Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Burkaverbuet als EU-Direktive?
Neiegkeeten

Burkaverbuet als EU-Direktive?

Nodeems den europäesche Geriichtshaff an der leschter Woch entscheet huet:

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet
Neiegkeeten

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet

Wann et vir dat Vereentent Europa esou einfach wier sech

Coronavirus bréngt Australien Massenaarbechtslosegkeet a Rezessioun
Neiegkeeten

Coronavirus bréngt Australien Massenaarbechtslosegkeet a Rezessioun

D‘Land dat op eiser Säit och emol Scherzhaft „Down Under“

Aarbechten um Waassernetz an der Stad Lëtzebuerg

Aarbechten um Waassernetz an der Stad Lëtzebuerg

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier op der Kräizung vun der Rue du Cimetière, der Rue M.S. Beving an der Rue des Légionnaires um Waassernetz geschafft gëtt. Dës Aarbechten dauere vun Dënschdes, den 2. Juni um 7:00 Auer bis Samschdes, de 6. Juni um 18:00 Auer.

Wärend der ganzer Dauer vun den Aarbechte gëlle folgend Ännerungen:

  • D’Rue du Cimetière ass tëscht der Rue de l’Hippodrome an der Rue Demy Schlechter gespaart;
  • D’Rue des Légionnaires ass tëscht der Rue Auguste Letellier an der Rue du Cimetière gespaart;
  • An der Rue de l’Hippodrome vun der Rue du Cimetière a Richtung a bis bei d’Route de Thionville ass Sens Unique.

Fir d’Buslinnen 3/30 a 27 gëlle folgend Ännerungen:

  • D’Haltestell St Willibrord (Linn 3/30 a 27) fält ewech a gëtt ersat duerch den Arrêt Hippodrome (Route de Thionville);
  • D’Haltestell L.T. de Bonnevoie (Linn 3 an 30) entfält dagsiwwer a gëtt ersat duerch den Arrêt Neufchâteau. Zu Spëtztenzäiten si Korrespondenzen tëscht de Linnen 3 an 30 virgesinn. D’Verbindung zum Arrêt L.T. de Bonnevoire ass garantéiert.

Waassernetz

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Ännerungen, Chantier, Rue des Légionnaires, Rue du Cimetière, Rue M.S. Beving, Stad Lëtzebuerg, Waassernetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel