Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter
dating inner circle

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

Honnerten europäesch Bierger déi a Groussbritannien liewen hunn um Mëttwoch

https://moien.lu/lift-and-carry-dating/
dating inner circle

nova scotia dating laws

An der Industriezon „Gadderscheier“ hat et den 31. Juli bei

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!
dating inner circle

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!

1966 gouf ënnert der Chorale Royale Grand-ducale Sang a Klang

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?

Bei déi Lénk ass de Sujet „Aarmutsbekämpfung“ deel vum Programm. An och si hunn sech déi vum Statec verëffentlecht Zuele genee ugekuckt. Zuelen déi hinnen net kënne gefalen a villes iwwert d‘Situatioun am Land Präis ginn.

Esou gëtt mat grousser Besuergnes festgestallt, datt 113.800 Mënschen, dat entsprécht 19,7% vun der Bevëlkerung, zu Lëtzebuerg vun der Aarmut bedréit sinn. Zudeem huet, laut déi Lenk méi wéi all véierte Menage (27,4%) mat sengem Akommes iwwert de Mount ze kommen.

Déi Lénk fuerdert eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun.

Fir déi Lénk läit d‘Schold bei der Politik. „Et feelt de politesche Wëllen, well schnell ëmsetzbar Virschléi ginn et der genuch. Déi Lénk hunn der an der Vergaangenheet gemaach“, esou de Wuertlaut aus dem Communiqué.

An et ass och richteg, datt déi Lénk de Phänomen vum „aarmen Aarbechter“ an d‘Chamber abruecht haten (Interpellatioun vum Marc Baum den 31. Mee). Hei war de Fokus op d‘Ursaache geluecht ginn: ze niddreg Léin, d‘Aschnëtt an d‘Sozialsystemer an d‘Wunnengsnout.

Et gi vill Plaze bei der Aarmutsbekämpfung, wou sech eppes ännere muss. Do gehéiert d’Lounpolitik dobäi!

Déi Lénk fuerderen eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun. Engersäits géif d‘Kafkraaft vun de klenge Léin säit 2010 stagnéieren. Déi ganz héich Léin hirersäits géinge klamme wéi verréckt. Dat wier laut déi Lénk d‘Resultat vun enger ongerechter Lounpolitik. Deem wëllen se entgéintsteieren, de „Klengen“ nees méi Kafkraaft ginn an de Mindestloun eropsetzen.

Bei der Sozialpolitik misst sech de reelle Bedierfnesser ugepasst ginn. D‘Spuerpolitik vun den CSV-Regierungen hätt der sozialer Situatioun am Land net gutt gedoen. Mee och d‘Koalitiounsregierung hätt sech duerch Kierzungen ervirgedoen. Hei féiert déi Lénk d‘Kannergeld an d‘Bourse fir ze studéieren un. An och der Reform vum RMG (geschwënn Revis) kann déi Lénk näischt Positives ofgewannen.

Op Kafen oder Lounen, d‘Präisser klammen esou schnell, do kommen d‘Léin net méi no.

An onméiglech derlaanscht ze kommen, d‘Wunnengsnout. Fir déi Lénk ass en Dach iwwert dem Kapp e Grondbedierfnes. En zum Deel ganz deiert Grondbedierfnes, dat zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit an de Ruin géif dreiwen. Op Kafen oder Lounen, d‘Präisser klammen esou schnell, do kommen d‘Léin net méi no. Vill gutt Iddien hunn an dësem Dossier déi Lénk virgeluecht an hei dierf ee bedaueren, datt se aus der Oppositioun eraus, net wierklech vill kënnen ëmsetzen.

D‘Verbreedung vun der Aarmut an engem vun de räichste Länner op der Welt kann esou net ugeholl ginn. Politesch Léisunge leien um Dësch, mee et feelt de politesche Wëllen d‘Ursaach vun der Aarmut ze bekämpfen. Vun déi Lénk ass awer ze erwaarden, datt si dësen Dossier wäerte fest an Hänn halen a sech och net midd wäerte ginn, weider konkret Virschléi auszeschaffen.

Ähnlech Sujeten Aarmut, Aarmutsbekämpfung, déi lénk, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel