Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooldislikelaughing
Ech liesen d’Wahlprogrammer nëmme Stonnen iert ech an d’Kabinn ginn – an hunn ëmmer e gutt Gefill dobäi!
International Neiegkeeten

Ech liesen d’Wahlprogrammer nëmme Stonnen iert ech an d’Kabinn ginn – an hunn ëmmer e gutt Gefill dobäi!

Obwuel ech Artikele schreiwen, an deenen ech jidderengem uroden, sech

200 Säite Reformproblemer
International Neiegkeeten

200 Säite Reformproblemer

Um Donneschdeg huet den Emmanuel Macron seng Pläng zur Reform

Héije Besuch op der Pirmesknupp
International Neiegkeeten

Héije Besuch op der Pirmesknupp

Um Site Pirmesknupp bei Kauneref ginn archeologesch Ausgruewungen ënnerholl, an

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Et gëtt eng stäerker Kooperatioun ugestriewt

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an Albanien, wou verschidden Entrevuen op der Dagesuerdnung stoungen. An éischter Hisiicht ass et drëms gaangen ze kucke wéi déi aktuell Situatioun tëscht béide Länner sech presentéiert.

Empfaange ginn ass den Ausseminister vum albanesche President Ilir Meta, iert hie sech mat sengem Homolog Ditmir Bushati getraff huet. Entrevuen huet et och mam Inneminister Fatmir Xhafaj an dem President vum Parlament, Gramoz Ruçi, ginn.

Albanien

Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn mat sengem albaneschen Homolog Ditmir Bushati. © SIP/MAEE

Bei de Gespréicher mat den Autoritéite konnt eng gutt Qualitéit vun de Relatioune bestätegt ginn. D‘Minister hunn sech dann zesummegesat fir e Bléck op déi Beräicher ze geheien, an deenen eng Kooperatioun verstäerkt kann a soll ginn. De Secteur vum Tourismus ass hei villverspriechend.

Begréisst ginn ass och bei de Gespréicher, d‘Ënnerschrëft op enger bilateraler Konventioun fir d‘Sozialversécherung. Béid Parteie sinn sech dann och schnell eens ginn, datt een en Ofkommes brauch mat deem déi duebel Besteierung un déi neiste Standarde vun der OECD ugepasst ginn.

Migratioun am Grëff behalen

E weidere Punkt bei de Gespréicher war d‘Migratioun. De Jean Asselborn huet déi gutt Zesummenaarbecht mat den albaneschen Autoritéite begréisst, besonnesch wat d‘Gestioun vum Flux betrëfft.

Och d‘Efforten, déi vun Albanien gemaach ginn, fir d‘Zuel vun den onbegrënnten Asyl-Demanden ze reduzéieren, hunn Zoustëmmung fonnt. Trotz allem bedauert den Ausseminister, datt d‘Zuel nach ëmmer héich ass, an huet erkläert, datt Lëtzebuerg Albanien als e séchert Hierkonftsland betruecht. Dat erkläert déi acceleréiert Prozedur an de geréngen Taux vun den Demanden, déi unerkannt ginn.

Albanien

Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn mam Inneminister vun der Republik Albanien, Fatmir Xhafaj. © SIP/MAEE

Zur Kandidatur vun Albanien fir sech der EU unzeschléissen, huet de Jean Asselborn senge Gespréichspartner verséchert, d‘Bestriewe vum Land ze ënnerstëtzen. Hien huet bekräftegt, datt d‘EU an Albanien gemeinsam Interessen deelen (Sécherheet, Stabilitéit a Wirtschaft) mee och virun Erausfuerderungen (Migratioun, Chômage, Terror an Radikalisatioun) stinn.

Reforme sinn um richtege Wee

Den Ausseminister konnt déi Albanesch Autoritéiten awer och felicitéieren. D‘Aarbechten déi ënnerholl gi wiere fir d‘Justiz ze reforméieren, gi ganz positiv bewäert. Hien huet dann och seng Gespréichspartner ermontert dëse Wee weider ze goen. D‘Bestriewungen an dësem Beräich virun ze kommen, géifen direkt a spierbar den albanesche Bierger zerguttst kommen.

Albanien

Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn mam President vum albanesche Parlament, Gramoz Ruçi. © SIP/MAEE

An dësem Kontext huet den Ausseminister och op déi aner wichteg Reformen higewisen, déi vun der EU gefuerdert sinn, fir d‘Verhandlungen zu der Adhesioun virunzebréngen. Ganz besonnesch d‘Reform vun der Administratioun, mee och de Kampf géint d‘Korruptioun an déi organiséiert Kriminalitéit, missten als Prioritéit behandelt ginn.

Well iwwert alles geschwat muss ginn, ass och den däregen Dossier vun de Mënscherechter op den Dësch komm. Déi fundamental Rechter an och d‘Recht op Eegentum mussen zwéngend respektéiert ginn. D‘Entrevuen hu schliisslech och erméiglecht de Punkt zu der Situatioun an der Regioun ze maachen an d‘Relatiounen tëscht Albanien a senger Noperen ze berieden.

Foto: Aussen- an Europaminister Jean Asselborn am Gespréich mam President vun der Republik Albanien, Ilir Meta. © SIP/MAEE

Ähnlech Sujeten Albanien, Ditmir Bushati, Europa, Fatmir Xhafaj, Gramz Ruci, Ilir Meta, Jean Asselborn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    1

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    3

  • Crazy

    1

  • Love

    0