Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux-Fliger mécht säin Tank iwwert der Belsch eidel
Neiegkeeten

Cargolux-Fliger mécht säin Tank iwwert der Belsch eidel

De Vol CV7302 Lëtzebuerg-Singapur mat der Registréierung LX-VCK huet en

Komm, mir kucken an d’Stären …
Neiegkeeten

Komm, mir kucken an d’Stären …

Mir hunn eng Familljerees duerch d’Universum gemaach – mir hunn

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin
Neiegkeeten

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin

Et steet zanter gëschter Owend fest: d‘EU-Kommissioun gëtt fir d‘éischt

Vun Abréch an enger brennender Wunneng wärend de Feierdeeg

Vun Abréch an enger brennender Wunneng wärend de Feierdeeg

Wéi d’Police matdeelt huet et och iwwert d’Feierdeeg am Land gewibbelt. Nieft zuelräichen Abréch koum et och zum Brand an enger Wunneng um Sennengerbierg.

Maskéierten iwwerfält ee Bistro

Um 26. Dezember gouf der Police géint 13:45 Auer ee bewaffenten Déifstall an der Rout de Thionville zu Bouneweg gemellt. Ee maskéierte Mann war mat engem Schlagstock equipéiert an ee Bistro gaangen, huet der Proprietärin gedreet an ass uschléissend mat der Keess geflücht. Bei den éischten Ermëttlungen op der Plaz huet sech erausgestallt, datt zwee Verdächteger zu Fouss ënnerwee waren, wouduerch een direkt no hinne gesicht huet.

Och déi geklaute Keess ass an den Hecke vun enger Schoul an der Géigend fonnt a sécher gestallt ginn. D’Männer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. No der Virféierung bei der Untersuchungsriichterin gouf géint béid Persounen een Haftbefeel erlooss an eng Ënnersichungshaft ugeuerdent.

Ertappt beim Abroch

Haut um fréiere Moie géint 2:00 Auer ass een Abroch an engem Eefamilljenhaus gemellt ginn. D’Abriecher sinn dobäi duerch d’Terrassendier hannert dem Gebai erakomm an hunn all Zëmmer duerchsicht. Bei der Iwwerpréiwung vum Haus konnt een 2 Dotverdächteger op der 2. Etage festhuelen. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune matgeholl a ginn haut de Mëtteg der Ënnersichungsriichterin virgefouert.

Vun Helleg Owend bis zum Zweete Chrëschtfeierdag koum et och um Cents, um Belair, an der Stad an zu Gréiwemaacher zu Abréch an Haiser a Wunnengen. Heizou huet d’Police sech net méi genau geäussert.

Feier an eng uerg blesséiert Persoun

Bei engem Brand an enger Wunneng vun engem Méifamilljenhaus huet ee Bewunner liewensgeféierlech Blessuren erlidden. Aus nach ongekläerte Grënn ass Feier um 2. Stack ausgebrach.

D’Pompjeeë kruten d’Flame schnell ënnert Kontroll, konnten och d’Affer an der Wunneng fannen an déi weider Schrëtt aleeden. Déi blesséiert Persoun gouf nach op der Plaz vun engem Dokter a Sanitäter versuergt an uschléissend an d’Spidol transportéiert. All aner Bewunner sinn a Sécherheet bruecht ginn. D’Spuresécherung vun der Kriminalpolice befaasst sech elo mat der Ënnersichung vum Fall.

Ähnlech Sujeten Bistro, Chrëschtdag, Déifstall, Feier, Feierdeeg, Helleg Owend, Iwwerfall, Police, Pompjeeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel