Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg
geek dating websites

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg

Déi vun der CGFP sinn, wann et drop ukënnt, scho

bumble new dating app
geek dating websites

CLAE: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“

De CLAE, dee fir eng „Erliichterung“ bei de linguistesche Kritäre

Frankräich: e roude Schal géint d‘Gewalt?
geek dating websites

Frankräich: e roude Schal géint d‘Gewalt?

Laut deene, vum franséischen Inneministère virgeluechten Zuelen, hat de Mouvement

Um Kierchbierg sinn Tram an e Bus net laanschtenee komm

Um Kierchbierg sinn Tram an e Bus net laanschtenee komm

De Mueren ass et um Kierchbierg am der Alphonse Weiker Strooss zue engem Accident tëscht dem Tram an engem Bus komm. Dëst Accident, bei deem laut éischten Informatioune fënnef Persoune blesséiert gi sinn, huet sech um 9.20 Auer op der Héicht vum groussen Akafszentrum zougedroen.

Déi regional Direktesch vun der Police, Myriam Meyer, huet erkläert, datt den Ament géif nach no der Ursaach vum Accident gesicht ginn. De schock tëscht Tram a Bus muss awer heftegst gewiescht sinn. Deen ass duerch de Schlag op den Trottoir gedréckt ginn, wou hie e Verkéiersschëld an e Bam a mat ewechgerappt huet. Den Tram ass leedeglech aus de Schinne gesprongen.

Op der Plaz waren nieft de Stater Pompjeeën och d‘Police. Am Asaz: dräi Ambulanzen, de SAMU, dräi Gefierer vun de Pompjeeën a 25 Mann. Zu de blesséierte Persoune gehéieren d‘Chauffeure vun den inkriminéierte Gefierer. Wéi et heescht wier de Bus bis op eng Persoun (plus de Chauffer) eidel gewiescht. Am Tram wieren eng 30 bis 40 Passagéier gewiescht.

Den Ament sinn se um Kierchbierg domadder Beschäftegt de Bus ofzeschleefen an et huet missen e Kran bestallt ginn, fir den Tram uschléissend nees op d‘Schinnen ze setzen. Et ass ee gutt beroden dëse Beräich ze meiden, well de Perimeter vum Accident entspriechend dem Opwand muss erweidert ginn. D‘Opraumaarbechten dierften sech bis an de spéiden Nomëtteg zéien.

Foto: © lieser@moien.lu

Ähnlech Sujeten Accident, Bus, Kierchbierg, LuxTram, Police, SAMU
Nächsten Artikel Virrechten Artikel