Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart
https://moien.lu/early-dating-scan-exeter/ Neiegkeeten understand hookup culture

https://moien.lu/acts-of-service-dating/

E Freideg hunn déi Escher Honoratiore bei beschtem Summerwieder de

caravan hook up extension
https://moien.lu/early-dating-scan-exeter/ Neiegkeeten understand hookup culture

Russesch Amëschung an d‘US-Wahl: dräi Ex-Beroder vum Trump ugeklot

Den US-Sonner-Procureur dee mat der Enquête beoptraagt ass, eng méiglech

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela
https://moien.lu/early-dating-scan-exeter/ Neiegkeeten understand hookup culture

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela

„Mir veruerteelen d‘Eskalatioun vun der Amëschung an dem Versuch vun

dislikesurprise

Den Aarbechtsminister kritt am Dossier „Grenzgänger“ Zäit, Loft ze huelen

Den Aarbechtsminister kritt am Dossier „Grenzgänger“ Zäit, Loft ze huelen

En Donneschdeg hunn sech um Kierchbierg d‘Memberlänner vun der EU an der Majoritéit fir eng Reegelung ausgeschwat, mat där d‘Grenzgänger hire Chômage an deem Land bezéie sollen, wou si fir d‘lescht geschafft hunn. De Nicolas Schmit (LSAP) hat sech ouni Erfolleg dergéint gestäipt.

Um Enn vun engem laangen a schwierege Verhandlungsdag, konnt den Aarbechtsminister mam Ausgang net zefridde sinn. Wuel huet hie fir d‘Land e Sursis erausgeschloen, mee e richtege Kompromëss ass et um Enn dann awer net. Bréissel huet sech um Enn duerchgesat an elo heescht et, datt Lëtzebuerg och fir d‘Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg hir Aarbecht verléieren, muss bezuelen.

An entgéint villen aneren Diskussiounen, hat de Nicolas Schmit an dësem Dossier d‘Ënnerstëtzung vun eisen däitschen Noperen, den Hollänner an den Dänen. Nee, um Donneschdeg waren et eis franséisch Noperen déi alles wollten dru setzen, datt Lëtzebuerg keng Ausnam geneemegt kritt. Si sinn et dann och, zueleméisseg betruecht, déi am meeschte vun der neier Reegel profitéieren.

Fir Lëtzebuerg, wou 46% vun der Aktiver (also beschäftegter) Populatioun Grenzgänger sinn, eng ganz geféierlech Situatioun. Net nëmmen datt d‘Land d‘Chômageindemnitéit ze droen huet, et ass och eis Administratioun – also d‘ADEM – déi verflicht ass dëse Leit eng nei Schaff ze besuergen. Dat heescht, datt sech d‘ADEM ganz nei muss opstellen, fir déi ronn 10.000 Clienten opzehuelen.

Mee déi spezifesch Situatioun vu Lëtzebuerg interesséiert zu Bréissel séier wéineg, an et war dann och d‘EU-Kommissärin fir Soziales, Marianne Thyssen, déi drop bestanen huet, datt nach um Donneschdeg huet missen ofgestëmmt ginn. De Nicolas Schmit war wuel beméit eng Koalitioun géint dëse Wahnsinn zesummenzekréien, mee um Enn ass et net duer gaangen.

A leschter Instanz: den Artikel 48

An den Aarbechtsminister war sech och net ze schued, géint esouvill Widderstand, mat richteg haarde Bandagen ze kämpfen. Hie war esouwäit gaangen, an huet domatter gedreet, datt sollt et net zu engem – fir Lëtzebuerg liewensfäegen – Accord kommen, een duerchaus bereet wier, den Artikel 48 vum EU-Traité ze aktivéieren, mat deem déi legislativ Prozedur blockéiert wier.

Den Artikel 48 vum Traité leet fest, datt sollt sech e Land widdersetzen, d‘Regierungscheffe vun den EU-Memberlänner bannent véier Méint eng Entscheedung mussen erbäiféieren. Esouwäit wollt keen et komme loossen, an esou ass zu gudder Lescht e Kompromëss fonnt ginn. Elo kritt Lëtzebuerg eng Iwwergangszäit vu siwe Joer zougestanen, sollt dat neit Reglement a Kraaft trieden.

Elo ass dann um EU-Parlament sech op e globalen Accord ze verstännegen. De Nicolas Schmit ass dann och determinéiert hei seng Kontakter spillen ze loossen, fir entspriechend Amendementer am Reglement ze erhalen. Keng einfach Aufgab wann e bedenkt, datt am Oktober Chamberwahle sinn, an et gutt méiglech ass, datt engem „aneren“ Aarbechtsminister den Dossier op d‘Féiss fält.

Sécher ass awer, datt Lëtzebuerg mat enger Transitiounsperiod vu siwe Joer – entgéint den 2 Joer déi eigentlech virgesi waren – zumindest d‘Organisatioun vun der ADEM op déi nei Reegelung kann astellen. Woubäi sech um Enn awer d‘Fro muss stellen, op den Traitement vun elo ronn 16.000 Dossieren, op dann 30.000, administrativ ze geréieren ass?

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, ADEM, Chômage, Grenzgänger, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel