Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg
Neiegkeeten

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

De Fuersécherheetszenter (Centre de Formation pour Conducteurs) huet elo annoncéiert,

dislike
Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen
Neiegkeeten

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Säit e Méindeg setzen d‘Vertrieder vun 195 Länner, ONGen a

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019
Neiegkeeten

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019

Wann een de Rapport zu den Aktivitéite vum Nordspidol (CHdN)

Den Aarbechtsmaart weider am grénge Beräich

Den Aarbechtsmaart weider am grénge Beräich

Zum 30. September waren op der ADEM 15.893 Leit ageschriwwen déi op der Sich no enger Schaff sinn. Dat ass op d’Joer gesinn eng Baisse vu 600 Eenheeten, oder 3,6%. De Chômagetaux, no de saisonsbedingte Korrekture vum STATEC, läit domatter bei 6%

D’Ursaach ass eng gesond konjunkturell Situatioun. Eng Situatioun déi besonnesch jonke Mënchen ënner 30 Joer entgéint kënnt. Hei ass et eng Baisse vun 8,9% géintiwwer September 2016.

Net vun der Konjunktur profitéieren dinn d’Demandeuren déi iwwer 50 Joer al sinn, hei muss een eng Hausse vun 1,6% constatéieren. Gutt gesäit et dann awer nees bei den Demandeuren aus, déi wéineg oder guer keng Qualifikatioun hunn. Si profitéieren am meeschte vun der favorabeler Lag um Aarbechtsmaart.

Am Laf vum Mount September haten d’Patronen der ADEM 3.294 fräi Aarbechtsplaze gemellt. Dat sinn der ronn esouvill wéi am September 2016. Insgesamt sinn op der ADEM 6.688 oppe Plaze gemellt. Och hei also eng Hausse vun 13% op e Joer.

D’Hausse ass der Nofro a folgende Beruffer geschëlt: Firmemanagement, Taxi a Persounentransport, Banken-Administratioun, Expertise a Support an der Informatik.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsmaart, Chômage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel