Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken
turkmenistan dating service

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken

An der Mäerz-Editioun vun „de Konsument“ behandelt de Lëtzebuerger Konsumenteschutz

co znaczy mentally dating
turkmenistan dating service

https://moien.lu/egr-valve-hook-up/

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

dislike
Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?
turkmenistan dating service

Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?

Do denkt ee sech näischt Schlechtes, an awer erféiert een

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer

D’Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei der ADEM ageschriwwe sinn louch am Mäerz 2019 bei 15.670 Persounen. Op ee Joer ass dat ee Réckgang vun 286 Persounen, also 1,8%.

Den Taux vum Chômage, deen elo no saisonale Variatioune vum STATEC ausgerechent a verbessert ginn ass, beleeft sech op 5,4%. Am Verglach zum Februar 2019 ass d’Zuel vu Leit op Aarbechtssich ass ëm 162 geklommen, wat eigentlech ongewéinlech ass. Normalerweis geet dëse Wäert nämlech tëscht Februar a Mäerz erof. Et kann ee sech et awer duerch d’Aschreiwungen am REVIS erklären, woubäi dat neit Gesetz jo eréischt a Kraaft getrueden ass.

Dobäi gëtt d’ADEM un, datt d’Unzuel vun Aarbechtssichenden, déi net zu Lëtzebuerg wunnen sech op 2.628 Persounen am Mäerz 2019 beleeft, wat och nees ee Réckgang vun 1,8% zum Joer virdrun duerstellt. Wann d’Zuel vun dëser Grupp – awer mat reduzéierte Kapassitéiten (externe Klassement) – zeréck geet, steigert sech de Wäert vu Persounen ouni dëse Status zum Mäerz 2018.

Wärend dem Mount Mäerz vun dësem Joer huet d’ADEM 2.507 nei Dossiere vun aarbechtssichende Residenten opgemaach, wat eng Hausse vu 25% zum Joer virdrun duerstellt. Donieft sinn 614 Dossiere vu Persounen op Aarbechtssich, déi keng Residente sinn, opgemaach ginn, wat och eng Steigerung bedeit, an dat vu ganzer 109% zum Mäerz 2018.

Chomage

Um 31. Mäerz 2019 sinn et 4.293 Persoune ginn, déi vu Mesuren zur Aarbecht profitéieren. Op ee Joer stellt dëse Wäert eng Baisse vun 39 Persounen (0,9%) duer. Wärend dem genannte Mount hunn Employeuren 3.715 fräi Plazen deklaréiert, wat 124 Posten (3,2%) manner sinn zum Joer virdrun.

Um Site vun der ADEM an um Portal vun de Statistike kann een eng Tabelle mat genauen Zuelen an Donnéeën eroflueden. Och eng interaktiv Tabelle ass um Site ze fannen oder iwwert Open Data. De ganzen Dossier mat de Schlësselzuele kënnt Dir HEI eroflueden.

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Réckgang, REVIS, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel