Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen
Meenung

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer
Meenung

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer

De Weekend steet vrun der Dier an dier wësst net

money
Europa importéiert 3 Milliounen Tonne Kaffi am Joer
Meenung

Europa importéiert 3 Milliounen Tonne Kaffi am Joer

Mueres geet einfach näischt ouni Kaffi. Virun allem Méindes. Et

D‘Aarbechtswelt (selwer) anescht gestalten (Lieserbréif)

D‘Aarbechtswelt (selwer) anescht gestalten (Lieserbréif)

Méi Flexibilitéit. Selwer wiele kënne wéi vill ee kotiséiert, an engem gewëssenen Ëmfang, och bei de Jore wou ee wëllt schaffen, oder beim Congé wou e wëll hunn. Dat gëllt och bei de Stonne pro Woch, wa méiglech. Ech stelle mer dat e bëssen als individuelle “Baukaste-System” vir.

All Mënsch ass anescht, ënner gesondheetlechen Aspekter betruecht, an huet och aner Interessen a Liewensëmstänn. Och sech selwer bei der Pensioun nach versécheren, mee déi Zousaz-Rent misst een dann och fréizäiteg verrechent an ausbezuelt kréien, net eréischt mat 60 oder 65.

Herno gëtt dann d’ Pensioun eben ausgerechent, zimlech individuell. Wie mat 52 Joer oder 54 Joer wëll ophale mat schaffe, kee Problem, wie wëll bis 75 Joer schaffe goen, och kee Problem, dee soll dat roueg maache kënnen, wann hien dat esou wëll a genuch huet fir ze liewen, oder eben nach am Alter schaffe wëll.

Et gi jo och nach aner Akommes, vläicht aus Loyer, also firwat un esou steiwe Strukture festhale vu 40 Joer a 40 Stonne pro Woch mat nach ëmmer m.M. no vill ze wéineg Deeg Congé? Vläicht soolt een och e bedéngungslost Grondakommes iwwerdenken?

D’Psychiater hunn ëmmer méi Clienten, äh, Patienten, awer soss geet et eis all gutt…

A mir mussen ewech vun „ëmmer méi Wirtschaftswuesstem“ deen duergestallt gëtt als Rettung vum System, a Wierklechkeet awer selwer zum groussen Deel d’Ursaach vum Problem ass, deen alles futti mécht.

Dat ass paradox, awer esou funktionéiert de System leider, e wiisst sech futti, mécht och de Mënsch an d’ Natur futti. A firwat? Fir dat gréisste Konscht-Konstrukt a säi perfide System um Liewen ze halen: Geld a Finanzpolitik.

Eng Spiral ouni Enn? Nee, se huet en Enn, leider wëllen a kënnen ons Politiker dat awer net kapéieren. Dofir geet et riicht weider, fatalistesch an ouni Récksiicht mat Vollgas géint d’Mauer.

De Mënsch, seng Famill a seng Gesondheet, perséinlech Zefriddenheet, d‘Entwécklung vu perséinlechen Interessen (amplaz Frust-Kaf vu Blödsinn als Ersatz fir alles wat ee verpasst) mussen nees an de Mëttelpunkt stoe kommen.

Et ka net éiweg esou weidergoen an et kann och net sinn, dass ëmmer méi Leit musse schaffe fir deenen aneren hier Rent ze bezuelen. Et muss ee kee grousse Mathematiker si fir erauszefannen, dass bei ville Saache gewalteg eng schif leeft an aner Weeër mussen ageschloe ginn, well et einfach gläich net méi anescht geet!

Johnny Theisen

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Kotisatioun, Selbstbestëmmung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel