Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
what is the christian view on dating

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

paulina gretzky dating
what is the christian view on dating

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi
what is the christian view on dating

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi

Nodeems e Sonndeg d‘EU-Wahlen zumindest fir d‘Bierger op en Enn

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur

Et geschéien nach Zeeche a Wonner: no 18 Méint Verhandlunge gesäit et ganz duerno aus, wéi wann sech d‘Gewerkschaften an d‘Patronat vum Bankesecteur op Grondsätzleches verstännegt hätten. Mee wéi geet et elo weider?

Nom affichéierten Dissens tëscht der ALEBA an dem OGBL-SBA, gesäit et elo esou aus, wéi wann sech déi dräi Gewerkschaften ALEBA, LCGB SESF an OGBL-SBA mat der Vereenegung vun de Banke a Banquieren ABBL op Grondsätzleches, am Kontext vum neie Kollektivvertrag, eens gi wieren. Där neier Konventioun fir 2018-2020 stéing dann och näischt méi am Wee.

Et hat sech dann och, nodeems säitens der ABBL gebremst ginn ass, an de leschte Méint eppes gedoen. Et huet bal all Woch Gespréicher an Entrevue ginn. Leschten Donneschdeg war et dann esouwäit an d‘Sozialpartner konnten sech zu engem prinzipiellen Accord duerchréngen. Et wier dann och e gudde Kompromëss fonnt ginn, esou de Gabriel Di Letizia, President vum LCGB SESF.

Eng Siicht déi vum ALEBA Generalsekretär, Laurent Mertz gedeelt gëtt: „Wann den Accord kee gudde gewiescht wier, hätt mir dësen net ënnerschriwwen, also ass et en ‚Accord de Principe‘ dee ganz positiv ass. Mir wäerten nach am Detail dorobber zréckkommen, wann dësen den Delegéierten an de Salariéë virgeluecht ginn ass, an de finaliséierten Text fir de Kollektivvertrag virläit“.

Grondsätzlech e gudden Accord

Och säitens dem OGBL-SBA gëtt ee sech zouversiichtlech: „En Accord berout ëmmer op de Kompromësser vun där enger an anerer Säit. Global ass den Accord positiv, soss hätte mir dësen net ënnerschriwwen“, betount d‘Véronique Eischen, Member vum OGBL-Exekutivbüro. An engem Gemeinsame Pressecommuniqué hunn d‘Gewerkschaften an d‘Patronat den Accord erläutert.

Esou dréit den Accord der Aféierung vum neie Klassifikatioun- a Remuneratiounssystem Rechnung, wourënner och d‘Ausbezuele vun der sougenannter Juni-Prime – déi 2018 ëm 10% gehéicht gëtt – fält. Et wier ee sech och eens ginn, bei de Verbesserunge vun den Aarbechtszäiten a beim bestoenden Accord zur berufflecher Weiderbildung.

D‘Juni-Prime soll ab 2019 duerch eng Fidelitéitsprime ersat ginn. Déi baséiert dann um Gehalt vum Salarié, wat vun de Gewerkschaften als méi „gerecht“ bezeechent gëtt. Och den neie System vun der Klassifikatioun an de Gehälter wier der „neier Realitéit“ vum Salariat ugepasst ginn. Elo muss een nach d‘Employéeë vum „bienfondé“vun dësem Accord iwwerzeegen.

D‘Salariat kritt dann elo d‘Informatioune matgedeelt an muss sech domatter averstanen erklären (oder och net) fir dat et zum endgültegen Text vum Kollektivvertrag komme kann. De Laurent Mertz stellt awer kloer, datt ee sech heifir déi noutwenneg Zäit wäert huelen, an näischt wëll iwwerstierzen. Déi éischt Effekter vum Kollektivvertrag dierften sech 2019 bemierkbar maachen.

Ähnlech Sujeten ABBL, ALEBA, Bankesecteur, Kollektivvertrag, OGBL-SBA. LCGB-SESF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel