Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)
Neiegkeeten

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)

Gutt ee Joer virum offiziellen Enn vu sengem Mandat, huet

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of
Neiegkeeten

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Wéi vun der syrescher Arméi um Mëttwoch matgedeelt, sollen sech

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar
Neiegkeeten

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar

No enger chargéierter Dagesuerdnung fir de Regierungsrot, hunn d‘Ministeren e

Ab dem 1. Mee ass den Internet mat dran!

Verwaltungsrot vun der Ettelbrécker Kollektivantenn Asbl zitt positiv Bilanz

Ab dem 1. Mee ass den Internet mat dran!

Am Kader vun der 51. Generalversammlung vun der Ettelbrécker Kollektivantenn Asbl, huet sech de President Alain Feypel mat der Bilanz vum Joer 2018 ganz zefridde gewisen. D‘Memberszuele sinn trotz ëmmer méi an enger staarker Konkurrenz stabil bliwwen. Mat 2.264 Abonnente fir 2.672 Uschlëss, konnt hien seng Ausso ënnermaueren.

De President mécht allerdéngs drop Opmierksam, datt ëmmer méi Memberen hir Bäitrag vu Mount zu Mount bezuelen, am Kontrast zum Joresbäitrag. Déi „klassesch“ Variant hätt awer seng Virdeeler och wa sech d‘Gewunnechten änneren. Et ass och vill Geld an de Grapp geholl ginn, eng Rei käschtenintensiv Investitiounen hunn 2018 markéiert.

Investitiounen déi, esou den Alain Feypel, d‘Konten awer net iwwerlaascht hätten. De finanzielle Polster ass erhale bliwwen. Dat deem esou ass, wier op en effiziente Finanzhaushalt zréckzeféieren, firwat de Joresbäitrag net muss ugehuewe ginn, an esou bei sengen 160 Euro bleift. Dat dann och trotz der Erhéijung vun der Autorerechter, déi d‘Asbl wei all aneren Operateur bezuele muss.

Et gëtt weider investéiert

Nieft dem Ënnerhalt vum Netz, si fir 2019 nach weider Investitioune fir den Ausbau virgesinn. Hei dierft déi deierst Investitioun op den eegene CMTS entfalen, mat deem all Member ab dem 1. Mee e Basis-Internetaccès iwwert den Antennekabel ugebuede gëtt. Deen ass am Joresbäitrag enthalen a dréit der technescher Entwécklung a punkto Mediekonsum iwwer Streaming-Déngschter Rechnung.

Wie wëll, kann doriwwer eraus – géint e klengen Zousazbäitrag – an nächster Zukunft och en „High Speed“ Internet ugebuede kréien. Eng „Telefonie-Flatrate“ huet déi Ettelbrécker Kollektivantenn Asbl och nach an der Leitung. Wie scho Member ass, weess dëse Service ze schätzen, dee fir vill Menagen an der Gemeng net méi ewech ze denken ass.

D‘Offer vun der Ettelbrécker Kollektivantenn Asbl ass zudeem héichwäerteg. 150 Fräi empfangbar digital Fernseh- a Radiosender, zousätzlech nach déi analog Sender, mee och de Bezuelsender SKY gehéieren zum Katalog. Vun der Offer profitéieren d‘Leit vun Ettelbréck, Waarken an Ierpeldeng. D‘Signal gëtt och un d‘Kollektivantennen: Housen, Schieren, Welschent a Méchela verkaf.

Bleift nach den neie Verwaltungsrot fir 2019 virzestellen: Alain Feypel (President); Lucien Renckens (Vizepresident); Roger Kap (Tresorier); Carlos Marques, Nico Schmit, Marc Storck, Raoul Tholl (Memberen).

Matgedeelt vun der Ettelbrécker Kollektivantenn Asbl, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Alain Feypel, Ettelbréck, Ettelbrécker Kollektivantenn Asbl, Generalversammlung, Ierpeldeng, Waarken
Nächsten Artikel Virrechten Artikel