint gestallt sinn, wéi e Mënsch dee et just esou zum „minimum“ bruecht huet.

A wat seet „Mutti“ dozou?

D‘Bundeskanzlerin Angela „wir schaffen das“ Merkel gesäit dem Hubertus Heil seng Pläng fir eng bedéngungslos Grondrent, net mat engem gudden A. Déi promouvéiert Physikerin a fréier FDJ-Aktivistin, bezitt sech op de Wuertlaut aus dem Koalitiounsaccord, an do wier däitlech notéiert ginn datt eng Bedierftegkeetsiwwerpréiwung virgesinn ass, an sech dorunner och orientéiert gëtt.

Laut dem Angela Merkel muss e berécksiichtegen, datt manner Steieren ageholl ginn – well ee jo déi Räich muss entlaaschten – an esou schéi wéi de Wonsch no méi Gerechtegkeet ass, et misst ee sech deen och leeschte kënnen. Dat schéngt aktuell net de Fall ze sinn, an d‘Bundeskanzlerin sot: „Mir waarden elo emol of, op wat mir eis eenege kënnen“. Dat heescht den Dossier ass Dout…

Wien haut schonn Usproch op dës Grondrent hätt, wäert et net méi erliewen, datt him am Alter esou eppes wéi Respekt entgéintbruecht gëtt. Et gëtt jo net eréischt säit engem Hubertus Heil iwwer déi Grondrent geschwat. Wann et allerdéngs esoulaang bei de Grondrent dauert, wéi et Zäit gebraucht huet fir ee (schlechten) Mindestloun op d‘Been ze stellen, da brauch et Generatioune bis et klappt.

mam Jonas Sauerwein/indymedia, ber

Ähnlech Sujeten Däitschland, Grondrent, Hubertus Heil, Kotisatioun, sozial Gerechtegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel