Search

You may also like

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport

Wat sech am Ament am ëffentlechen Transport ofspillt ass gelënnert

Wéi gutt kanns du d’Distanzen am Land ofschätzen?
Neiegkeeten

Wéi gutt kanns du d’Distanzen am Land ofschätzen?

[onionbuzz quiz-id=193][/onionbuzz] Gëllen dinn d’Loftlinnen. Zum Erfaassen ass Geoportail geholl

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

Aarbechten an der Hollerecher Strooss um 23. Februar 2020

Aarbechten an der Hollerecher Strooss um 23. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt um Sonndeg, den 23. Februar 2020 tëscht 6:00 an 18:00 Auer an der Hollerecher Strooss mam Kran geschafft gëtt. Duerch de Chantier wäert a Richtung Rue Jean-Baptiste Merkels Sens Unique sinn.

Den Zirkuslatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg wäert sech ëm eng adequat Beschëlderung këmmeren. Wien den ëffentlechen Transport notzt, sollt op folgend Ännerungen oppasen:

  • Linn 1/125, 4 a 27: Ab der Route d’Esch ginn d’Busser a Richtung Gare iwwert d’Rue de la Déportatioun an d’Rue d’Alsace ëmgeleet.
  • D’Arrêten Assurances Sociales quai 2 (Linn4), wéi och Jean-Pierre Merkels a Fonderie (1/125, 4 a 7) a Richtung Gare entfalen.
    • Linn 1/125 a 27: Ersat gëtt duerch d’Haltestell Assurances Sociales Quai 3 (154, route d’Esch)
    • Linn 4: Ersat gëtt duerch den Arrêt Hollerich-Gare (Rue de la Déportation)
  • Linn 170: Depart ass um Arrêt Luxembourg Gare quai 104 (tëscht der Rue d’Épernay an der Rue du Commerce), deen den Arrêt Fonderie ersetzt.

Hollerecher Strooss

Sollten d’Wiederkonditiounen schlecht sinn, da ginn och d’Aarbechte verlängert. D’Stad Lëtzebuerg seet am viraus schonn alle Bierger an Notzer vum ëffentlechen Transport Merci fir hire Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Bus, Chantier, Ëffentlechen Transport, Gare, Hollerecher Strooss, Sens Unique, Stad Lëtzebuerg, Transport, VDL, Verkéier
Next post Previous post