Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“
Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“

Nodeems Saudiarabien zouginn huet, datt de Jamal Khashoggi ob hirer

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt
Neiegkeeten

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt

Se sinn iwwert eng Milliard an der Welt déi et

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt
Neiegkeeten

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt

Mam villen Hin an Hier bei der CSV, déi engersäits

Aarbechten an der Tréierer Strooss (23.08.2020)

Aarbechten an der Tréierer Strooss (23.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et duerch den Debranchement vum Reseau an der Tréierer Strooss zu engem Chantier kënnt. D’Aarbechte fänke Sonndes, den 23. August um 6:00 Auer un an dauere bis 22:00 Auer.

Duerch de Chantier op der Héicht vun der Hausnummer 54 gëtt et eng Rei Ännerungen am Verkéier an ëffentlechen Transport. D’Tréierer Strooss wäert wärend den gesamten Aarbechten tëscht der Rue du Rham an der Rue de la Tour Jacob gespaart sinn. Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung fir d’Ëmleedung.

Tréierer Strooss

Bei de Linnen 14 an 20 vun de Stater Bussen gëlle folgend Changementer:

  • Linn 14: Ab dem Zentrum a Clausen fiert dës Linn iwwert Neiduerf an d’Kalchesbréck a Richtung Cents/Fetschenhaff. Um Cents gi verschidden Arrêten vis-à-vis vun der gewinnter Haltestell ugefuer;
  • Linn 14: D’Busser mam Depart Cents, Waassertuerm a Richtung Zentrum fueren no der Desserte vun der Cité Henri Frommes iwwert d’Kalchesbréck an Neiduerf an den Zentrum;
  • Linn 20: Tëscht Clausen an dem Fetschenhaff gëtt dës Linn an déi zwou Richtungen iwwert Neiduerf an d’Kalchesbréck ëmgeleet;
  • Linn 14 an 20: D’Haltestellen Tour Jacob, Rumm, Dinselpuert an Kéibierg-I.N.S. entfalen;
  • D’Haltestellen Tawioun a Fort Dumoulin gi vun der Linn 20 ugefuer, an net vun der Linn 14.

Duerch dës Ännerunge kann et zu Verspéidunge kommen. Plangt also besser e bësse méi Zäit fir Äre Wee an.

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech, zesumme mam Service Autobus, fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Chantier, Debranchement, Linn 14, Linn 20, Reseau, Service Autobus, Stad Lëtzebuerg, Transport, Tréierer Strooss, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel