What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um
De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um
Nodeems de Persounefluchverkéier wéinst der aktueller Pandemie agestallt ginn ass,
Waasservullen hu weder en Taucherbrëll oder Flossen dobäi, nach e Maillot un. Hir Bezeechnung kréie si doduerch, datt se heefeg am oder beim Waasser unzetreffe sinn an och un d’Gewässer ugepasst sinn.
Besonnesch fir d’Weiderentwécklung vun de jeeweilege Populatiounen am Bléck ze halen, treffe sech d’Ornithologe vun natur&ëmwelt all Joer Mëtt Januar un den Uferen, fir d’Waasservullen ze beobachten an ze zielen. Zu Lëtzebuerg ass d’Centrale Ornithologique (COL) mat sengen 30 Benevollen um Wierk, fir d’Date vum Groussherzogtum zesummen ze droen.
Säit Mëtt vun de 60er Joren gëtt, op Initiative vu „Weltands International“ e Monitoring a mëttlerweil 143 Länner duerchgefouert. Iwwerwaacht gëtt doduerch de Bestand un Inten, Taucher, Reier, Kormoranen an anere Waasservullen. Net all Zuchvullen fléien nämlech an de Süden. Vill Waasservullen iwwerwanteren u fléissende Gewässer. E besonnesche Bléck gëtt dobäi op d’Vulle vun der Rouder Lëscht geriicht.
An dësem Kader rifft natur&ëmwelt um leschte Weekend vum Januar (vum 29. bis den 31. Januar 2021) all Naturbeobachter dozou op, wärend enger Stonn d’Vullen am Gaart oder um Balkon ze zielen. Dës sougenannt Wantervullenzielung ass déi gréisst ornithologesch Matmaachaktioun zu Lëtzebuerg. Besonnesch bei de Vullenhaisercher loosse sech dës Déiere gutt beobachten.
„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.
Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.