Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neie Stroossebelag fir d’Sortie N°7 am Rondpoint Irgäertchen
International Neiegkeeten

Neie Stroossebelag fir d’Sortie N°7 am Rondpoint Irgäertchen

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt ab e Freideg een neie Stroossebelag am

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln

All Kölner ass ewéi bänzeg op déi fënneft Joreszäit. Och

Kanns du méi wéi 12 Froen an eisem Lëtzebuergesch-Quiz richteg beäntweren?
International Neiegkeeten

Kanns du méi wéi 12 Froen an eisem Lëtzebuergesch-Quiz richteg beäntweren?

Si mer eis éierlech: di meescht ënnert eis hunn ni

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an de Rot eng Eenegung beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn fonnt. Den Text gesäit méi streng Wäerter fir d’Parameter a méiglech Kontaminatioune vir, wärend gläichzäiteg den Zougang vu schutzbedierftegen Leit an der Ëffentlechkeet zu propperem Krunnewaasser verbessert gëtt. De Christophe Hansen (EVP-LU) begréisst den Accord als ee wichtege Beitrag zur Stäerkung vum Vertraue vu Bierger an eist Drénkwaasser.

„Waasser ass eist Liewenselexéier. 20 Joer nom Akraafttriede vun der éischter Drénkwaasserrichtlinn war et héich Zäit ginn, d’Grenzwäerter fir bestëmmt Schuedstoffer ze aktualiséieren an ze verschäerfen. Fir dat Europäescht Parlament ass et vu gréisster Bedeitung, datt déi nei Richtlinn eist Drénkwaasser nach méi sécher mécht an „nei“ Schuedstoffer och berécksiichtegt. Ech begréissen et dofir, datt mir nei Reegele fir Mikroplastik an endokrin Disruptoren (Hormonwirkstoffer), wéi Bisphenol A, opgeholl hunn“, sou den Ëmweltwëssenschaftler Christophe Hansen.

Des weideren erkläert hien, datt ee mam Text och ee wichtege Schrëtt gemaach huet, fir op déi éischt erfollegräich Biergerinitiativ (Right2Wave) iwwert den Zougang zu Waasser ze reagéieren. Ganzer 6 bis 8 Millioune Mënschen an der EU hu kee sécheren Zougang zum Waasser oder zu sanitären Ariichtungen, wat inakzeptabel ass.

Aus dësem Grond hätt ee sech agesat, d’Memberstaaten ze verflichte fir op d’Bedierfnisser vu schutzbedierftege Mënschen, wéi Romaen oder Strummerten, anzegoen. Dofir misst een déi noutwenneg Aussen-Infrastruktur garantéieren a fir hiren Ënnerhalt suergen. „Mir encouragéieren d’Memberstaaten och, Moossnamen zur Verbesserung vum Zougang zu Waasser ze ergräifen, andeem si Nofëllstatiounen ariichten an den Zougang zu gratis Waasser an ëffentleche Gebaier verbesseren“, erkläert de Rapporteur vum Christophe Hansen.

D’Bierger fuerdere méi Transparenz. De Verbraucher sollt och op digitalem Wee méi Informatiounen zur Verfügung gestallt kréien. An Zukunft mussen d’Waasserversuerger dofir Informatiounen iwwert d’Waasserqualitéit an aner wichteg Aspekter, wéi z.B. d’Präisstruktur, online presentéieren. Dozou gehéieren och Daten iwwer Waasserlecks, déi a verschiddene Memberstaaten bis zu 70% erreechen.

Iwwerschreiden d’Memberstaate verschidde Wäerter, esou mussen si dës an Zukunft mat engem Aktiounsplang behiewen. An Zäiten, an deenen d’Folge vum Klimawandel, wéi z.B. Dréchenten, op dem ganze Kontinent optrieden, ass Waasserverschwendung einfach net méi ze akzeptéieren a muss op een absolute Minimum reduzéiert ginn.

Den Hannergrond

Der Europäescher Kommissioun no kéint ee geréngerte Verbrauch vun ofgefëlltem Waasser den EU-Menagen hëllefen, all Joer méi wéi 600 Milliounen Euro anzespueren. Och wat d’Ëmwelt- a Klimabilanz ugeet, ass Krunnewaasser vill besser wéi dat aus de Fläschen, woubäi d’Ëmwelt am Schnëtt 1000 Mol méi belaascht gëtt, wéi bei engem Liter Krunnewaasser.

Wa sech d’Vertrauen an d’Krunnewaasser verbessert, kéinten d’Bierger dozou bäidroen, datt Konschtstoffoffäll aus ofgefëlltem Waasser ze reduzéieren.

Ähnlech Sujeten Accord, Christophe Hansen, Drénkwaasser, Ëmwelt, endokrin Disruptoren, Europaparlament, Europarot, Klimabilanz, Krunnewaasser, Natur, Nofëllstatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel