Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Prost op de Millésime 2017
Neiegkeeten

Prost op de Millésime 2017

Net nëmmen de Baueren hunn d‘Laune vum Wieder dëst Joer

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“

D’Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet gouf vun der Societéit Delhaize informéiert, datt de

Groussbritannien geet d‘Schutzkleedung aus
Neiegkeeten

Groussbritannien geet d‘Schutzkleedung aus

Wärend sech de britesche Premierminister Boris Johnson erhëlt an vun

Aarbechten an der Allée Pierre de Mansfeld

Aarbechten an der Allée Pierre de Mansfeld

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt e Samschdeg, de 25. Januar 2020 vu 6:30 bis 18:00 Auer Ënnerhalungsaarbechten op der Héicht vun den Haiser 2-8 an der Allée Pierre de Mansfeld duerchgefouert ginn.

Mat dësen Aarbechte kënnt et zu enger Rei Ännerungen am Verkéier, wéi och am ëffentlechen Transport:

  • D’Allée Pierre de Mansfeld ass vu 6:30 bis 18:00 Auer tëscht der Rue Jules Wilhelm an der Rue de Clausen gespaart. Den Accès fir Awunner gëtt iwwert op der Säit vun der Rue de Clausen oder der Säit vun der Rue du Fort Olisy garantéiert.
    D’Stad Lëtzebuerg suergt fir déi noutwenneg Beschëlderung.
  • D’Buslinnen 23 a 26 wäerte folgend Arrêten net ufueren: Stade, G. Diderich, Sichenhaff, Pfaffenthal, Halte CFL, Théiwesbur, Vauban an Ste Cunégonde. Dës Ännerung am ëffentlechen Transport gëllt vu 6:30 bis 18:00 Auer a béid Richtungen.
    D’Linnen 23 a 26 ginn iwwert d’Côte d’Eich an d’Montée de Clausen ëmgeleet, eraklamme kann een um Arrêt Eecher Plaz a Clausener Bréck.
    Fir weider Detailer sollt ee sech de Fuerplang op dëse béiden Haltestellen ukucken.
  • Als Alternativ ass et méiglech de Lift Pafendall-Pescatore oder och de Funiculaire Pafendall-Kierchbierg ze huelen an esou op weider Buslinnen aus dem Reseau zougräifen ze kënnen.

Allée Pierre de Mansfeld

Ähnlech Sujeten Allée Pierre de Mansfeld, Buslinn 23, Buslinn 26, Chantier, Ëffentlechen Transport, Ënnerhalungsaarbechten, Funiculaire, Spärung, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel