Search

You may also like

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden
Neiegkeeten

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden

Et war schonn déi drëtt Editioun vun der „Luxembourg Gaming

money
Index vun de Konsumpräisser
Neiegkeeten

Index vun de Konsumpräisser

Déi Lëtzebuerger Legislatur gesäit vir, datt all Joers d‘Gewiichtung vun

Vu ganzem Häerzen!
Neiegkeeten

Vu ganzem Häerzen!

Mäin Numm ass Alain Greiveldinger, ech sinn 39 Joer an

Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald ab e Freideg

Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald ab e Freideg

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt dëse Weekend den Tapis am Tunnel Cents erneiert gëtt a Maintenance-Aarbechten am Tunnel Houwald duerchgefouert ginn. Doduerch kënnt et zu Spärungen an Ëmleedungen fir Verkéier.

D’Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald fänken e Freideg, den 15. Mee 2020 géint 21 Auer un an daueren bis Sonndes, de 17. Mee 2020 géint 20 Auer. D’Aarbechte sinn an 3 Phasen opgedeelt.

Folgend Spärungen an Ëmleedunge si virgesinn:

Phas 1 (Vum 15. Mee 2020 géint 21 Auer bis zum 16. Mee géint 16 Auer)

  • D’Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an dem Echangeur Hamm ass gespaart;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Kierchbierg, wann ee vun der N51 kënnt an a Richtung Echangeur Hamm fiert, ass gespaart;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vun der Jonctioun Gréngewald vun der A7 an a Richtung vum Echangeur Hamm (A1) ass gespaart.
  • Den Trafic, dee vun der N51 (Echangeur Kierchbierg), der A7 (Jonctioun Gréngewald) an der A1 (Treier) kënnt an a Richtung Echangeur Hamm ënnerwee ass gëtt ëmgeleet ab dem Echangeur Sennengerbierg iwwert d’N1, d’N1A an d’N2a bis bei den Echangeur Hamm.

Phas 2 (Vum 15. Mee 2020 géint 22 Auer bis de 16. Mee 2020 géint 6 Auer)

  • D’Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Hamm an dem Gaasperecher Kräiz ass a Richtung Gaasperecher Kräiz gespaart;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Hamm, wann ee vun der N2/N2A kënnt an a Richtung Gaasperecher Kräiz vun der A1 fiert, ass gespaart.
  • Den Trafic, dee vum Rondpoint Irgäertchen vum Echangeur Hamm kënnt an a Richtung Gaasperecher Kräiz fiert, gëtt ëmgeleet iwwert d’N1, d’N2 an d’B3 bis bei de Rondpoint Gluck vun der A3 an a Richtung Gaasperecher Kräiz.

Phas 3 (Vum 16. Mee 2020 géint 20 Auer bis zum 17. Mee 2020 géint 18 Auer)

  • Spärung vun der Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Hamm an dem Echangeur Kierchbierg a Richtung Treier.
  • Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz vun der A1 kënnt an a Richtung Tréier ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet ab dem Echangeur Hamm iwwert d’N2A, d’N1A an d’N1 bis bei den Echangeur Sennengerbierg.
Related topics Echangeur Hamm, Echangeur Kierchbierg, Gaasperecher Kräiz, Maintenance, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Tapis, Tréier, Tunnel Cents, Tunnel Houwald
Next post Previous post