Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online
Neiegkeeten

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online

Déi national Agence fir Informatioune fir Jugendlecher ANIJ huet elo

OZONE Trampolinpark – Gehopst wéi gesprongen!
Neiegkeeten

OZONE Trampolinpark – Gehopst wéi gesprongen!

Am Abrëll 2019 huet den Trampolin- an Ninjapark OZONE seng Dieren

What the Fakt – internationale LEGO-Dag
Neiegkeeten

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege

Infrastrukturaarbechten an der Rue Auguste Laval (ab dem 16.05.2020)

Infrastrukturaarbechten an der Rue Auguste Laval (ab dem 16.05.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz an un den Infrastrukturen an der Rue Auguste Laval zu Ännerungen am ëffentlechen Transport kënnt. Geschafft gëtt vu Samschdes, de 16. Mee 2020 um 6:00 Auer bis Sonndes, de 17. Mee 2020 um 18:00 Auer.

Wärend dësen Aarbechten gëtt aus der Rue Auguste Laval vun der Rue Munchen-Tesch a Richtung a bis bei d’Rue d’Eich eng Eebunnsstrooss. Och bei de Buslinnen 12, 21 an 23 an den Trajet a Richtung Weimeschkierch, Eesch an Dummeldeng kënnt et zu Ännerungen:

  • Linn 12 an 23: Ëmleedung ab der Plaz F.J. Dargent (Arrêt Eecherplaz) iwwert d’Eecher Stroossn, d’Route d’Echternach an d’Rue A.-F. Van der Meulen a Richtung Terminus beim Parc de l’Europe, respektiv Beggen-Henri Dunant. D’Haltestellen Lavals Park, Knupp, Tommys Bruch a Biechelchen vun der Linn 12, so wéi den Arrêt Dummeldeng-Contournement vun der Linn 23 falen ewech a ginn duerch provisoresch Haltestellen op der Héicht vun der Hausnummer 10 an 38 vun der Route d’Echternach ersat, vu wou aus een nees iwwert Tommys Bruch an d’Rue des Sources, oder iwwert d’Foussgängerbréck iwwert de Contournement vun Dummeldeng kënnt;
  • Linn 21: De Bus fiert der Deviatioun iwwert d’Eecher Strooss a fiert dann ab der Route d’Echternach iwwert de Contournement a Richtung vum Terminus Eech, Cente Culturel.

Rue Auguste Laval

De Retour a Richtung Stadzentrum oder Gare verleeft wéi gewinnt.

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung. Schonn am viraus soe si Merci fir de Versteesdemech, falls et zu Onannehmlechkeete komme sollt.

Ähnlech Sujeten Aarbechten, Bus, Chantier, Ëmleedung, Infrastruktur, Linn 12, Linn 21, Linn 23, Rue Auguste Laval, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Versuergungsnetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel