Liicht getéitscht, mee glécklech – Stock-Car an der Belle Etoile!
Nach bis den 1. Juni stellen d’Membere vum Stock Cars
Nach bis den 1. Juni stellen d’Membere vum Stock Cars
Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum
D’Open Air Konstfestival A.s.b.l. luet den 23. Juni 2019 op
D‘Aarbechte laanscht der A13 tëscht Beetebuerg an Diddeleng komme gutt virun, an hisichtlech der Ëmstellung op 2 mol zwou Bunne vum Streckenofschnëtt op der Héicht vum Echangeur „Bireng“, huet d‘Stroossebauamt (Ponts & Chaussées) matgedeelt, datt et tëscht dem Beetebuerger an dem Echangeur Keel, zur Spärung vun der Schnellstrooss, vu Samschdeg 16 bis Méindeg 6 Auer kënnt.
Et gi Barragen opgestallt, déi sech mam Aarbechtsfortschrëtt deplacéieren. E Samschdeg ass vun 18 bis e Méindeg 6 Auer d‘Autobunn ab Echangeur Bireng bis Echangeur Keel zou. Dat gëllt och fir déi entgéintgesate Richtung, ab e Samschdeg 20 Auer. Et gëtt preziséiert, datt de Verkéier, dee vun der A4 a Richtung Beetebuerger Kräiz, iwwert d‘A13, an ab dem Echangeur Keel op den CR165 an d‘N31 bis Echangeur Bireng, fir nees op d‘A13 ze gelaangen, ëmgeleet gëtt.
Wien vun den Autobunnen A3 (aus Richtung Metz) an A13 (aus Richtung Schengen) op d‘A4 wëll, gëtt ab dem Beetebuerger Kräiz iwwert d‘Gaasperecher Kräiz an d‘A6 bis zum Zéissenger Kräiz ëmgeleet, wou een dann nees op der A4 ass. De Verkéier tëscht dem Echangeur Keel a dem Echangeur Bireng gëtt a béide Richtungen iwwert den CR165 an d‘N31 ëmgeleet.
Hei kënnt et onweigerlech zu Virbereedungsaarbechten, déi noutwenneg sinn, fir déi verschidde Phase vum Chantier anzeriichten. Do wier dann och mat Behënnerungen ze rechnen, a wie kann, sollt dëse Beräich evitéieren. Ab e Méindeg ass dann alles nees wéi gewinnt. De ganze Plang wéi de Verkéier ëmgeleet gëtt fannt dir HEI.