Search

You may also like

Nee zur Endlagerung vun Atomoffäll un der Lëtzebuerger Grenz!
Neiegkeeten

Nee zur Endlagerung vun Atomoffäll un der Lëtzebuerger Grenz!

Op internationalem Niveau gouf der Belsch virgeschriwwen, datt eng politesch

Lëtzebuerger Ausseminister am Clinch mat de Noperen
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister am Clinch mat de Noperen

Fir den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP), deen sech via Livestream

Kinepolis: Hei rullt de Rubel
Neiegkeeten

Kinepolis: Hei rullt de Rubel

Mat dräi Standuerter ass Kinepolis esou eppes wéi de Plazhalter

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt d’Strooss am Val Sainte Croix, vun der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs nei gemaach gëtt. De Chantier dauert vu Samschdes, de 6. Juni um 9:00 Auer bis Méindes, den 8. Juni um 18:00 Auer.

Duerch d’Aarbechte kënnt et zu Ännerungen am Stroosseverkéier.

Vu Samschdes, de 6. Juni um 9:00 Auer bis Sonndes, de 7. Juni um 20:00 Auer:

  • Spärung vum Val Sainte Croix tëscht der Rue d’Amsterdam an dem Square de New York;
  • Spärung vun der Allée Léopold Goebel;
  • Spärung vun der Avenue des Archiducs tëscht der Allée Léopold Goebel an dem Val Sainte Croix;
  • Ëmleedung vun de Linnen 8 an 12 a béid Richtungen tëscht der Stäreplaz an der Rue d’Amsterdam iwwert d’Areler Strooss, d’Rue d’Ostende an d’Place des Pays-Bar. D’Haltestellen New York, Archiducs an Amsterdam entfalen a ginn ersat duerch den Arrêt Service d’Incendie (Areler Strooss) a provisoresch Haltestellen bei der Place des Pays-Bas (op der Héicht vun den Hausnmmeren 7-11 vun der Rue d’Amsterdam).

Méindes, den 8. Juni vu 7:00 bis 18:00 Auer:

  • Spärung vun der Avenue des Archiducs tëscht der Allée Léopold Goebel an der Avenue Gaston Diderich;
  • Spärung vun der Rue Mathieu Lambert Schrobilgen;
  • Spärung vun der Rue Jean-Baptiste Esch.

Val Sainte Croix

Den Zirkulatiounsservice vu der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet alle Bierger Merci fir hire Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Aarbechten, Allée Léopold Goebel, Avenue des Archiducs, Chantier, Stad Lëtzebuerg, Stroosseverkéier, Val Sainte Croix
Next post Previous post