Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !
Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert
Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert
Nodeems déi 27 Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht vum
Bei der Virstellung vum Aktivitéitsbericht 2016 vum de Stater Pompjeeën-
No senger Aarbechtsvisite an Albanien, war den Ausseminister Jean Asselborn dëse Mëttwoch op Besuch a Mazedonien. Hien ass vum President Gjorge Ivanov empfaange ginn, iert et mam Ausseminister Nikola Dimitrov, dem Premierminister Zoran Zaev an dem Parlamentspresident Talat Xhaferi zu enger Entrevue komm ass.
D‘Gespréicher mat de mazedoneschen Autoritéiten hunn sech an enger éischter Phas op déi exzellent bilateral Relatiounen tëscht béide Länner bezunn. Dat läit dorunner, datt et bei der Sozialversécherung, dem Schutz vun den Investitiounen an der net duebeler Besteierung Accorde gëtt.
Den Ausseminister Jean Asselborn mam President vu Mazedonien Gjorge Ivanov © SIP/MAEE
De gudde Versteesdemech huet dann awer och mat der Ënnerstëtzung ze dinn, déi Lëtzebuerg Mazedonien zoukomme léisst. Dat ass eng technesch Assistance déi op drop aus ass, et dem Land ze erméigleche fir sech der EU unzeschléissen. An deem Kontext hunn d‘Ministeren och no neie Piste gesicht déi et sollen erméiglechen d‘Potential vun de wirtschaftleche Relatiounen ze entwéckelen. Och d‘Lag vun der mazedonescher Republik war Géigestand vun der Entrevue.
De Jean Asselborn huet sech dann och iwwer déi läscht Entwécklungen an der Fro vun der Migratioun erkënnegt. Hei ass da besonnesch de Bäitrag zu der Gestioun vum Migratioun-Flux op der sougenannter Balkan-Route begréisst ginn. Wéi och schonn an Albanien, huet sech den Ausseminister bedankt, datt et den Autoritéite gelongen ass, d‘Zuel vun den Demandë fir internationale Schutz zu Lëtzebuerg vu Mazedonier ze reduzéieren.
Den Ausseminister Jean Asselborn mam Premierminister Zoran Zaev © SIP/MAEE
Bei de Gespréicher ass dann och ënnerstrach ginn, wéi wichteg et ass déi fréier Jugoslawesch Republik vu Mazedonien, wéi all d‘Länner vum westleche Balkan an d‘EU ze integréieren. Dat engersäits fir de Fridden an d‘Stabilitéit an der Géigend sécher ze stellen, anersäits de Fortschrëtt nohalteg ze implementéieren.
Esou konnt den Ausseminister dann och nëmme begréissen, datt d‘Regierung vu Mazedonien de Prozess wëll schnell weiderféieren. An och hei huet de Jean Asselborn drop higewisen, wéi immens wichteg et ass déi ganz Reformen: Justiz, Medien, Rechtsstaatlechkeet an d‘Kohäsioun vum Land ongesinn de politeschen an ethneschen Differenzen.
Den Ausseminister Jean Asselborn mam Parlamentspresident Talat Xhaferi © SIP/MAEE
Den Ausseminister huet dann och seng Zouso ginn, der Regierung all Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen, déi néideg ass fir d‘Konditiounen zesummenzekréien, déi et erlaben d‘Bäitrëttsverhandlunge fir d‘EU schonn am Laf vun 2019 unzesetzen. D‘Entrevuen hunn et schliisslech och erméiglecht en Iwwerbléck ze kréien, zu der regionaler Integratioun an de bilaterale Relatioune mat de Nopeschlänner.
Foto: Den Ausseminister Jean Asselborn bei der Pressekonferenz zu Skopje am Uschloss un d‘Aarbechtsvisite a Mazedonien. © SIP/MAEE