Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollaughinglove
Wéi gutt kenns du Esch?
Stories

Wéi gutt kenns du Esch?

Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung an de

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut
Stories

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut

Am Kontext vun der Bloalge-Pescht um Stauséi an zu Wäisswampech,

Eng Ried an der Isolatiounskummer
Stories

Eng Ried an der Isolatiounskummer

Säit Joeren scho gëtt sech déi lokal an international ICT-Szen

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Den Abrigado weist dat anert Gesiicht vu Lëtzebuerg

Wäit fort vun de blénkege Gebaier vum Kierchbierg an de Luxus Butteker vun der Groussgaass fënnt een dat anert Gesiicht vum Groussherzogtum. Hannert der Gare gesäit een do den Abrigado, eng Infrastruktur, wou Droge kënne konsuméiert ginn. Dat mëtten a Lëtzebuerg, dem räichste Land vun der europäescher Unioun.

“Hei zu Lëtzebuerg schwätze mer vu 2.000 Notzer vu staarken Drogen. Fir e Land vu 600.000 Awunner sinn dat der vill”, erkläert de Patrick Klein, Direkter vum Abrigado, der AFP. Abrigado ass Portugisesch fir “ënner Daach”.

D’virgefäerdegt Gebai vun 1.200m2 gouf 2005 am fréiere portugisesche Quartier vun der Haaptstad opgemaach. Et besteet aus engem Consommatiounssall, engem Centre d’acceuil de jour mat engem medizinesche Service an engem Nuetsfligel mat 42 Better. D’Nofro huet sech vun 2011 op 2016 mat 57.000 Besich verduebelt. An der Moyenne ginn do all Dag 160 mol den Dag haart Droge konsuméiert.

Et herrscht eng “familiär Atmosphär”

“Et leeft gutt, mir hunn ëmmer proppert Material. D’Wahrscheinlechkeet, sech hei eng Krankheet ze fänken, gëtt kleng gehalen”, gratuléiert de Patrick Steffen (54), Benotzer vum Abrigado.

Den Austausch vu gebrauchte Sprëtze géint neier – ëm domat d’Hygiène ze fërderen – ass ëm 25% am Joer 2016 geklommen. Gläichzäiteg bleift d’Sprëtze vun Drogen weiderhin zu Lëtzebuerg déi drëtt heefegt Iwwerdroungsmethod vum AIDS. D’Gesondheetsministesch Lydie Mutsch betount, datt “bal 50% vun de Konsommateuren géingen op Inhalatioun setzen”, eng Praxis, déi als “manner risikoräich” ageschat gëtt.

“Hei herrscht eng familiär Atmosphär” an iwwert d’Zäit “entstinn Verbannungen” mam Personal, mengt den Thierry Yavo (41) aus dem Frankräich, deen den Abrigado notzt.

Mee den Direkter bedauert “datt een [während de siwe Stonnen, wou den Abrigado all Dag op ass] un d’Limitte vun de Kapassitéite stéisst”. De Patrick Klein prangert dobäi en “soziale Tourismus” un, vue datt den Deel vun de Konsumenten aus de fréiere Sowjetlänner klëmmt. Si stellen 20% vun den neien Aschreiwungen duer.

“Mir kruten do vill Neier bäi, zënter datt d’Grenzen op sinn”, bestätegt de Toxikoman Patrick Steffen. Migrante “géingen och kommen”, seet en: ekonomesch Migranten, mee awer och “déi, déi virum IS flüchten.”

Et gi keng nei Konsumente geschaft

Dobäi assuréiert den Direkter vum Abrigado, datt eng Struktur wéi seng keng Nei Drogekonsumente géing schafen. Wat d’Konsumméiere vun Droge géing ugoen, hätten “eis Notzer an der Moyenne 12 Joer Erfarung mat Drogen, iert se an eise Sall fir d’Éischt géingen era fannen.”

Dësen zu Lëtzebuerg liewenden Däitsche huet de franséische Gesondheetsministère beroden an huet un der Installéierung vun esou enger Infrastruktur am 10. Arrondissement zu Paräis matgewierkt.

“Eis Schlësselzuel ass Null: null doudeg Toxikomanen an eiser Institutioun”, insistéiert de Patrick Klein. Dëst gouf bis haut erreecht, och well all Dag eng Infirmiere do ass an dräi mol d’Woch e Generalist do ass. 2016 goufen 69 Iwwerdose am Abrigado gezielt. 29 Dovunner mat Bewosstäinsverloscht, laut dem Rapport vum Abrigado.

Fir datt een iwwerhaapt an de Sall gelooss gëtt, muss all Notzer sech identifizéieren an en Kontrakt ënnerschreiwen. Doranner garantéieren se, de Regelement interne ze respektéieren. Falls dëst net geschitt, ginn et Sanktiounen, déi den Ausschloss vun engem Dag bis zu enger Woch bedeite kënnen. Et gëtt eng Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten.

“No 13 Joer kann ech iech soen, datt dëst d'”Best Practice” fir Europa ass”, esou de Patrick Klein. “All zwee Méint, hu mer en Treffe mat der Pilotgrupp, déi aus Police, Parquet, Douane a Gesondheetsministère besteet. Ech si verflicht, hinnen d’Zuele vun deem, wat mer hei maachen, ze presentéieren”, erkläert hien.

Esou Ariichtung entstinn der ëmmer méi

Et gi gutt 100 esou Ariichtungen an Europa. D’Schwäiz huet als Virbild hiergehalen, wéi se 1956 zu Bern déi éischt vun haut 13 opgemaach hunn. Däitschland, Spuenien an Holland sinn der Beweegung an den 90er nokomm. Holland huet der 37 – E Rekord an der EU! Bei eise belschen Noperen wëll een déi éischt deemnächst zu Liège opmaachen – d’Parlement vun der Wallonie huet dozou am Abrëll ofgestëmmt. Am Portugal, wou een 2001 de Konsum vun Drogen depenaliséiert huet, gesäit zwou dëser Installatioun souwéi eng mobil Eenheet bis zum Enn vum Joer vir.

“Et gëtt en Accord mat der Police”, mengt de Jean-Charles (46), Toxikoman. “Mir kënnen hei konsuméieren, ouni de Risiko ze lafen, datt Beamten während der Konsuméieren heihinner kommen, wouduerch mer eventuell eis Dosis verléieren oder well mer hei eppes Illegales maachen…”

Den Abrigado huet e jäerleche Budget vun 2,7 Milliounen Euro a gëtt vum Gesondheetsministère an der Stad Lëtzebuerg finanzéiert.

De Staat léint 2 Milliounen Euro fir eng zweet Infrastruktur zu Esch-Uelzecht. Onofhängeg vum Abrigado soll dës vun “Jugend an Drogenhëllef” gefouert ginn. Den Direkter vun dëser Fondatioun, de Jean-Nico Pierre, plaidéiert scho fir d’Schafung vun zwou weideren Infrastrukturen, eng weider an der Stad an eng am Norde vum Land.

Mee d’Schafung vun esou Infrastrukturen “ass ganz komplex, et ass e Prozess, wou een e laangen Otem braucht”, erkläert d’Ministesch Lydia Mutsch. Si ass “ganz houfreg”, datt een esou eng schonn am Groussherzogtum konnt op d’Been stellen.

Vum Catherine Kurzawa fir AFP

Foto:  AFP PHOTO / JOHN THYS

Ähnlech Sujeten Abrigado, Drogen, Lëtzebuerg, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    9

  • Fail

    1

  • Cry

    4

  • Angry

    0

  • WTF

    2

  • Crazy

    0

  • Love

    0