Search

You may also like

Wichteg Informatioun vum CHEM
International Kultur Neiegkeeten

Wichteg Informatioun vum CHEM

De Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) informéiert seng Patienten an

money
De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar
International Kultur Neiegkeeten

De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar

Um Mëttwoch ass d‘Kryptowärung Bitcoin iwwert de Wäert vun 11.000

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David
International Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: USA verzichten op G7-Sommet zu Camp David

Reesen ass zur Stonn éischter ënnersot, mee d‘Welt dréit sech

Wann Traditiounen leiden: Abrëllsgecken op Dezember verréckelt!

Wann Traditiounen leiden: Abrëllsgecken op Dezember verréckelt!

T’gëtt einfach näischt ze laachen – Wärend d’Covid-19-Pandemie an déi sanitär Kris de Stëllstand vum ëffentleche Liewe fuerderen, muss mat engem weidere Réckschlag gekämpft ginn. Wien um haitegen 1. Abrëll seng Léifst oder d’Baussewelt, natierlech mam Anhale vun de Moossname vun der Regierung, op den Aarm huele wollt, dee muss seng Abrëllsgecken aus Solidaritéit op Dezember verleeën.

Eleng zu Lëtzebuerg si laut dem Gesondheetsministère mëttlerweil 2.178 Persoune positiv op den neiaartege Coronavirus getest ginn. Zënterhier ziele mir 23 Stierffäll, an dat ouni den Doud vun enger Persoun aus dem Grand-Est, déi zu Lëtzebuerg am Spidol louch. Ma, weltwäit gesinn d’Zuelen dramatesch aus. Nëmme verständlech also, datt mir besser hunn, mat eeschter Minn eis Zäit Doheem ze verbréngen.

„Et gëtt aktuell keng Plaz fir blöd Witzer. Mir befannen eis an enger uerger Situatioun, an aus Respekt virun allen Infizéierten, mussen nu emol och Traditioune verluecht ginn. An dësem Kader erënneren ech nach emol drun: Bleift Doheem“, sou de Premier Xavier Bettel. Et géif awer net nëmmen ëm Respekt, mee och ëm d’Solidaritéit goen, wouduerch een, zesumme mat alle Länner weltwäit decidéiert huet, den 1. Abrëll ze verleeën.

benelux

De Xavier Bettel bei der Pressekonferenz © Martine de Lagardère

Wat stécht dohannert?

Esou ass den neien Datum, nämlech den 28. Dezember, keen Zoufall. De Brauch, eng Persoun um éischten Abrëllsdag ze veräppelen, ass zwar a villen Deeler vun der Welt verbreet, an awer erlabe Länner, wéi Spuenien oder d’Regioun Latäinamerika sech eréischt Enn dës Jores hire Spaass. Pünktlech zum sougenannten Día de los Santos Inocentes, also dem Dag vun den Hëllegen Onschëllegen, kann nees gestëppelt, gegeckt a gelaacht ginn.

Abrëllsgeck

Bildausschnëtt vun De betlehemitesche Kannermord vum Peter Paul Rubens (ëm 1638)

De chrëschtleche Commemoratiounsdag erënnert un de Massaker u Kanner vu manner wéi zwee Joer, déi zu Betlehem gebuer gi sinn. Op Uerder vum Kinnek Herodes I., sollt esou den neigebuerene Jesus vun Nazareth ënnert dëse Kanner sinn a stierwen. Der latäinamerikanescher a spuenescher Traditioun no gëtt d’Wuert „Onschëlleg“ ob „naiv“ ëmgewandelt a verléiert soumat säi reliéise Sënn.

Journalisten maache sech ee Spaass dorausser, hir Zeitungen mat lëschtege Geschichten a Witzer ze fëllen, d’Aktualitéit ze verdréien, de Lieser a komplett Konfusioun ze verleeden. A genau do knäppt elo de Recht vun der Welt un. A wëll et esou schwéier ass, aus senge Gewunnechten eraus ze kommen, rode mir Iech elo schonn den 28. Dezember ze markéieren.

Mat eeschter Minn wënsche mir trotzdeem ee sonnegen 1. Abrëll!

Opmaacherfoto: © Pressfoto / Freepik

Related topics 1. Abrëll, 28. Dezember, Abrëllsgeck, Coronavirus, Día de los Santos Inocentes, Solidaritéit, Traditioun, Xavier Bettel
Next post Previous post