Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“
Neiegkeeten

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL
Neiegkeeten

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum

money
Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung
Neiegkeeten

Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung

Dëse Mëttwoch huet Bréissel op e neits déi 28 Memberlänner

Aarbechtsplazofbau no Rekordëmsaz bei RTL Group S.A.

Verwaltungsrot huet entscheet 94 Plazen an der Konzernzentral ofzeschafen

Aarbechtsplazofbau no Rekordëmsaz bei RTL Group S.A.

Ganz esou wéi Bertelsmann et Enn August annoncéiert huet, ass et dann elo och entscheet ginn. An senger Sëtzung vum 2. Oktober huet de Verwaltungsrot vu RTL Group beschloss: d‘Konzernzentral zu Lëtzebuerg gëtt vun 112 op 18 Aarbechtsplaze reduzéiert.

Wat ass de Grond fir dës arbiträr Decisioun? Dës Restrukturéirungsmoossname sollen derzou bäidroe Käschten anzespueren. Eng Moossnam déi bei engem Rekordgewënn vun iwwer 400 Milliounen Euro am éischte Semester 2019, wuel net vun alle Salariéeë verstanen dierft ginn.

Beim OGBL ass een „zimlech“ veriergert. D‘Gewerkschaft verweist op d‘Ofkommes vum 31. Mäerz 2017, dat tëscht der Regierung engersäits an der RTL Group, CLT-UFA a Bertelsmann anerersäits ënnerschriwwe gouf. Doranner gëtt ënnert anerem d‘Verankerung vun der Konzernzentral zu Lëtzebuerg geregelt. Dësen Deel vun der Vereenbarung ass allerdéngs esou geheim, datt net emol den Deputéierten (als Kontrollorgan) erlaabt ass sech dat unzekucken.

Et ass awer bekannt, datt d‘Regierung Regele festgeluecht huet, déi besoen datt de Konzern seng Féierungsstruktur net dierf an d‘Ausland verlageren. An senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar, huet de Premier geschriwwen:„An dësem Ofkommes ass ënnert anerem festgehalen, datt de Standuert Lëtzebuerg als Konzernzentral erhale bleift“.

Dat ass eng vun de vertragleche Flichte vun der RTL Group, déi derzou bäidréit, datt de Staat de Bertelsmänner all Joers an dat nach bis 2023, zéng Milliounen Euro hannen erastécht, fir de lëtzebuergesche RTL-Programm ze gestalten. Eigentlech, zumindest reng juristesch betruecht, wier d‘Konzernzentral och mat nëmmen enger Persoun, nach zu Lëtzebuerg…

Voll op den Aarm geholl?

Elo froen sech d‘Personaldelegatioun an d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB, ob déi 18 Leit déi erhale bleiwen, nach eng „Konzernzentral“ sinn. Ass et net villméi esou, datt d‘Regierung sech op den Aarm huele gelooss huet, an en Ofkommes ënnerzeechent huet, an deem och eng „Bréifkëscht“ nach als Konzernzentral misst unerkannt ginn?

Wann een dann nach consideréiert, datt hei Steiergeld opgewannt gëtt an et ëm eng, och fir eis Verhältnisser, grouss Unzuel un Aarbechtsplaze geet, ass d‘Fuerderung un d‘Regierung, déi Geheimhaltung ad acta an d‘Ofkommes oppen duer ze leeën, duerchaus berechtegt. Nëmmen en Abléck an dee ganzen Text erméiglecht et ze klären, op hei géint de Vertrag verstouss gëtt.

Dat wäert wuel éischter net geschéien, well jo och d‘Regierung an dësem Dokument Saachen dierft ënnerbruecht hunn, vun deenen si iwwerzeegt ass, datt et hir schuede géif, wann dat ëffentlech géif ginn. Ëmmerhi war et ee liberale Kommunikatiounsminister, deen dësen Deal erméiglecht huet.

Well een et weder bei RTL Group nach der CLT-UFA a schonn emol guer net bei Bertelsmann op en Dialog wëll ukomme loossen, huet d‘Personaldelegatioun hir Positioun schrëftlech virgeluecht an deem ënnert anerem festgehale gëtt, datt de Management net genuch ënnerhëlt fir Aarbechtsplazen ze erhalen a sech nëmmen op e Sozialplang konzentréiert.

Entspriechend dem Aarbechtsrecht, muss awer de Konzern der Personaldelegatioun eng schrëftlech Begrënnung zoukomme loossen, an där déi konkret Grënn genannt ginn, déi derzou gefouert hunn, datt déi kritesch Stellungnam vun der Personaldelegatioun verworf ginn ass. D‘Verhandlungen zum Sozialplang sollen déi nächst Woch opgeholl ginn.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsplazofbau, Bertelsmann, CLT-UFA, Rekordëmsaz, RTL, RTL-Group, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel