UN-Weltklimabericht: Och du bass Schold!
Et gëtt erwisenermoossen einfach ze vill Krise gläichzäiteg, woubäi se
Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch e Beruffsoffizéier aus der
Déi amerikanesch Virgin Islands an eng ganz Rei weider Territoiren
E Méindeg huet d‘Administratioun vun der Douane an den Accisen e neie Punkt zum Impakt vun der rezenter Hausse vun den Accisen op den Diesel an de Bensin gemaach. D‘Accisen um Diesel ware bekanntlech ëm 2 Cent, an beim Bensin ëm 1 Cent gehéicht ginn.
Géintiwwer den Deputéierte vun der Finanzkommissioun hunn d‘Experten ugekënnegt, datt een dovunner sollt ausgoen, datt ronn 100.000 Liter Diesel manner verkaf ginn. Dat bedeit finanziell: 35,5 Milliounen Euro manner Einnamen. Dat ass nawell zimlech vill Geld, dat elo vun anzwousch anescht muss hiergeholl ginn.
D‘Einname beim Bensin sinn vun der, den 1 Mee agefouerter Hausse net betraff, am Géigendeel. Hei zeechent sech eng positiv Tendenz of. Tëscht Januar a September hätt et eng Augmentatioun vun 5,7% ginn. Ob dat schonn der energetescher Transitioun geschëlt ass, kann een unhand dësen Zuelen elo awer net confirméieren.
Wat elo déi previsionnel Einname bei den Accisen op d‘Pëtrolsproduite betrëfft, esou gëtt fir 2019 mat 1,6 Milliarden Euro gerechent. Beim Tubak sollen et 775 Milliounen Euro un Accise sinn, déi der Staatskeess zougefouert ginn. Beim Alkohol sinn et nach 57 Milliounen Euro déi de Staat iwwer d‘Accisen erakritt.
Foto: David Roumanet / Pixabay