Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tracing-App: Wann se fäerdeg sinn hu mir se awer
International Neiegkeeten

Tracing-App: Wann se fäerdeg sinn hu mir se awer

Wéi se net do waren, hunn d‘Masken näischt genotzt, elo

Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“
International Neiegkeeten

Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“

Datt de Bierger net ëmmer gutt op d‘EU-Kommissioun ze spriechen

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
International Neiegkeeten

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

Erschreckenden Aarbechtsmaartbericht aus den USA

Zanter der grousser Depressioun vun den 30er Joer huet et net méi esou dramatesch ausgesinn

Erschreckenden Aarbechtsmaartbericht aus den USA

Am Amerika vum Donald Trump leeft zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie villes aus dem Rudder. Schlecht bis guer net virbereet, steet d‘Administratioun fir Aarbecht (DOL) mam Réck zur Wand, vu Krisegestioun kann net rieds sinn. Offiziell huet de Chômagetaux ëm 10%-Punkten zougeholl, mee dat bezitt sech op d‘Zuele bis zum 12. Abrëll. An et ass zanterhier net besser ginn.

Zu dësen „offiziellen“ Zuelen, wéi de wëchentleche Bericht dee vum DOL virgeluecht, muss een awer wëssen, datt d‘Statistik hei nëmmen déi Leit berécksiichtegt, déi sech als Demandeur mellen an aktiv no enger Schaff sichen. A ville Secteure – notamment dee vun der Gastronomie – maache vill Amerikaner dat net. Et gëtt keng Jobs an anerer si gezwongen sech ëm d‘Kanner ze këmmeren.

file:///home/patrick/2020 Pictures/05-2020 Pix/chomage usa dept of labour statement.png

Vill hunn sech zudeem „temporär“ als Chômeur androe gelooss, dat obwuel hir Aarbechtsplaz zwar nach sécher ass, mee kee Loun ausbezuelt gëtt. Et géif deemno Legiounen u Mënschen, déi guer net an de Statistiken optauchen. Zu dësen „Onsiichtbaren“ muss een nach déi Mënschen zielen, déi op Vertragsbasis fir déi sougenannt „GIG-Economy“ schaffen. Hei gëtt et beschtefalls eng Nouthëllef.

Berécksiichtegt een dës Fakten, gëtt ersiichtlech, datt déi offiziell Chômagezuelen esou net stëmme kënnen. De Fairness hallwer muss och gesot ginn, datt déi Verantwortlech vum DOL dat wëssen an esou och matgedeelt hunn. Esou heescht am Bericht, datt ënner Abezéiung vun den „temporären“ Demandeuren, de Chômagetaux bei 19,7% läit, also wéi zu Zäite vun der grousser Depressioun.

Stierwen zum Wuel vun der Wirtschaft

Dat erkläert zum Deel och, firwat vill Bundesstaaten esou séier nees alles wëllen opmaachen, well déi allermeeschte Leit déi keng Aarbecht méi hunn, och nach ouni Krankekeess do stinn an déi vun der Trump-Administratioun ugebueden Hëllef vir an hannen net duer geet. Stellt sech dann elo och déi kruzial Fro: Wéi séier ka sech den Aarbechtsmaart erhuelen? An d‘Äntwert ass net gefälleg…

Esou wéi d‘Ekipp vum zweetgréisste Führer aller Zäiten (GröFaZ) dës Kris geréiert, ginn d‘Experte vun enger zweeter massiver Infektiounswell aus. Manifestatiounen, Protest mat Waffen a lokale Parlamenter fir d‘Ëffnung/Reprise vun de Wirtschaftsaktivitéiten ze erzwéngen, iwwerfëllte Stränn a villes méi, sinn net wierklech e Beholl deen eng Auswäitung vun der Pandemie verhënnere kann.

USA

Matt iwwer 33 Millioune Chômeuren an engem Wirtschaftssystem dee grad beweist, datt dëse fir ganz wéineg Privilegiéierter gemaach ginn ass, steieren d‘USA net op eng Rezessioun zou, nee hei geet mat Vollgas a Richtung Deflatioun. Eng Deflatioun déi, déi ganz Weltwirtschaft ka mat sech zéien. D‘USA an eigentlech déi ganz Welt, muss zudeem fäerten, datt den Trump nees gewielt gëtt.

Nach kritt hien sech gutt Verkaf. Säin diplomatesche Schlagaustausch mat de Chinesen, der WHO an eigentlech allen, déi seng Krisegestioun a Fro stellen, fannen en Zousproch deen an Europa net novollzéibar ass. Datt den Donald Trump bereet ass Mënscheliewen ze afferen, fir d‘Wirtschaft nees ze relancéieren, ass fir vill Amerikaner kee Problem, si halen dat ganzt fir eng natierlech Selektioun.

D‘Leit aus dem Gesondheetssecteur wëllen net méi

Während de Milliardär behaapt, datt et de Mënschen aus dem Gesondheets un näischt feelt a seng Administratioun dofir Suerg dréit, datt si all Ënnerstëtzung erhalen déi si fuerderen, stinn d‘Fleeger an d‘Infirmièrë virum Wäissen Haus zu Washington a Protestéieren. E Protest dee sech deene vun der Pandemie nei opgestallte Reegele muss ënnerwerfen, an net wierklech an der Welt erkannt gëtt.

Esou sinn nëmmen ee puer Dosen Demonstranten zesummekomm, e Grappvoll Journaliste kucken sech dat ganz un, an d‘Strummerte suerge fir Klamauk a stéieren de Protest. Dobäi ass d‘Lag batter eescht. D‘Demonstranten hunn d‘Nimm vun de Kollege verlies, déi vun der Trump-Administratioun „geaffert“ goufen. 88 eidel wäiss „Crocs“ sti stellvertriedend fir Fleegkräften déi verstuerwe sinn.

file:///home/patrick/2020 Pictures/05-2020 Pix/chomage usa dept of labour statement.pngDe Virworf: et hätt een dës Leit bewosst an den Dout geschéckt, well hinne grondleeënde Schutz verweigert ginn ass. Keng Masken, keng Schiertecher an och soss feelt et un allem. An da gëtt och erwaart, datt sech eng Infirmière ëm mindestens véier Intensivpatiente këmmert. Dat mat der selwechter Mask wärend 13 Stonnen, déi uschléissend desinfizéiert gëtt fir weider benotzt ze ginn.

Si hunn Angscht. Eng berechtegt Angscht mat esou engem President. Wéi eng Infirmière, déi den Donald Trump an d‘Wäisst Haus agelueden hat an vun där hie sech Luef an eppes Reklamm wäert erwaart hunn, sech iwwert de Mangel u Schutzkleedung beschwéiert huet, sot den Donald Trump, datt dat nëmme fir si esou wier. Hien hätt eng besser Siicht an et géif iwwerall genuch Material.

D‘Gewerkschaft „National Nurses United“ widdersprécht an invitéiert d‘Politiker sech selwer ee Bild an de Spideeler ze maachen. Dausende Leit aus dem Gesondheetssecteur hu sech aus Mangel u Schutzkleedung ugestach, honnerte sinn dem Virus erleeën. Am Ohio sinn (offiziell) 20% vum Fleegepersonal infizéiert. An d‘Aussiichten, gemooss um Ëmgang mat der Pandemie, si schlecht.

mat indymedia/nyc/was

Ähnlech Sujeten Chômage, Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Gesondheetssystem, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel