75 Joer Hiroshima
De 6ten August 1945 brécht den amerikanesche B-29 Bomber “Enola Gay”
No der Ukënnegung duerch d‘USA, den Import vu Stol an
De Chauffer vun enger Camionnette huet um Dënschdeg Cyclisten a
Wéi d‘Police matgedeelt huet, ass gëschter Owend op der A6 – Ausfaart N°4 Stroossen a Richtung Zéissenger-Kräiz – zu engem schwéiere Verkéiersaccident komm. Wéinst engem weideren Accident op der Héicht Bartreng ass de Verkéier aus Richtung Belsch nëmmen nach lues virukomm.
Hei ass et dann zur Katastroph komm: laut dem aktuelle Wëssensstand, ass ee Camion op d‘Enn vum Stau opgefuer an huet zwee weider Camionen an zwee Autoen anenaner gedréckt. Fir d‘Chauffere vun den Autoe koum all Hëllef ze spéit, si sinn op der Plaz verstuerwen.
Op der Plaz war d‘Autobunnspolice, d‘Ekippe vum CGDIS esou wéi de Parquet vu Lëtzebuerg an d‘Leit vum Miess- an Erkennungsdéngscht vum SPJ. D‘Autobunn ass fir d‘Dauer vun den Ermëttlunge gespaart ginn. Dat war dann och haut an de fréie Moiesstonnen de Fall.
Fotoen: © Police Lëtzebuerg