Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!
International Neiegkeeten

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!

Vergaangene Mëttwoch ass de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel op

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen
International Neiegkeeten

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen

Wou Mënschen zu Wierk gi passéiere Feeler an d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“
International Neiegkeeten

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?

An enger geheimer Operatioun soll de spirituelle Leader vum Islamesche Staat ausgeschalt gi sinn

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?

Et ass wuel nach näischt „confirméiert“ mee de Milliardär, deen dréngend nees Erfolleger opweise muss, huet e „bedeitende Statement“ annoncéiert. Heibäi geet et drëms unzekënnegen, datt de Chef vum Islamesche Staat (IS) vun US-Elittezaldoten am Nordweste vu Syrien ëmbruecht ginn ass.

Héichrangeg Vertrieder vum US-Verdeedegungsministère haten duerchblécke gelooss, datt den US-Auslandsgeheimdéngscht CIA derbäi gehollef hätt, den Abu Bakr al-Baghdadi ze lokaliséieren. Den Asaz selwer ass vun US-Elittezaldoten duerchgezu ginn. Aus dem Wäissen Haus koum dann och d‘Annonce, datt den Donald Trump haut um 9 Auer (Lokalzäit – 14 Auer zu Lëtzebuerg) zur Saach e Statement soll ofginn. Deen huet dann och getwittert, datt eppes „ganz Wichteges“ geschitt ass.

al-BaghdadiD‘Medien an den USA hunn de Sujet direkt opgegraff an ausgeschluecht. Obwuel et keng offiziell Bestätegung gëtt, datt den IS-Leader bei dëser geheimer Operatioun ëmbruecht gouf, ass et den absoluten Topic. Esou huet „Newsweek“ gemellt, datt den Abu Bakr al-Baghdadi zu Idlib, der leschter IS-Héichbuerg a Syrien ausgeschalt ginn ass. Si beruffen sech op eng Quell an der Arméi.

Ganz esou däitlech sinn d‘Informatiounen déi aus dem Ministère duerchdréngen net. Deen huet dem Wäissen Haus bis ewell just matgedeelt, datt dat héichrangegt Zil mat grousser Wahrscheinlechkeet den IS-Leader Abu Bakr al-Baghdadi war. Dat schéngt zur Stonn allerdéngs missen iwwerpréift ze ginn, iert een sech festleeë kann. Wann dovunner auszegoen ass, datt esou Aussoen net aus der Loft gegraff sinn, dierf ugeholl ginn, datt een dem Chef de Privileg vun der „Annonce“ net wëll streideg maachen.

al-Baghdadi

De selwer ernannten Abu Bakr al-Baghdadi, dee mam richtegen Numm Awad al-Badry heescht war vun den Amerikaner 2004 zu Fallujah (Irak) gefaange gemaach ginn. Am Camp Bucca soll hien dann a Kontakt mat weideren zukünftege Leader vum IS komm sinn. (Archiv)

Duerchgedronge sinn allerdéngs e puer Detailer. Och dat ass u sech „klassesch“ an deit drop hin, datt d‘Missioun net nëmme stattfonnt huet mee och erfollegräich ofgeschloss konnt ginn. Esou heescht et hannert virgehalener Hand, datt et beim „Treffe mam al-Baghdadi“ zu engem kuerze Gefecht komm ass, bei deem sech den IS-Leader Abu Bakr al-Baghdadi selwer gesprengt huet.

Weider heescht et, datt bei dëser Operatioun och d‘Famill vum islamesche Chefterrorist uwiesend war. D‘Kanner wieren heibäi verschount bliwwen, mee dem Abu Bakr al-Baghdadi seng zwou Frae wieren och beim Asaz „kampfonfäeg“ gemaach ginn. Et ass awer och méiglech, datt si bei der Explosioun vum „Kalif“ ëm d‘Liewe komm sinn. Ze bedenken ass an dësem Kontext allerdéngs och, datt de Abu Bakr al-Baghdadi scho ganz oft als „Dout“ erkläert ginn ass. Vläicht dës Kéier…

mat indymedia/was/nyc

Foto: 2014 hat de Abu Bakr al-Baghdadi d‘Kalifat am irak an a Syrien proklaméiert. Nodeems d‘Stad Mossul awer nees dem IS ofgeknäppt gouf an d‘Kurdemiliz YPG mat den IS-Kämpfer a Syrien kuerze Prozess gemaach hat, war den Dram vum Kalifat geplatzt. (Archiv)

Ähnlech Sujeten Abu Bakr al-Baghdadi, Awad al-Badry, CIA, Donald Trump, Idlib, Optragsmord, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel