Search

You may also like

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!
Meenung Neiegkeeten

Opgepasst: Saisonsbedingte Wëldwiessel!

De Fall gesat et wier iech entgaangen: wëll Déieren halen

„Märd alors !!!“ – E kabarettistesche Réckbléck op d’Joer 2018
Meenung Neiegkeeten

„Märd alors !!!“ – E kabarettistesche Réckbléck op d’Joer 2018

Den 31. Januar kann ee sech op ee lëschtegen Owend

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen
Meenung Neiegkeeten

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen

Och gëschter huet den CGDIS nees zuelräich Bränn, verdeelt am

D’Jonk Sozialisten zu den Aarbechtskonditiounen vun den essentielle Secteuren

D’Jonk Sozialisten zu den Aarbechtskonditiounen vun den essentielle Secteuren

Ugesiichts der sanitärer Kris, déi duerch de Covid-19-Virus bestëmmt gëtt, hunn d’Membere vun de Lëtzebuerger Jonke Sozialisten sech mobiliséiert, fir datt dës epidemesch Kris net den Drock op d’Personal an de Secteure vun den essentiellen Aktivitéiten vergréissere soll, sief et um Niveau vun der Aarbechtsbelaaschtung oder hirem mentale Wuelergoen.

Mir erënneren un d’Propositioun vun der LSAP vun 2018 fir d’Aarbechtszäiten op eng maximal Woch vun 38 Stonnen ze reduzéieren. Et ass noutwenneg als Gesellschaft op laang Siicht human, sozial, abordabel an akzeptabel Aarbechtskonditiounen ze garantéieren.

Den Gesetzesprojet 7689 mat Ausnahmereegelung fir den Artikel L. 211-12 vum Code du Travail, mat senger aktueller Formulatioun deen d’Modalitéiten zu den zousätzlechen Aarbechtsstonnen an den essentielle Secteure virgesäit – dorënner d’Santé, Spideeler, den Hëllefs- a Fleegesecteur, Laboen a Wunnstrukture fir Jonker – verstéisst géint zuelräich fundamental Prinzipien déi eis wichteg sinn.

Trotz dem Bewosstsinn dat mir géigeniwwer der Situatioun vun der aktueller sanitärer Kris aussergewéinlechen an noutwennegen Uspréch hunn fir deem entgéint ze wierken, ass et noutwenneg, souguer akut, datt esou Noutwennegkeeten net géint de concernéierte Persounen hir Liewensqualitéit ginn an hinnen exzessiv an onméiglech Aarbechtsbelaaschtungen zougedroe ginn, déi de Kapassitéiten vum gesamte Gesondheetssystem laangfristeg schiedegen.

Dofir riichte mir e Rappell un d’Employeuren aus de concernéierte Secteuren zur

  • Noutwennegkeet vun engem Accord vun der Personaldelegatioun oder dem Syndikat, deen de concernéierte Secteur representéiert, wéi an der europäescher Direktiv 2003/88 virgesinn;
  • D’Obligatioun vun enger Paus vun op mannst engem Dag pro Woch;
  • E Verbuet zur konsequenter Uwendung vun Iwwerstonnen, no enger Period vun engem Mount Aarbecht.

An dësem Kader fuerderen déi Jonk Sozialisten:

  • Datt zousätzlech Stonnen vum Personal aus den essentielle Secteuren, déi duerch déi sanitär Kris concernéiert sinn, net besteiert ginn;
  • Datt en zousätzleche Kritär agefouert gëtt, deen bei der Demande vun den Employeuren fir zousätzlech Stonnen fir d’Personal, e Quotient tëscht feelendem a vum Virus betraffene Personal an der totaler Unzuel vu Beschäftegten justifiéiert.

Dës Propositiounen sollen déi iwwerméisseg Ausnotzung vum Personal, dat an den essentielle Secteuren an zum Nodeel vun der eegener physescher Gesondheet an dem mentale Wuelergoe schafft, verhënneren an hirer Aarbecht, déi onerlässlech ass fir dës Kris ze iwwerstoen, Wäertschätzung ginn.

Matgedeelt vun de Jonke Sozialisten
Hir offiziell Matdeelung fannt Dir hei (PDF)

Opmaacherfoto: © Engin Akyurt / Unsplash


Passend heizou:

Related topics 60 Stonne Woch, Covid-19, essentiell Aarbecht, Fleegepersonal, Gesetzesprojet 7689, Iwwerstonnen, jonk Sozialiste Lëtzebuerg, LSAP, Pandemie, Paus, Rou, Systemrelevant
Next post Previous post