Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An d‘Netz gaangen
Neiegkeeten

An d‘Netz gaangen

Mir kréien et bei all Wahlkampf op en Neit ze

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun

Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.

Déi nei Fräiheet
Neiegkeeten

Déi nei Fräiheet

Lëtzebuerg wier et gelongen dat schlëmmst ze verhënneren, huet de

Protest géint d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune beim TICE

Protest géint d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune beim TICE

Bis ewell hunn sech déi politesch Verantwortlech beim TICE op stur an d‘Oueren op Duerchzuch gestallt, wann d‘Personaldelegatioun op Mëssstänn higewisen huet. D‘Virwërf ginn net behäerzegt an esou och net manner: rieds ass vu Loundumping an Aarbechtssécherheet, woubäi elo och nach vun enger massiver Entwäertung vun den Aarbechtskonditioune muss geschwat ginn.

TICE

© Martine de Lagardère/moien.lu

Fir op dës gravéierend Mëssstänn opmierksam ze maachen huet den Departement „Ëffentlech Déngschter“ vum OGBL/Landesverband haut de Moien um Sëtz vum TICE zu Esch eppes Kaméidi geschloen. Mam Protestpiquet vun de Moien, sollen d‘Bierger iwwert d‘Zoustänn beim TICE informéiert a méiglechst och sensibiliséiert ginn. Hei goufen dann och nach emol déi säitens dem Personal formuléierte Revendicatioune virgeluecht.

Déi zentral Fuerderung hei: d‘Ëmsetzen an d‘Uwenne vum Kollektivvertrag vun de Salariéeë vun de Südgemengen. Hei dierf drop higewise ginn, datt déi Lounofhängeg beim TICE zur Stonn guer kee Kollektivvertrag hunn an hir Paien ëm 30% ënnert deene vun de Gemengenaarbechter geleeën ass. Zudeem géif et elo ganz héich Zäit d‘Effektiver – gemengt ass d‘Zuel vun de Buschaufferen – un d‘Ufuerderunge vum Service unzepassen.

TICE

© Martine de Lagardère/moien.lu

Beim TICE stinn eng 10.400 Iwwerstonnen um Leescht an gutt 800 mol hu misse Mataarbechter de Congé ofbrieche fir d‘Kontinuitéit vum Service sécherzestellen. Do kann engem da schonn emol den Hutt héich goen. Eng weider Revendicatioun ass déi direkt Uwennung vun der Prozedur zur Fonctionalisatioun vun de Stagiaire/Fonctionnaire. Et misst elo Schluss gemaach ginn, mam onrechtméissege Gebrauch vun Zäitverträg bei Neiastellungen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aarbechtskonditiounen, Aarbechtssécherheet, Iwwerstonnen, Kollektivvertrag, Landesverband, OGBL, TICE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel