Search

You may also like

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz
Neiegkeeten

Esch Uelzecht geet der LSAP verluer a gesäit schwaarz

Op d’LSAP mam Vera Spautz nach emol de Buergermeeschter an

Eng Woch fir Sträichinstrumenter
Neiegkeeten

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien
Neiegkeeten

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien

Déi „populistesch“ Regierung an Italien hat versprach dat neit „Biergerakommes“

Airbus A400M: E militäresche Koloss fir Lëtzebuerg

Viru bal 20 Joer huet Lëtzebuerg de Militärfliger A400M bestallt, viru 7 Joer sollt e geliwwert ginn. Mat ganz liichter Verspéidung ass de fléiende Koloss, deen de Groussherzogtum 200 Milliounen beim Kaf kascht huet, gëschter um Findel gelant.

Mat dobäi waren de Verdeedegungsminister François Bausch an de Generol Steve Thull, neie Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi. Ganzer 45 Meter Längt, bësse méi wéi 42 Meter Breet an 14,6 Meter Héicht kann den A400M opweisen. Am spuenesche Sevilla ass d’Maschinn vum Constructeur Airbus gebaut ginn, an esou ka Lëtzebuerg elo senge Verflichtunge géigeniwwer der NATO nokommen.

A400MBelgian Air Force

Um Findel wäert de Fliger, dee fir militäresch an zivil Zwecker genotzt wäert ginn, allerdéngs net laang bleiwen. Nodeems sech haut de Mëtteg S.A.R. de Groussherzog en eegent Bild vun der neier Spillsaach mécht, soll den A400M e Freideg um 9:00 Auer, sou fern et d’Wiederkonditiounen zouloossen, am Déiffluch iwwert Lëtzebuerg kreesen, sou datt och d’Ëffentlechkeet de grousse Vull um Himmel bewonnere kann.

Nom Tour iwwert d’Stad, Arel, Esch, d’Musel, Dikrech a Klier geet et schliisslech op de belsche Militärstëtzpunkt zu Melsbroek, wou de Fliger stationéiert an ënnerhale gëtt. Op de Kafpräis kommen nach emol zousätzlech 420 Milliounen Euro bäi, fir den A400M déi nächst 35 Joer notzen ze kënnen.

A400M
Lëtzebuerger Arméi / Twitter

Zanterdeem 3 Fligere vum Typ Piper PA-18 Super Cup an d’Pensioun gaange sinn, ass dëst den éischte Lëtzebuerger Militärfliger säit 1968. Ganz der Traditioun no gouf de militäreschen Transportfliger vun der Arméi mat Waasserstrale begréisst.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © EMA

Related topics A400M, Arméi, Belsch, Findel, Francois Bausch, Generol Steve Thull, Melsbroek, Militärfliger
Next post Previous post